„Rendez-vous mat der Zukunft“

De Premierminister Jean-Claude Juncker huet am Kader vun der Regierungserklärung den Aarbechtsprogramm vun der neier CSV-LSAP Regierung explizéiert. Auszéch vu senger Ried …

De Premierminister Jean-Claude Juncker huet am Kader vun der Regierungserklärung den Aarbechtsprogramm vun der neier CSV-LSAP Regierung explizéiert. Auszéch vu senger Ried …

“D’Zukunft vum Land”

“D’Thema vun der Politik ass d’Zukunft vum Land. An dat Thema setzt sech aus villem zesummen. Dat Villt dat d’Thematik vum Land ausmécht, dat hu mer probéiert am Koalitiounsprogramm zesummenzedroen (…) An deem steet villes mee net alles. An him steet alles wat mer maache wëllen. An him steet net alles wat mer maache mussen, je nodeem wéi d’Welt sech entwéckelt. Well niewent Lëtzebuerg gëtt et nach eng ganz Welt déi no hire Gesetzer wiisst, … .

Modernisatioun, Innovatioun, Transformatioun an Integratioun

Dee Wee dee musse mer zesumme sichen an zesumme fannen. Dee Wee deen huet ee Weeschëld. An op deem Weeschëld steet eppes dat sech reimt: Modernisatioun, Innovatioun, Transformatioun an Integratioun.

(…)

De Wee zur Modernisatioun, Integratioun, Transformatioun an Innovatioun ass d’Moderatioun.

D’Moderatioun ass d’Methode, d’Landkaart, d’Art a Weis, de Kompass. …»

D’Wuestumspotential vun der Ekonomie stärken

Mir wëllen alles maache fir datt eis Ekonomie nohalteg a ressourceschounend ka wuessen. Mir wëllen hire Wuestumspotential stäerken an zwar iwwerall do wou Wirtschaft stattfënnt: an der Industrie, am Handwierk, am Handel, am Tourismus, an der Landwirtschaft an am Wäibau, am Commerce électronique, am Internet-Handel, an den Ëmwelttechnologien, an den alternativen Energien. D’Diversifikatioun muss méi divers ginn ouni datt se matscheg an diffus gëtt.

D’Wirtschaft kann net – a brauch net – zu der Wuestumsmegalomanie vum Enn vun de 90er Joren zréckzefannen. Mee si muss méi wuesse wéi an deene leschten dräi Joer, och fir datt Aarbecht fir jiddwereen net zur Illusioun gëtt. Dat ka se nëmme wa se kompetitiv bleift respektiv méi kompetitiv gëtt. …

D’Kohäsioun: dat ass eng Fro vu Wëllen a vu Kënnen

D’Modernisatioun, d’Transformatioun, d’Innovatioun, si déngen engem Ziel: der Kohäsioun an eiser Gesellschaft, an eisem Land.

( … )

Mer mussen de Wëllen hunn, d’Opkomme vu Parallel-Gesellschaften an eiser Gesellschaft am Keim z’erstécken. Mer däerfen et net zouloossen datt an eisem Land eng Grupp niewent däer aner liewt, Lëtzebuerger an Auslänner, Looseren a Gewënner, Leit ouni Aarbecht an ouni Hoffnung op Aarbecht, Leit mat Aarbecht ouni Verständnis fir déi déi keng Aarbecht hunn, Jonker an Eelerer déi kee Verständnis fir hir ënnerschiddlech Liewensetappen a Liewenspläng hunn.

Op ee Land lauert Desintegratioun wann d’Gruppe sech a sech selwer verléiwen a keng Ae méi fir den Noper hunn, … .

Ee Land, dat ass net d’Additioun vun Intressenethnien a vun Egoismuskolonien. Ee Land ass nëmmen ee Land wann et ee Ganzt ass, ee staarke Wëllen huet, eng robust Ambitioun fir jiddwereen. Esou ee Land wëlle mer. …

Mer wëllen den Erfolleg vun all Kand

Dofir moderniséiere mer d’Schoul, am Dialog mat all deenen déi d’Schoul zur Schoul maachen. (…) Mer wëllen den Erfolleg vun all Kand, mer wëllen duerch d’Schoul Liewenschance ginn, keng ewech huelen. Mir schafen eng Ganzdagspilotschoul. Mer verstäerken d’Evaluatioun, net zum Zweck vun der Sanktioun, mee zum Zweck vu jiddwerengem senger Promotioun. Mer ginn der Partizipatioun an dem Partenariat nei Méiglechkeeten. Mer iwwerpréifen an änneren d’Inhalter an d’Kompetenze vun de Schoulprogrammer, iwwerkucken an differenzéieren de Sproochenunterricht, mer wëllen déi auslännesch Kanner besser integréieren.

Mer bauen d’liewenslänglech Weiderbildung aus a reforméieren de Beruffsunterricht. Kanner mat Verhalens- a Léierschwieregkeeten – och a grad Kanner mat engem Handicap – solle méi gehollef kréien. Mer bécken eis iwwer d’Praxis vum Redoubléieren: sëtze bleiwen däerf net am Liewe stoe bleiwen heeschen. De Précoce – eng formidabel Integratiounsschinn – muss an Zukunft an all Gemeng ugebuede ginn, grad ewéi d’Ganzdagsbetreiung an alle Gemenge soll weider entwéckelt ginn. …

Méi Mateneen

Integratioun a Kohäsioun: dës duebel Exigenz ass besonnesch evident an eisem Matenee mat deenen déi hei liewen ouni Lëtzebuerger ze sinn. Tëschent eis an hinnen däerf kee Gruef bestoen. D’Integratioun vun den Net-Lëtzebuerger ass eng Offerte déi d’Lëtzebuerger musse maachen. An d’Net-Lëtzebuerger mussen dës Offerte unhuelen: et gëtt keng Flicht zur totaler Assimilatioun mee et gëtt eng Flicht zur Integratioun. Ouni dës Offer an ouni d’Unhuele vun dëser Offer, ouni eise Respekt virun deenen aneren hirer Eegenart an ouni hire Respekt virun eise fundamentale gesellschaftleche Wäerter gëtt et weder Integratioun nach Kohäsioun.

Dofir wëlle mer d’duebel Nationalitéit aféieren. (…)

Dofir bidde mer méi Lëtzebuergesch-Couren un. (…)

Dofir maache mer den öffentlechen Déngscht méi breed op fir EU-Bierger.

Dofir bleiwe mer ee Land dat op muss si fir déi déi verfollegt ginn. Si mussen hei eng Plaz fanne wou se sécher sinn.

Eise Beitrag zur globaler Kohäsioun

De Souci no Kohäsioun mécht net un de lëtzebuergesche Grenzen halt. Mir wëllen eise Beitrag zur globaler Kohäsioun leeschten: dofir setze mer eis Entwécklungshëllef no an no op 1 Prozent vun eisem nationale Räichtum erop.

(…)

Eise Bäitrag a puncto Entwécklungshëllefass eng Konsequenz vun enger globaler Analys. Aus Honger an Aarmutt, aus Ënnerdréckung a wirtschaftlecher a sozialer Ongerechtegkeet entstinn nämlech Konsequenzen.

Et entsti Verflichtungskonsequenze fir déi räich Länner am Westen: mer verflichten eis zu méi Entwécklungshëllef well mer manner Aarmutt, manner Misär, manner Krich a méi Liewe fir déi wënsche fir déi e séieren Doud déi eenzeg Perspektiv ass.

Et entstinn awer och Folgekonsequenzen mat deene mer eis an eise Länner auserneesetze mussen: den Terror an d’Gewalt déi och bei eis kënnen zouschloen. Et gëtt keng Justifikatioun fir den Terror, net an der Welt an net bei eis. Mir däerfen eis vun him net impressionnéiere loossen. Mir mussen der Bedrohung fir eis Sécherheet a fir eise fräie Gesellschaftsmodell energeschst entgéinttrieden.

Den integralen Text vun der Regierungserklärung ass op www.gouvernement.ludisponibel