« Eis Sprooch hält eis zesummen »

Eng Feierstonn mat der Ministesch Erna Hennicot-Schoepges an dem Éierestaatsminister Jacques Santer

La Langue nationale des Luxembourgeois est le luxembourgeois.” Esou heescht et am Artikel 1 vum Gesetz vum 24. Februar 1984 iwwert den “Régime des langues” zu Lëtzebuerg. Mat dësem Gesetz guff d’Lëtzebuergescht fir d’éischte Kéier als offiziell Nationalsprooch unerkannt. Fir den “Projet MOIEN!” an d’Sproochenhaus Wëlwerwolz Grond genuch, fir op Wëlwerwolz an de Centre culturel z’invitéieren, fir 20 Joer Sproochegesetz ze feieren.

“Eis Sprooch hält eis zesummen. Si ass immens wichteg fir eis Identitéit”, ënnersträicht d’Kulturminitesch Erna Hennico-Schoepges gläich am Ufank vun hirer Usprooch am Kiischpelt. D’Lëtzebuerger Identitéit wier am Zweete Weltkrich gebuer ginn. Instinktiv hätt d’Resistenz och fir d’Lëtzebuergescht gekämpft.

D’Sproochegesetz vun 1984 beschreift d’Erna Hennicot-Schoepges als “Meeschterwierk vu Sensibilitéit” an als en “gléckleche Moment fir d’Sproochen zu Lëtzebuerg”. Net zulescht, well et tëschent Nationalsprooch a legislativer, administrativer a geriichtlecher Sprooch en Ënnerscheed gëtt.

D’Ministesch bedauert, datt et nach kee kompletten Dictionnaire fir d’Lëtzebuergescht gëtt an ënnersträicht d’Wichtegkeet vun der wëssenschaftlecher Begleedung vun der Nationalsprooch vun de Lëtzebuerger. Dobäi lueft si d’Aarbechte vum “Institut Grand-Ducal”, vum “Conseil permanent de la langue luxembourgeoise” an och den ale Lëtzebuerger Dictionnaire als « Monument vun enger Zäit ». Positiv ernimmt ginn och den « Projet MOIEN ! » an d’Sproochenhaus vu Wëlwerwolz. “Mee et ass elo un der Zäit, fir den Institut fir eis Sprooch bei der Uni Lëtzebuerg ze schafen”, fuerdert déi responsabel Ministesch fir Héischschoulen. Déi “verluere Matière grise” misst ee versichen , aus dem Ausland zeréckzehuelen.

“Mir mussen eis elo eens sinn”

D’Erna Hennicot-Schoepges bedauert dann, datt d’Kanner d’Lëtzbuergescht net méi iwwert d’Immersioun léieren. “Net zulescht duerfir hunn ech d’Education précoce geschaf, gesteet déi fréier Educatiounsministesch a schwätzt sech awer géint d’Lëtzebuergescht als Fach an der Primärschoul aus. Soss giff een d’Kanner iwwerfuerderen. Virgoe misst een och géint de Personalmangel bäi de Lëtzebuergesch-Enseignanten. Dobäi giff d’Demande ëmmer méi grouss ginn. Och am noen Ausland. “Mir mussen eis elo eens sinn an eis Sprooch och op Radio an Televisioun fleegen. A mir dierfen dës Chance, datt Lëtzebuergesch-Coursen och am Ausland gefrot ginn, net verpassen. Mir mussen eis d’Mëttele ginn fir dass eis Sprooch eng Zukunft huet”, esoou d’Kulturministesch ofschléissend.

Den Éierestaatsminister Jacques Santer huet dunn an engem Temoignage op dat schwieregt Ëmfeld higewisen, an deem d’Sproochegesetz entstanen ass. “Et war och eng Reaktioun op rietsextrem Tendenzen”, esou den deemolege Kulturminister, dee besonnesch den Engagement vum Viviane Reding fir d’Sproochegesetz betount huet. No engem Exkurs an d’Geschicht vun der Lëtzebuerger Natioun ënnersträicht de Jacques Santer d’Spezifizitéit vun der Lëtzebuerger Identitéit, an där och däitsch a franséisch Elementer wieren. “Och bei der Osterweiderung vun der EU ass et mir net baang ëm ons Identitéit”, esou de fréiere Kommissiounspresident ofschléissend.

Luxemburger Wort vom 5.04.2004