Schoulpolitik

E Commentaire vum Jean-Paul Roden op Radio 100,7

E Commentaire vum Jean-Paul Roden op Radio 100,7

Unmoderatioun:

Dëser Deeg huet de Pôle pour une école démocratique informéiert, datt si de politesche Parteien 12 konkret Froe gestalt hunn, wéi d’Schoul misst a muss reforméiert ginn.

Nodeems dëse Mount d’Lëtzebuerger Schoul nees vu Bréissel gedatzt gouf, schéngen all Initiativë gutt, déi een neie Wand an eis Schoul bréngen.

Eis ëffentlech Schoul duerf wierklech net méi op Bicher a Programminhalter zentréiert ginn, mä op den eenzelne Schüler. Dozou de Moien e Kommentar vum Jean-Paul Roden:

Wat kréie mer dann elo den 13. Mee an der Victor Hugo Hal gebueden? Walkampf oder neit Fudder fir d’Back-to-basics-Nostaligiker? Je, d’Initiative vum Pôle pour une école démocratique ass wuel begréissenswert an dee ganze Froekatalog kéint een dann och esou resuméieren, datt eng Schoul ouni Schoulpartner eng Schoul ouni Zukunft wier.

Ma wat d’Parteien sou à première vue gesot hunn, schéngt dach zimlech konfus ze sinn. Ze hoffen ass, datt den nächsten 13. Mee, wou d’Parteie méi genee Positioun zu hiren Äntwerte solle bezéien, Konkretes erauskënnt, soss gesäit et definitiv schwaarz, ganz schwaarz fir d’Lëtzebuerger Schoul aus.

Nodeems mer et jo alt nees vu Bréissel geblose kruten, net nuren a punkto Schoul, musse sech all d’Schoulpartner, Walen hin oder hir, vläicht méi aktiv um Terrain mat Schoulleeschtungskultur ofginn. Theorien hu mer der méi wéi genuch héieren.

Elo gëlt et an der Praxis virzegoen, ouni iergendee mä a Riede wéi, Bréissel huet falsch Parameter geholl. Sou oder sou schéngt et wéi wa mer net alles aus PISA 1 a punkto besser Schoulkultur geléiert hunn an dat geet domadder un, datt d’Informatiounspolitik iwwert d’Reform vun eisen neie Schoulgesetzer net onbedengt gelonge wor.

Een anere Punkt ass a bleift d’Finanzéierung vun de Privatschoulen an et sollt een ëmmer nees drun erënneren, datt sech 1912 intensiv fir eng ëffentlech Schoul agesat gouf an d’Auteure vun der sougenannter “Loi Braun” dierften sech haut am Graf ëmdréinen, wa se matkréichen wat elo alles sou a punkto Chancegläichheet geplangt ass.

Ënnert dem strapazéierte Vokabel “Bildungsoffensive”, hätt ee sech dach wierklech méi kéinte virstellen, wéi elo an d’Bildungsdefensiv ze goen. Eent ass sécher: An eise Schoule muss een neie Wand anzéien, ee Wand, dee positiv bléisst, ee Wand wou net méi negativ gedatzt gëtt, mä ee Wand, wou d’Ustrengunge vun alle Schüler erausgeheemelt ginn. Just esou komme mer zu enger Schoul vum Erfolleg an däer jiddwer Schüler senge Kapazitéiten no seng Klassen duerchleeft.

Heizulands feelt et net un engagéierte Pädagogen, mä se musse méi wi je besser ënnerstëtzt ginn, soss bleiwen all Bildungsustrengungen, wéi gutt se och ëmmer gemengt sinn, wierklech eidel Loftblosen an dat och an eise staatlech finanzéierte Privatschoulen.

Radio 100,7 den 30.04.2004