Invitatioun op den Nationalkongress vun de Chrëschtlech Sozialen Fraën (CSF)

Dräi Themen um Kongress: Haaptakzenter an der Fraepolitik, d’Uni Lëtzebuerg an d’Entwécklung op dem Aarbechtsmoart

Invitatioun

Mir lueden Iech häerzlechst an op den CSF NATIONALKONGRESS

en Donneschteg den 11. Mäerz 2004 ëm 19.00 Auer

op Hesper am Centre Nicolas Braun.

Programm

18.30 Auer: Empfank vun den Kongressdelegéierten

Wëllkommsgrouss vun der Buergermeeschtesch Marie-Thérèse Gantenbein

  • Administrativen Deel

    – Begréissung an Opmaache vum Kongress
    duerch d’Nationalpresidentin Christine Doerner
    – Joeresrapport vun der Generalsekretärin Lory Barra-Wilhelm
    – Internationale Rapport vum Alice Fournelle-Molitor
    – Finanzrapport vun der Trésorière Susi Frantzen-Thill
    – Rapport vun de Keesserevisoren
    – Diskussioun vun den Rapporten an Décharge vum Comité
    – Bestëmme vun de Keesserevisoren.
  • Virstelle vun eise Kandidatinnen a vum CSF Programmpabeier duerch d’Alice Fournelle-Molitor
  • Haaptakzenter an der Frae- a Familjepolitik
    Eng Interventioun vun eiser Fraeministesch Marie-Josée Jacobs
  • “Universitéit a Fuerschung”, en Investissement an d’Zukunft!
    Eng Interventioun vun eiser Héichschoulministesch Erna Hennicot-Schoepges
  • Message vun eisem Parteipräsident an Aarbechtsminister François Biltgen