Interventioun vum Luss Clement zur Interpellatioun vun der Regierung iwert d’Agrarpolitik hei zu Lëtzebuerg
Interventioun vum Luss Clement zur Interpellatioun vun der Regirung iwert d’Agrarpolitik hei zu Letzeborg.
Här President, dir Dammen an dir Hären,
Mir hun et haut hei mat enger Interpellatioun vun der Regirung iwert verschidden Aspecter vun der Agarpolitik ze dinn. Ufangs 2004 haat den Här Georges Wohlfart schons dis Idii gehaat, mee him sein Demande fir eng Interpellatioun zu disem Sujet gouf an eng Question avec Débat emgewandelt, déi dann och de 5ten Mai 2004 hei bannen discutéiert gouf.
Den Interpellant de Här Kox vun där grenger Fractioun, gett als Discussioussujet’en 3 Haaptthemenbereicher un.
1) D’Répercussiounen an de Contrôle vun der réforme agraire communautaire
2) D’Sécurité alimentaire
3) De Bien-être des animaux
Här President,
D’Entkopplung vun den directen Beihellefen, déi zu baal 100% Produktiounsbeihellefen woare, as e Schrett deen een bei der mise en œuvre vun der Agenda 2000 nach net virausgesi konnt. Et woar dun bei där sougenannter mi-terme review 2003, wou den Här Fischler d’Katz aus dem Saack geloos huet. Et koum 2003, nodeems hien och majoritaire déi europäesch Agrarministeren, vun seinen Idiien iwerzeecht haat, net zur Zéihung vun enger Zweschebilanz, nee et koum ganz séier a ganz schnell zu enger komplett neier Orientéierung vun der europäescher Agrarpolitik, waat déi direkt Beihellefen betrefft. Et as u sech eng Reform vun der europäescher Marktordnung, an net vum Agrargesetz. Ouni elo wëllen an den Détail ze goen , wéi oder no wellechen Modeller, déi eenzel Memberstaaten, dis Entkopplung vun den direkte Beihëllefen, wëlle réaliséieren, bleiwt awer festzehaalen, datt et an all Memberstaat zu komplett neien Orientéierungen komme wärt. Och wann am Ufank, net jidfereen, sech séier mam Här Fischler seinen Gedankegäng konnt ufrënden, sou muss een awer agestoen,- wann een éierlech mat sech selwer as, a wann een daat waat geschéit net zevill duerch de Brell vu sengem eegenen Betrib geseit,- datt ennert dem Strich bei diser Reform, daat Positivt daat Négativt iwerweit.
Wichteg fir d’letzborger Landwirtschaft as, datt déi Gelder, déi bis elo iwert direkt Productiounsbeihëllefen, der aktiver Landwirtschaft ze goud koumen, an ech betounen hei Här President, der aktiver Landwirtschaft, datt déi Gelder hir och erhale bleiwen.
Virwaat dréie mir elo schons op halwem Parcours deem aale Beihëllefesystem de Reck. Et gett verständlech Grënn an och verständlech Erklärungen dofir an dozou.
Mir hun an Europa, mee och hei zu Letzeborg, siew et am Fleeschsecteur oder an aaneren Secteuren, wou et zu Produktiounsbeihëllefe koum, et ganz dax och mat Iwerproduktioun ze din. Et as an deem Kontext, wann een éierlech mat sech sewer as, een Onsenn sonnergleichen, fir verschidde Produkter esou stark ze subventionnéieren, an iwert de Wee vun der Subventioun, dann d’Iwerproduktioun och nach ze förderen.
Well eent as kloar, wann d’Politik ewéi bis elo där Meenung woar, duerch Direkthellefen Produktioun ze förderen, dann as d’Iwerproduktioun, eng logesch Konsequenz dovunner. Den Här Friedrich-Wilhelm Graefe zu Baringdorf soot wou hien hei bei iis am Hearing iwert Sécurité alimentaire woar, folgendes.
Ueberschüsse hat es überall da gegeben, wo diese staatliche Intervention griff, weil sie wie ein Staubsauger gewirkt hat. Die Betriebe haben nicht mehr für den Absatz sorgen müssen und in diese staatlichen Interventionen produziert, und die Preise waren so angesetzt, dass die rationalisierte Produktion gerade ihre Kosten deckt.Das ist ungefähr so, als wenn sie VW für den Golf eine Abnahmegarantie geben, legen 20.000 Mark drauf auf jeden und tun ihn auf den Weltmarkt. Die hören nie auf, Golf zu produzieren ! Wir haben Golfberge mit Sicherheit.
An der Nokreichszeit huet ee Stoot em déi 50% vu seim Akommes fir Liewensmettelen ausginn. Net jidfereen, hei zu Letzeborg, an och net soss wou konnt sech zu diser Zeit um Desch alles leeschten, zu deem hir Loscht haat. D’Politik huet dunn réagéiert, an huet verséicht iwert de Wee vu Subventioune un d’Agrarwirtschaft, d’Liewensmettele méi bëlleg ze machen. Daat woar zu deem Zeitpunkt secher net falsch an d’Operatioun woar bis zu den 90eger Joaren ee Riesesuccès. De Bifdeck blouw fir de Konsument belleg, während all déi aaner Saachen deem normalen Zyklus vun der Deiregt ennerléen woaren. Du schons, Ufangs de 90eger Joaren, gouf den Zeitpunkt verpasst der Landwirtschaft een neit Konzept ze verschreiwen.
D’Landwirtschaft huet ausgangs 80 an Ufangs 90 duerch nei, méi performant Produktiounsmethoden an emmer méi op Produktioun ausgerichten Beihellefen, emmer méi produzéiert, waat dun zum Resultat haat, datt déi bis dohinner nach annehmbar Preisser, och nach emmer méi déif gefall sinn.
De Succès vun diser Politik as an deem Sënn esou grouss, datt haut an der europäescher Unioun, de Botter méi bëlleg as ewéi Schouwicks, d’Mellech bëlleger ewéi Vittel, datt eng Tonn Weess, déi de Bauer verkeeft manner wert as, ewéi et kascht fir eng Tonn Müll fortzeféieren, an ze entsorgen.
Deem neien Modell soll een dofir net all ze pessimistesch entgéint kucken. Et ass schons baal eng radikal Emännerung, et wärt eng nei Ausrichtung gin. De Bauer kann an Zukunft mat dem neie Primemodell méi marktgerecht produzéiere, an doduerch och méi langfristeg plangen. Hie kann ouni sech missen un de Primen ze orientéieren, daat produzéiren waat hien fir richteg hällt, a wou hie mengt waat am beschten op sei Betrib passe géif. Och wann wéi schons ufangs gesoot, net jidfereen mat deem zereckbehaalene Modell wärt zefridde sin, sou as et en fin de compte dach wichteg, datt an hirer Gesamtheet der Landwirtschaft keng Gelder verluer gin.
Mee ee Volet vun diser kompletter Emorientéierung vun de Primen léisst awer nach Frôen op. Et as virgesin datt bei zukünftegen Verkäf oder Verpachtungen, Prime à l’hectare op den Terraien bleiwen kann. Verpacht ka nemmen den Terrain mat der Prime gin, beim Verkaaf dogéint as et méiglech den Terrain oder Prime eenzel ze veräusseren. Bleiwt daat bei dise Virschléi wärten hei allerdengs der aktiver Landwirtschaft, zu Gonschten vun deenen déi ophalen, massiv Gelder verluer goen. Mir wärten hei ee System kréien, deen ähnlech wärt sin ewéi deen dee mer vun de Mellechquoten hir kennen. Duerch de Verkaaf oder d’Verpachtung vu Mellechquoten huet en fin de compte dee sougenannte Sofamelker netto méi Geld verdengt ewéi deen, deen Mellech réel gestrach huet.
Ech mengen Här Minister, et soll ee verséichen dise Volet vun der Neiorientéierung nach eng Kéier opzemachen, a mat de Responsablen nei discutéieren a no neie Solutioune séichen.
As hei keng Solution méiglech, weil d’europäesch Kommissioun stur un hirem Virstellungen festhält, a net mat op dise Wee well goen, da wëll ech einfach emol vun diser Platz aus, en Appell un all Bauer machen, un deen deen Terrain pachten oder käfe geet, an un déi déi verpachten oder verkäfen, fir korrekt mat dise Preisser waat de Volet Primen ugeet, emzegoen.
Et brengt deene aktive Bauere neischt, wa Gelder déi hinnen vu rechtswegen zoustin, herno zu engem groussen Deel an de Pensioune verschwannen.
Mir brauchen Här President, hei zu Letzeborg performant Agarbetriber. D’Frô stellt sech dofir net wievill Betriber halen Joar fir Joar op, mee d’Frô, déi ee sech stelle muss as déi, op déi Betriber déi bleiwen performant genoug sin, fir ze bestoen.
Fir performant Betriber ze hun, muss an der Landwirtschaft, grad ewéi an allen Secteuren vum Handwerk a vum Commerce, d’Ausbildung a virun allem awer d’Weiderbildung, eng Prioritéit kréien. Dofir as et nëmmen ze begréissen datt d’Regirungserklärung d’Créatioun vun engem Centre de Compétence virgeseit.
Nemmen ee gebündelt Wëssen, daat un déi Aktiv aus dem Secteur weider vermettelt gi kann, brengt iis hei no fir. Allerdengs, an daat as séier wichteg, muss och d’Beredschaft vun all Eenzelnen do sin, fir sech daat Wëssen och unzeeegnen. Dee moderne Bauer as wirtschaftlech gesinn en Entrepreneur. Dofir as et wichteg datt de Bauer och aaneren Betribsleeder aus dem Artisanat gleichgestallt gett. D’Aféierung vun engem brevet de maîtrise pour le secteur agricole, wéi et an der Koalitiouserklärung steet, as nemmen ze begréissen. Eng Meeschterprüfung dréit, niewt der Wëssensvermettlung déi ee kréit, mat Secherheet och zur Imageverbesserung vun engem ganze Stand bei.
Entrepreneur sin, an de Bauer vun der Zukunft wärt Entrepreneur sin, heescht ennert anerem och innovativ sin. Eng Eegenschaft déi och an aanere Secteuren emmer méi rar gett. De Letzeborger zéit emmer et méi fir, fir am sougenannten Secteur protégé sei Geld ze verdéinen.
Dovunner oofgesin, huet d’Letzeborger Landwirtschaft an de Waibau hei zu Letzeborg, och dank deem neien Agrargesetz, ganz vill investéiert. 210 Mio € goufen an deene 4 leschte Joar vum Secteur an de Secteur investéiert. Daat Ganzt as mat ronn 95 Mio € vum Staat begleet gin. Ech mengen net, datt éis Baueren-a Wënzer esou domm sin, fir vill, esouguer ganz vill Geld, an hir Betriber ze investéiere, ouni un d’Zukunft vun hire Betriber ze gleewen. Déi bestehend oder verbleiwend Betriber wärten duerch esou héig Investitiounen, wesentlech méi performant gin, a wärten och méi rationnel schaffe kënnen.
De Biolandbau soll a muss och weider gefördert an ennerstezt gin. Falsch wier et meiner Meenung awer fir sech haut schons fest ze léen, wivill Prozent Biolandbau et solle sin. Daat soll de freie Marché, d’Angebot an d’Nofrô selwer regelen. Gett et nämlech en ze séiert Uwuessen vum Biolandbau, en Uwuessen waat de freie Moart an deem Mooss net verschaft oder verkraaft, retscht ee ganz séier och hei, an eng Iwerproduktioun. Eng Iwerproduktioun déi sech dann logescher Weis, négativ bei de Preisser vun de Bioprodukter nidderschléit.
Et gett nach Agrarnischen hei zu Letzeborg. Ech denken do speziell un d’Gefliggel a Kanengercherszucht. Och ee Schluechthaus fir Gefliggel a Kanengercher, a méi enger reduzéierter Planung misst hei Letzeborg machbar sin. D’Argument nemmen ab enger gewessener Gréisst wier esou ee Schluechthaus rentabel, loossen ech perséinlech net gëllen.
Kuckt mol déi normal Schluechtheiser hei zu Letzeborg, déi fir Ranner a Schwein, hu jo och net déi Riesekapazitéiten, wéi mer se aus dem Ausland kennen. Hei kënnt et meiner Meenung no éischter op d’Gestioun selwer, an op de Know-How un, anstatt datt Gréisst vum Gebei ausschlaggebend as.
Ech sin iwerzeecht, datt e Label ewéi mir en zum Beispill aus dem Rendfleeschsecteur kennen, zu Letzborg gebuer, geféidert a geschluecht, datt esou ee Label och an der Gefliggel-an der Kanengercherszucht Succès hätt.
Zu den Nischen-oder Nievenprodukter sin och Biogasanlagen ze zielen. Si gin iwert d’Agrargesetz bis zu 60% subventionnéiert. Den Investitiounsplafong gett pro Bauer em 6 Mio aal Frangen eropgesaat. Biogasanlagen sin emweltfrendlech, a stelle secherlech eng alternativ an zousätzlech Akommesquell fir de Bauer duer.
Fir gesond a performant Betriber ze hun muss och de Remembrement, do wou e méiglech as weidergefouert gin. Och wann et hei an do, am Virfeld vun engem Remembrement zu verschiddenen Onstemmegkeete koum, sou héiert een awer nodeems de Remembrement färdeggestallt gouf, an deene seltenste Fäll nach Reclamatioune. De Remembrement as mat Secherheet ee wichtegen Atout, fir déi kommend Generatioun vu Betriber. En erméiglecht op eng effikass Art a Weis e rationnelt Schaffen, waat mat Secherheet en Oofsenken vun de Käschte mat sech brengt. Daat selwecht gëllt selbstverständlech och fir de Weibau.
Liewensmettelsécherheet as a bleiwt eng vun de groussen Erausfuederungen net nemmen fir de Secteur, mee fir iis alleguer.
No deene villen Liewesmettelskandalen aus deene 90eger Joaren, hun d’Bauere selwer immens vill Effore gemaat, fir d’Transparenz am Fleeschsecteur ze garantéiren. Ech denken do un d’Aféieren vum Sanitelsystem. Een Erkennungssystem deen et erlaabt, all Statioune déi ee Béischt a sengem Liewen haat oder huet, fir déi nozevollzéien. Esou guer geet Tracabilitéit esou weit datt och d’Ouermark vun der Mamm mat um Pass steet. Zur Zeit wou dise System agefouert gouf, woar och net grad jidfereen aus dem Secteur dervu begeeschtert, mee haut gehéiert et zum Alldag, et gett als normal emfonn. E Luew hun hei allerdengs awer och déi Leit verdéint déi an disem Service schaffen. Datt et haut hei zu Letzeborg, bal méi Leit ouni Pass gin ewéi Béischter ouni Pass, ass ganz bestemmt och hire Mérite.
Eng Frô, well ech dem Här Minister an disem Kontext awer och stellen. Mir haten beim Débat iwert Sécurité alimentaire hei an der Chamber, eng Motioun déposéiert wou d’Regirung dran opgefuedert gouf fir Gespréicher mat der Restauratioun ze féieren, fir Tracabilitéit, an Transparenz vun den Originnen, vu verschiddenen Produkter, fir déi op de Menüskoarten opzeféieren. Ech weess , datt et Restauranten gëtt, déi daat fraiwelleg maachen, mee ech weess net op den Här Minister Succès bei sengen Gespréicher mam Secteur haat. Ech wier frou wann den Här Minister iis doriwer Opschloss gi kënnt.
Nom Hearing iwert Sécurité alimentaire 2001 stungen verschidde Fuederungen am Raum. Vill sin ewell emgesaat gin. Et as an deem Kontext eng Cellule de concertation teschend dem Landwirtschaftsministère an dem Santésministère op Bee gesaat gin. Do sinn Expert’en aus deene verschiddene Verwaltungen dran, déi sech mat Liewensmettelsecherheet ausenaner setzen. Si machen souwuel eng Gestioun ewéi eng Kommunikatioun vu Risiko. Net méi spéid ewéi d’lescht Woch krute mir de Rapport d’Activité vun 2003 zougestallt. Ouni elo wellen an den Détail vun disem Rapport ze goen, konnt een awer feststellen datt hei vill geschafft gouf.
Desweideren sin d’Effektiver vun der Veterinairesverwaltung zolid augmentéiert gin. Mir hun en neit Gesetz dofir gestemmt, et si 6 Leit zousätzlech derbei komm.
Et as ee Posten vum Coordinateur fir Liewensmettelsecherheet am Landwirtschaftsministère geschaafe gin. D’Gesetz iwert de Laboratoire de Santé zu Dideleng as gestemmt gin. Ech hoffen datt de Projet de Loi fir de Bau vum Veterinaireslaboratoire op deem nämlechte Site, esou wéi d’Chamber daat a schons 2 Motioune gefuedert huet, datt dise Projet geschwenn kënnt. Et steet iwregens och esou am Koalitiounsaccord, an ech zitéieren. La réalisation d’un laboratoire vétérinaire moderne et performant constituera un corollaire indispensable. Obschons et zwéin verschidde Laboratoire sin, dierft et awer hei zu Synergien teschend deene zwéin komme. Mir hun deemols am Rapport iwert sécurité alimentaire vun engem Labocampus geschwaat. Et dierft dann, wann dis Projet’en bis réaliséiert sin, och keen Thema méi sin, Här President, fir datt dis zwéi Labo’en, och accréditéiert gin.
Liewensmettelsecherheet gett och an de Schluechtheiser grouss geschriwen. Niewt deenen äusserst strengen hygieneschen Virschreften, waat Botzen, den Arbechtsooflaaf, Gezei vum Personnal ugeet, gett och nach emmer sämtlecht Risikomaterial entsorgt. Desweideren gett emmer nach all Stëck Véih waat méi ewéi 30 Méint aal as, op BSE getest. Och hei kascht déi vum Konsument zu Recht gefuederten Liewensmettelsecherheet, de Bauer an d’Schluechtheiser eng schéi Staang Geld. Richteg wir et jo, wann dise Surplus u Käschten op de Verbraucher iwerdroe gi kënnt. Mee de Marché steet emmer nach finanziell esou enner Drock, datt daat bis elo nach net gelongen as.
Ech woen ze behaapten, datt d’Liewensmëttel haut esou secher sin ewéi nach nie virdrun. Mir hun allerdengs en Defizit bei der Art a Weis fir et duerzestellen. Et gett kee null Risiko bei der Liewensmettelsecherheet, haut net a muer net, an och an Zukunft net. Bei alle Skandaler déi mir an de leschte Joaren kannt hun, woaren déi wéinegst um Bauerenhaff selwer entstaan. De Problem loug bei aaneren ewéi beim Bauer selwer.
Waat d’OGM’en ugeet huet letzebuerger Regirung, oder besser gesoot den Här Boden, emmer eng äusserst restrictiv Haltung gehaat, emmer nom principe de précaution. Den Här Boden wärt och an d’Zukunft des Meenung vertrieden.
Als leschte Punkt vu meiner Interventioun well ech op den Déiereschutz agoen.
De bien-être des animaux, wéi en emmer erem am Agrargesetz opgefouert gett, an och an de Lastenhefter vun deenen eenzelnen Labelen, as eng Saach. Absichtlech Déierequälerei duerch Menschenhand as eng aaner.
Fir d’éischt de bien-être. Daat bedeit, an d’Wuert seet et schons, wéi en Déier gehaale gett. Wéi gett et gepflegt, wéi gett et geféidert, wéivill Plaatz steet him zur Verfügung fir sech ze bewegen, wéi sin déi hygienesch Begleitemstänn, wéi as mat der Propretéit a sengem Stall, wéi as sein medezinesch Betreiung am Fall vu Krankheet. Mir hun a leschter Zeit emmer erem, a méi oder manner regelméissegen Ofstänn misse feststellen, datt et Bauerebetriber gett, wou d’Véih, fir et dann emol galant auszedrecken, net no den elementarste Regelen gehaale gett. Schrecklech Biller sin dann duerch Tagespress gegeeschtert, an hun domat e ganze Beroufsstand op d’Uklobänk gesaat. Vill Bauerefraen a vill Baueremänner, déi hirt Véih gären hun, hu mat dise Biller gelidden. Et as mat Secherheet nemmen ee klenge Prozentsaatz, wann et iwerhaapt ee Prozent as, vun alle Bauere, déi hirt Véih net ordnungsgemäss haalen. Diser klenger Minderheet, diser Handvoll Bauere, déi all deenen aaneren ,all deenen déi hirt Véih ordnungsgemäss haalen, vill, ganz vill Schued zoufügen, diser Handvoll muss ohne wenn und aber, d’Handwerk geluecht gin.
Et as um zoustännege Veterinaire, de Veterinaire den den Haff kennt, deen och iwert Reglement gehaalen as, fir zweemol am Joar ee Rapport un d’Vetérinairesverwaltung ze schecken, et as un him fir op éischt Onregelméissegkeeten hinzeweisen. Kënnt de Bauer awer diser präventiver Opfuederung net no, muss als logesch Konsequenz, Veterinairesinspectioun ageschallt gin.
Ech si net där Meenung, an daat als Beispill, datt eng Kouh déi mol nemmen op engem Ouer gemarkt as anstatt op zwee, oder an der Wiss ronderem en Trach steet a sech do Bulli ugesammelt huet, datt daat Verstéiss géint de bien-être des animaux sin. Et muss ee wessen, e Kouhstall as nun emol eess keng Salle à manger an och keng bescht Stuff, daat un d’Adresse vun all deenen, déi net all Dag mat der Praxis um Bauerenhaff ze din hun.
Kadaveren um Bauernhaff, aus wellecher Ursaach och emmer, Honn déi D’Ketten agewues hun, oder Béischten déi d’Ketten agewues hun, Béischter déi hallef erhengert oder erdiischtert sin, Béischter déi net gemëscht gin a baal an hirem eegenen Dreck erstecken, daat sin Tatsachen déi bestrooft gehéieren.
Ech haat viru kurzem eng Question Parlementaire un den Här Boden gestallt iwert de Ramassage vu Kadaveren während de Summerméint. Ech krut als Aentwert, datt de Ramassage an der Regel misst bannent 24 Stonnen misst geschéien. En Délais dee mer och raisonnabel erscheint, wann en vun der Firma Rendac och agehaale gett, a wann kee Sonndeg a kee Feierdag der teschend leit. Am Wanter as daat manner schlemm, mee am Summer bei héigen Temperaturen, geseit eng doudeg Kouh oder Schwein no 48 Stonnen net grad esthetesch aus. Dofir nach eng Kéier mein Demande, fir bei diser Firma nozehaaken, datt op manst während de Summerméint och Samschdes, Kadaveren ginge vum Haff ofgeholl gin. Wann Rendac an deem Kontext villeicht eng Kéier ging kontroléiert gin, wier daat och secher net vu Moutwell.
Am Kontext vun der produktiver Landwirtschaft nach e Wuert zu de Legebatterien fir Héiner. Lëtzebuerg huet hei eng Viirreiderroll ageholl, andeems et als eenzege Memberstaat vun der EU dës Batterien ab 2007 ganz verbitt. An dene meeschten anere Länner gëllt nach eng Iwergangsfrist bis 2012. Och op dis Manéier huet d’Regirung däitlech gemaach, an daat ënnert dem Impuls vum Landwirtschaftsminister Fernand Boden, datt se Eescht mécht mam Ofschafe vun onwürdegen Praktiken, déi kengem liewege Wiesen, kengem Déier, kënnen an dierfen zougemutt ginn.
Ech kéim dann zum Déierentransport. Den Déierentransport ass e sensibelt Thema, well grad am Ubléck vun total iwerfëllte Camionën mat Schwäin oder Gefligel däitlech get, wéi onwierdeg mer am Fong Déiere behandelen. Mee daat ass en europäeschen, en internationale Problem, net esou séier e lëtzebuergeschen. Mir hun hei am Land streng Regelen, déi sech op den Déierentransport applizéieren. Mee mir hu virun allem och keen Transportproblem, well mir hei zu Letzeborg u sech nemme kleng Distanzen ze fueren hun. Och an Europa hu sech am Verlaaf vun der Zäit d’Regele verschäerft, déi op den Déierentransport zoutreffen.
De letzebuerger Agrarminister Fernand Boden huet sech an der Unioun ëmmer derfir agesaat – an daat och heiheem esou praktizéiert – datt Déieren esou no wéi méiglech bei däer Plaz solle geschluecht ginn, wou se hierkommen, an datt domat d’Zeit vum Transport vu Schluechtvéih op e néidege Minimum géif reduzéiert ginn. Daat ass eis bis haut nach net ganz gelongen, mee d’Europäesch Unioun ass, a speziell ënner eisem Drock, op deem richtege Wee. Mir hunn och ëmmer d’Iwerzegung gehaat, datt d’Fuerzäite beim Déierentransport aacht Stonnen net dierften iwerschreiden – an Europa gëllt am Moment en aaneren Maximum , deen à la rigueur och ze acceptéiere wier, wann contre-partie dovunner, d’Garantie vum “bien-être des animaux” während dem Transport wier.
Wa schons laang Fuerzeiten net ze vermiden oder net ze reduzéieren sin, musse Virschreften ewéi ee Camion éqipéiert as , op d’Béischten ze saufen kréien, op se Plaatz hun fir sech ze léen, mussen dis Virschreften an de Contrôle vun deene selwechten, Konterpartie dovunner sin.
De Projet de loi 5324 de mir demnext heibannen discutéiere wärten, dréit disen Suggestiounen zu engem groussen Deel Rechnung. Et geet an disem Gesetz em d’Emsetzen vun enger europäescher Conventioun iwert protection des animaux en transport international.
Op däer ganz kuerzer Transitstreck duerch Lëtzebuerg maache mir ganz streng Kontrolle vun Déierentransporter. Daat huet derzou gefouert, datt an dene leschte Joaren déi kontrolléiert Camio’en méi a méi och d’Regelen anhalen – waat ouni d’Kontrolle wuel kaum an deem Mooss de Fall gewiescht wir. Kontrolle sinn eben eess noutwenneg an enger Branche, déi dacks, och wéinst dem finanziellen Drock, deen op deem ganzen Fleeschsecteur leit, mat ganz hoarde Bandage schafft. Mee daat, Här President, waat mer hei am Land kënne maachen, gett och gemaach, fir datt den Déierentransport, souwäit en iwert Lëtzebuerg geet, op eng propper an anstänneg Manéier iwert d’Bühn geet.
Mir als CSV sin där Meenung den Déiereschutz an d’Verfassung anzeschreiwe, an daat wärt och geschéien. Den legislativen Text, leit meinen Informatiounen no beim Conseil d’Etat. Mir erhéigen domatter mat Secherheet de Stellewert vum Déier an éiser Gesellschaft.
Mee domatter Här President as awer nach kengem Déier gehollef, et ka jo keen Déier selwer sei Recht akloen. Dofir si mir Menschen do.
Tierquälerei as nun eemol eess keen Kavaléiersdélikt, a gehéiert och dementsprechend bestrooft. CSV-Fractioun as där Meenung, datt en effikassen Déiereschutz an éischter Linn eng Affär vun deem Sériö as, deen all eenzelnen him och zougesteet.
Leit, déi mengen, si missten hir Roserei an hir Schlechtegkeet un engem Déier ausloossen, well daat sech jo – ausser et wir villeicht en Tiger oder e Léiw, – net ka wieren, déi musse wëssen, datt se an Zukunft richteg bestrooft ginn.
Déierquälerei, daat moutwëllegt Doudmaache vun Déieren, d’Mësshandele vun Déieren, daat sinn eeschthaft Delikter, déi och mussen och esou behandelt ginn. Wee sech un engem Déier vergeet, vergeet sech un engem liewege Wiesen mat Geféiler, engem Wiesen waat Angscht huet a waat sei Wéi genau esou spiirt ewéi e Mensch. Daat ass net, ewéi wann een eng Kéier an der Roserei mat engem Telefonsbuch geheit. A wann ee mengt, et misst een an der Roserei mat Telefonsbicher oder soss welche Gegestänn no Déiere geheien, da gehéiert daat bestrooft.
Als Conclusioun bleiwt festzehalen.
Déiereschutz ass néideg, richteg a goud, mee et därf een en net falsch verstoen, a virun allem net falsch interprétéieren.
Et get Aktivitéiten – ech haat esou eng a mengem Beruff als Metzler – do kann ee net just mam Déier zesummen daat maachen, waat d’Déier grad wëllt. Domat mengen ech elo net emol d’Schluechten – daat ass einfach noutwenneg an enger Gesellschaft, an däer et akzeptéiert ass, a vun dene meeschte Leit gewënscht ass, datt Fleesch giess get. Nee, ech mengen zum Beispill, datt een enger Kou oder engem Schwein net kann esou laang fléiwen, bis déi vum selwen an en Unhänger klammen. Et gett nun emol ees Momenter, wou een dann nohëllefen muss. Nohëllefen, awer esou, wéi e Berouf oder eng Situatioun et verlaangt, net iwert d’Mooss vun deem Noutwendegen eraus.
Dës Approche hu mer och am neie Landwirtschaftsgesetz verankert, andeems mer d’Konditionalitéit vu verschiddene Primen agefouert hunn. Ënnert de Konditiounen, déi fir d’Bezéie vu bestëmmte Bäihëllefe mussen erfëllt ginn, ass och den Déiereschutz an den adäquaten Ëmgank mat den Notzdéieren. Esou gett den Déiereschutz och iwert dise Wee gefördert.
Ech kéim dann zum Schluss vu meiner Interventioun a wellt als Conclusioun dann daat heiten festhalen:
1) Entkopplung vun de Produktiounsbeihellefen as e Wee an déi richteg Richtung
2) Bedenken hu mir awer bei der Prime à l’hectare am Fall vu Verpachtung oder Vente vun Terrai’en, hei gin spéider zevill Gelder aus der aktiver Landwirtschaft erausgeholl.
3) Bien-être des animaux an den Emweltschutz sin un d’Beihëllefen gekoppelt an zéien sech ewéi ee roude Fuedem durch d’ Bestemmungen an d’Reglementer vum Agrargesetz.
4) Den Déiereschutz gett an d’Verfassung ageschriwen, d’Gesetz an d’Reglementer regelen Modalitéiten.
5) Absichtlecht quälen vun Déieren as kee Kavaléiersdélikt, a gehéiert demententsprend je no Gravitéit och bestrooft. Dofir muss och Déiereschutzgesetz op verschiddenen Punkten iwerschafft gin.
6) Mir mussen och weiderhin der Sécurité alimentaire all Opmerksamkeet zoukomme loossen, ennert aanerem mam Bau vun deenen zwéi Labo’en, a mat Kontrollen do wou Kontrollen néideg an noutwendeg sin.
7) Et gellt alles ze machen, fir d’Vertrauen vum Konsument dauerhaft erem ze gewannen, duerch Transparenz an duerch Promotioun bei éisen landwirtschaftlechen Produkter a fir éis landwirtschaftlech Produkter.
Daat gesoot Här President, denken ech wier mein Beitrag am Numm vun der CSV-Fractioun eriwer, an ech soe Merci fir d’Nolauschteren.
Interventioun vum Lucien Clement vum 16. Oktober 2004