CSV. De séchere Wee. – e Programm fir Wuesstem a Gerechtegkeet

Eng Fräi Tribün vum Parteipräsident François Biltgen nom Nationalkongress op RTL Radio.

Léiw Nolauschterer,

De séchere Wee, esou heescht de Programm, deen d’CSV leschte Samsden op hirem Kongress zu Nidderanwen virgestallt huet.
Eise Programm ass en éierleche Programm, e Programm, deen echt ass, e Programm, deen ze realiséieren ass. En ass zouverlässeg, esou wéi eis Partei ëmmer erem zouverlässeg war a bleiwt. Et ass kee Programm, wou Jiddereen méi Suë verspraach gitt.

Et ass e Programm, deen geschriwwe gouf mat der Iwwerzeejhung, datt et an de nächste Joer, nach méi ewéi an der Vergaangenheet nët drem goe kann, d’Suën ze verdeelen, mä datt et muss drëm goen, d’Weichen ze stellen fir e Wuesstum, deen jidder Eenzelen d’Chance gëtt, sech an enger sozialer Gemeinschaft ze entfalen.

Eise Programm heescht wéi eise Walslogan: De séchere Wee.

Daat ass kéng réng konservativ Approche. Well sech op ee Wee maachen, heescht, no vir kucken, weider goën, fortkommen. De séchere Wee datt ass och nët emmer den einfache Wee. Wann ee sech op e liichte Wee begeet, da geet engem gäere beim éischte klénge Bierg den Otem aus. De séchere Wee, datt ass een, dee weess vu wou e kënnt a wouhinner e wëllt.

Mär wësse vu wou mer kommen. Et waren, Pierre Werner, Jacques Santer a Jean-Claude Juncker, déi nach vrun 20 Joer, wéi eist Land an der déifster Stolkris stung, wichteg Weichen fir eis wirtschaftlech Diversifizéierung an de Finanzen an och an der Multimedia- an Telekomsgesellschaft gestallt hunn. Weichen, déi de Wuelstand vun haut erméiglecht hunn.

Mär wesse wou mer hinner wëllen:

  • Mär wëllen eng zolidd Wirtschaft mat Aarbechtsplazen, déi jidder engem eng Chance op e geséchert Liewen bidden.

Dofir brauche mer och an Zukunft wirtschaftlech Diversifizéierung. Lëtzebuerg ass dat Land mat den héchsten direkten Kapitalinvestitiounen aus dem Ausland. Mä vu näischt kënnt näischt. D’Viraussetzungen, déi vun de politeschen Décideuren gesaat goufen, sinn entscheedend. Déi jeweileg Regirungen an de leeschten 25 Joer, vrun allem awer CSV-Politiker hunn fir eng eemoleg Mëschung tëschent Kontinuitéit an Innovatioun gesuergt.

  • Mär wellen eng Gemeinschaft, déi op sozial Responsabilitéit opbaut, esou datt jidder Eenzelnen sech entfale kann.

Do spillt d’Schoul eng grouss Roll. Sie ass an der Mëtt vun eisem Liewen. D’Schoul ass de Schlëssel esouwuel zum Beruff ewéi och zur mënschlecher Entfalung als Biirger, déi matschwätzen a matentscheede kënnen. Dofir brauch eis Gesellschaft méi Autonomie, méi differenzéierten Unterrecht ouni Gesamtschoul a si däerf nët ophalen, wann et schellt.

  • Mär wëllen e Wuesstum, deen Liewensqualitéit laangfristeg séchert.

Mär wëllen e Lëtzebuerg vun de kuerze Weeër, e Lëtzebuerg, daat d’Wunnen an d’Schaffen an awer och d’Natur besser koordinéiert. Daat heescht eng méi zentral Landesplanung fir eng méi dezentraliséiert Konzentratioun.

  • Mär wëllen eng Gesellschaft, wou méi vun eis méi Matsproocherechter hunn a wou mer Secherheet nobannen an nobaussen hunn.

Demokratie a Sécherheet ginn zesummen. Onsécherheet ass déi gréisste Gefor fir d’Demokratie. Grad daat bezweckt den internationalen Terrorismus. An déi Spiral wëlle mer eis net beginn. Demokratie a Sécherheet mussen an engem gesonde Equiliber stoen.

Datt ass de séchere Wee, léiw Nolauschterer, dee mer mat Iech goe wëllen.
(Eng Fräi Tribün vum Parteipräsident François Biltgen nom Nationalkongress op RTL Radio.)