CSV Wahlprogramm – E Commentaire vum Francine Closener op RTL-Radio

Déi gréisste Partei hei am Land, d’CSV,huet elo also och hire Wahlprogramm presentéieert, op engem Nationalkongress de leschte Weekend, an dozou elo ee Commentaire vum Francine Closener.

Schwaarz wëllen se net méi sinn. Schwaarz kléngt no Ongléck, no däischteren Zäiten, no Soutanen. Orange ass well d’Faarw vun der CSV. De Kongress huet et gewisen, op de Fändelen vrun der Dier, um Podium an um Plafong am Sall, un de Kravatten an op de Blousen vun de Kandidaten. Mir sinn eng grouss Famill, in, jonk a sprëtzeg, wéi Fanta, ass de Message vun den Imageberoder, well där huet d’CSV der. Schliesslech sinn se Politprofien, déi näischt dem Zoufall iwwerloossen.

D’Rollen sinn dann och schéin verdeelt. De Generalsekretär an de Fraktiounschef moies, mat als Astëmmung e puer pikkeg Remarquen un d’Address vum politesche Géigner. Nom Iessen dann, fir d’éischt de Parteipresident, ganz laangootmeg, ah jo, dat muss sinn. Et geet schliesslech elo ëm de Fong an d’Politik ass kee Spill. All Punkt vum Wahlprogramm gëtt ugeschwat. Fir jiddereen soll eppes dobei sinn, well jidder Eenzelnen zielt a jiddereen huet eppes. Zesummen hu mer vill, séngt d’Monica an d’CSV iwwerhëlt et, natierlech net ouni d’Quell ze nennen, well si léisst sech net beim Knäipen erwëschen. Ha ha, a schonn erëm krut d’LSAP eng gedikst.

Mä där kommen der nach méi, well mir sinn beim Highlight, endlech, dem, Optrëtt vum CSV-Superstar, dem Premier. De Sall hält den Otem un an de grousse Staatsmann enttäuscht seng Fangemeinschaft net. D’Oppositioun kritt der eng op déi aner, lénks a riets. LSAP an ADR. Mä halt, Polemik ass net alles. Et muss ee wësse wou een hirkënnt, dofir standing ovations fir Jean Spautz a Jacques Santer, a wou een hiwëll. D’CSV weess et. Si wëll Här bleiwen am Land an hire Meeschter weess wou de Schong dréckt.
Arcelor a Luxair, Krankekeesen a Pensiounen. Mir verstinn. Et kommen haart Zäiten. Mir solle manner kloen a möi schaffen, wuel sou wéi hien, den onermiddlechen Kämpfer fir d’Wuel vun Lëtzebuerg an Europa, deen heiheem kee Merci kritt a keng Unerkennung dofir, datt e bleift an op d’Kroun vun Europa verzicht. Mä op manst seng Militante wëssen en ze schätzen. Si sinn begeeschtert wéi ëmmer an och erliichtert, well mat him missten se et dann nach eemol packen bei de Wahlen an dann no der EU-Présidence d’nächst Joer, dann kucke mer virun. Elo bleift hire Chef der CSV mol trei a si sech selwer och.

De Kongress ass verlaf wéi erwaart. Keng Pann, keng Iwwerraschung, ausser viläicht enger: d’CSV steet net driwwer, mä matten am Wahlkampf. Huet si ieren awer Ursaach fir nervös ze sinn?

Commentaire vum Francine Closener Moiesjournal vum 30.03.2004 RTL Radio