CSV-Nei Impulser fir d’Fuerschung zu Lëtzebuerg

Maurice Bauer, Generalsekretär adjoint vun der CSV an der Emissioun Fräi Tribun op RTL Radio

Gudden Mëtten,

D’Fuerschung an d’Entwécklung sinn haut extrem wichteg fir e Land, wann et wëllt een dauerhaften an sécheren Wirtschaftswuestum ofsécheren. Datt eis Regierung des Ziler och wëllt konsequent weiderverfollgen, gesait een net zulescht bei dem Budgetsprojet fir 2005, deen elo an der Chamber viirgestallt gouf, an wou d’Investitiounen an d’Fuerschung nach eemol an d’Luucht goungen. Hei gouf, ewei schons an denen vergangenen Joren, een politeschen Akzent gesaat, deen den Fuerderungen vun der CSV entsprëcht, well een et erlaabt dei richteg Weichen fir Zukunft an eisem Land ze stellen.

Wei wichteg d’Fuerschung an d’Innovatioun sinn, gesait een eleng schons un der Tatsach datt et een wichtegen Bestanddeel vun der sougenannter Lissabon-Strategie ass. Bei deser Lissabon-Strategie hunn d’Europäesch Staats-an Regierungschefen sech am März 2000 als Zil gesaat, datt Europa bis 2010 den wettbewerbsstärksten an dynameschsten Wirtschaftsraum vun der Welt soll ginn. Dest ambitiéist Zil sollt erreecht ginn éischtens duerch kloer an entschlossen Akzenter an zweetens duerch d’Schaffung vun den gëeegenten Kaderbedingungen fir esou ofzesécheren datt dest Zil erreecht ka ginn.

Haut, 4 Joer mei spéit, an kuerz iert ennert Lëtzebuerger EU-Présidence, d’Halbzait-Bilanz soll gezu ginn, muss een feststellen, datt et warscheinlech schwiereg gett fir daat erhofften Zil ze erreechen. Mee dei Initialzündung dei vun Lissabon ausgoun, muss onbedengt weidergedriwwe ginn, an dofiir kann een eigentlech d’lëtzebuerger Regierung nëmmen felicitéiren daat Sie drop gehaalen huet, fir weiderhin, an trotz engem schwieregen budgetären Emfeld, d’Investitiounen am Beräich vun der Fuerschung an der Entwécklung weider an d’Luucht ze drécken.

Eng Grupp vun Experten ëm den freieren hollänneschen Premier Wim Kok huet elo rezent d’Effortën, dei ennerholl gi sinn, fir d’Lissabon-Strategie ëmzesetzen, analyséiert an kommen zur Konclusioun, datt an den nächsten Joren nach mussen verstärkt Moossnahmen getraff ginn, fir den Retard opzehuelen.

D’Expertën bekloen sech virun allem doriwwer datt an Europa nach emmer vill ze wéineg an d’Fuerschung an d’Entwécklung investeiert gett. Während an Amerika ronn 2,8% vum PIB fir Fuerschung investeiert ginn, bréngen mir et hei an Europa nach emmer net fäerdeg fir mei ewei 2% vum PIB an d’Fuerschung z’investeieren. Do besteet akuten Nohuelbedarf wa mir wëllen eis ambitiéis Ziler erreechen-och zu Lëtzebuerg.

D’CSV begréisst dofir dei kontinueirlech Stéigerung vun den Fuerschungsinvestitiounen fir desen Retard opzehuelen. Well nëmmen esou kann hei am Land eisen Wirtschaftswuestum laangfristeg ofgeséchert ginn; nämlech duerch eng dauerhaft wirtschaftlech Diversifikatioun, woubai des Diversifikatioun eng intensiv an pousseiert Fuerschungsaktiviteit an den vitalen Beräicher vun onser Wirtschaft ewei den Finanzen, Telekommunikatioun oder der industrieller Produktioun brauch.

Fuerschung an Entwécklung sinn kapital fir d’Innovatiounsméiglechkeeten vun den Betriber zu Lëtzebuerg. Sie hëllefen d’Viiraussetzungen ze schaafen fir datt d’Betriber aus eisem Land kennen am internationalen Geschäft mathaalen an op den Marchéën mat modernen an héichwertegen Produitën präsent sinn. An den Standuertiwerléeungen vun viele Betriber an Europa spillen d’Präsenz vun Fuerschungsinstituten an Héichschoulinfrastrukturen eng zentral Roll. Dofir muss Lëtzebuerg an der Zukunft verstärkt op desem Plang dei ugefangen Aarbecht zesummen mat den Betriber weiderféieren.

Europa muss an der Zukunft fir Fuerscher un Attraktivitéit gewannen, esou den Rapport vun den Expertën. Doweinst mussen mir hei am Land onbedengt d’Entwécklung vun der Uni Lëtzebuerg weiderféieren. Dei äusserst wertvoll Aarbecht dei an den vergangenen Joren an der lëtzebuerger Héichschoul an Fuerschungspolitik ënnert dem Impuls vum Erna Hennicot-Schoepges geleescht ginn ass, wäert vum François Biltgen konsequent weidergefouert ginn. Dei weider Entwécklung vun der Uni Lëtzebuerg wäert sech op eng héichqualifizeiert Offer an verschiddenen spezifeschen Domainen limitéieren, fir esou an desen Sparten sougenannten “Pôles d’excellenceën” ze schaafen.

Fir den François Biltgen geet et an der lëtzebuerger Fuerschung net drëms fir an méiglechst villen Sparten ze fuerschen, mee fir an e puer spezifeschen Domainen vill ze fuerschen.

An desem Zesummenhang gouf et also elo vun der Regierung een wichtegen Impuls beim Budgetsprojet fir 2005. Dei ëffentlech Krediter fir Fuerschung an Entwécklung goufen weider opgestockt an fir d’Uni Lëtzebuerg goufen 36 Milliounen Euro bereetgestaalt.

Dest si fir d’CSV die richteg Zeechen am Sënn vun eiser Zukunft.

Ech soen Iech villmols Merci fir Ären Interessi.