CSJ Schüler a Studenten

Rapport vun den Schüler a Studenten

24. September 2004

Kongress vun de CSJ Schüler a Studenten zesumme mat der CSJ Süden. De Pit Bouché ass als neien President gewielt ginn. Invité war de Marc Spautz, deen eis ee Referat iwwert d’Châmber gehalen huet.

9.-10. November 2004

Wéi schon zanter enger Réi Joeren ware mir och dëst Joër nees mat engem Stand op der Foire de l’Étudiant vertrueden. Am Virfeld hunn eng Réi Saachen missten organiséiert ginn, wou mir aktiv vum Natalie Silva aus dem CSV-Generalsekretariat ënnerstëtzt gi sinn. Den immens fuerwegen Stand (Orange, dekoréiert mat Loftballonen) war trotz der relativ schlechter Plaz vum Stand (hannen am Eck vun der Hal) immens gutt besicht.

Ausgedeelt gi sinn Xorro-Poppen, Gummibärecher, Loftballonen, Äiskraatzere, Bicker, CSV – Tuten, Informatiouns-Flyerën an Transfair-Orangejus.

Ausserdem ass ee Froëspill organiséiert ginn, bei deem insgesamt 772 Blieder ausgefëllt gi sinn. 220 Persounen sinn un Informatiounen vun der CSJ interesséiert, 27 Persounen wëlle gär Member ginn. D’Gewënner sinn zu dësem Zäitpunkt aus zäitleche Grënn leider nach nët ausgeloust.

Michel Weimerskirch, CSV-Schüler a Studenten Sekretär