D’CSV-Europalëscht

Ee Reportage vum Françoise Medernach op Radio 100,7 am Moiesjournal, duerno Interview mat dem Parteipräsident François Biltgen

Umoderatioun

“D’CSV-Europalëscht ass eraus. Gëschter (Mëttwochs 17. Mäerz) goufen déi 12 Nimm genannt. Offiziell gëtt d’Lëscht um CSV-Europakongress den 9. Mee presentéiert. Spëtzekandidat awer ass de Premier Jean-Claude Juncker. Doniewt schéckt d’CSV och, wéi di aner Parteien, hir Schwéiergewiichter mat an déi Walen déi, mat zwou Ausnamen, och bei den nationale Wale kandidéieren. Méi Detailler huet d’Françoise Medernach.”

De Reportage vum Françoise Medernach mat Froën un de a Kommentare vum Parteipräsident François Biltgen:

“Mat den duebele Kandidaturen ass et méiglech, och op der Europalëscht, mat der Politprominenz opzetrieden. Schliesslech geet et der CSV, wéi all Partei, drëms, esou vill wéi méiglech Stëmmen ze fänken, sou den CSV-Parteipresident François Biltgen an dofir sinn dann niewt dem Spëtzekandidat Jean-Claude Juncker, d’Ministere François Biltgen, Fernand Boden, Luc Frieden, Marie-Josée Jacobs, Erna Hennicot-Schoepges a Michel Wolter op der CSV-Europalëscht, dann och de Chamberpresident Jean Spautz, d’Deputéierten Norbert Haupert a Lucien Weiler, d’Europadeputéiert Astrid Lulling an d’EU-Kommissärin Viviane Reding.”

François Biltgen (O-Toun): “An d’Europaparlament, dat ass keng mince Affär an et ass wichteg och an Zukunft, datt do, soen ech, Schwéiergewiichter do sëtzen, déi do wëssen hir Dossieren ze verteidegen, déi och d’Nationalpolitik gutt kennen. Dir wäert gesinn, datt wa mer eng Kéier bis d’europäesch Konventioun hunn, also d’europäesch Verfassung hunn, déi di Konventioune virbereet huet, datt dann d’Europaparlament nach méi Pouvoire kritt.
Mir hunn nëmme 6 Leit insgesamt vu bal 700 an et ass dofir wichteg, datt mer och gutt Leit do sëtzen hunn. Et ass och dofir wichteg, datt déi Leit, déi mat eis an d’Walen ginn, datt déi och bereet sinn an dat Europaparlament siegéieren ze goen, wann et un hirem Tour wäer a wann se net an der Regierung wäeren oder soss eppes, mä dat weess ee jo ni an et ka jo kee vu sech aus behaapten et wäer een elo schonn direkt an der Regierung. Op alle Fall mécht d’CSV dat net.”

Françoise Medernach: “Et sinn dann awer och zwou Candiatures uniques op der Europalëscht vun de Chrëschtlech Sozialen, de Chamberpresident Jean Spautz, dee jo net méi bei de Chamberwalen dobäi ass, an d’EU-Kommissärin Viviane Reding. Do stellt sech dann och d’Fro, ob d’Kandidatur vum Viviane Reding kompatibel ass mat hirem EU-Kommissiounsmandat. D’Kommissioun hätt dat studéiert, sou de François Biltgen an eng Léisung fonnt.”

François Biltgen (O-Toun): “Wou se eens gi sinn, datt d’Madam Reding kéint weider agéieren als Kommissärin, virausgesat datt hir Aktivitéiten an der Walkampagn dat Mandat net géifen a Fro stellen. Dat stellt et net a Fro, dat aus folgende Grënn: Éischtens, d’Madame Reding spillt net, wéi aner vun hire Kollegen e Rôle vun enger Spëtzekandidatin; d’Madam Reding geet hei mat an déi Walen, well si jo och net assuréiert ass Kommissärin ze ginn. Dir wësst, datt d’Kommissioun réischt décidéiert gëtt no de Walen.
Dat hänkt also of vun den Europäesche Walen, dat hänkt of vun de Lëtzebuerger Walen. D’Madam Reding, wësst Dir, géif gäre Kommissärin bleiwen. Dat kann awer keen hir garantéieren an d’Madam Reding ass Europadeputéiert gewiescht während lange Joren an et ass esou, datt d’Europaparlament drop hält, datt och Kommissären eng Bindung hu mam Europaparlament oder net an duerfir fanne mir et richteg, datt europäesch Kommissären, ob dat d’Madam Reding ass oder een aneren, datt déi sech och dem Wieler stellen an deenen europapolitesche Walen.”

Françoise Medernach: “Eng weider Konditioun ass, datt d’Viviane Reding an hirer Fonktioun als EU-Kommissärin keen aktive Walkampf zu Lëtzebuerg däerf maachen a weider zu Bréissel muss präsent sinn. Sief dann och nach gesot, datt d’CSV och bei der Europalëscht hir Fraequote erfëllt. 4 vun den 12 Kandidate si Fraen, dat ass een Drëttel.”

Ofmoderatioun: “D’Kandidatur vun der Viviane Reding ass, wéi gesot, net onëmstridden. Déi Gréng schwätzen an deem Kontext souguer vun enger Affär Reding. Mat hirer Kandidatur wier si als Kommissärin net méi crédibel, en plus géif domadder och de Lëtzebuerger Kommissärsposten op d’Spill gesat ginn, hunn déi Gréng gëschter nach eemol ënnerstrach.”

(Ee Reportage vum Françoise Medernach op Radio 100,7 am Moiesjournal, duerno Interview mat dem Parteipräsident François Biltgen)