„Deele no bannen, a vrun allem nach méi … no baussen”

De Marcel Oberweis, Kandidat op der CSV Lëscht Bezierk Zentrum op 100,7 an der Emissioun “D’Parteien hunn d’Wuert”: Solidaritéit heescht fir d’CSV: Deele no bannen, a vrun allem nach méi … no baussen!

  • 6,3 Milliarden Menschen liewen zurzäit mat ons op dësem Planéit, dovunner hunn 1,8 Milliard Menschen manner ewéi een€ Euro am Dag fir ze liewen, zwou Milliarden Menschen hunn kee Zougang zu den kommerziellen Energiën, an ronn dräi Milliarden Menschen hunn keen Telephon zur Hand. All Dag stierwen Dausenden vun Kanner un de Krankheeten, déi bei eis schon längst keen méi kennt.

Op Gronn vun der Emweltverschmotzung duerch d’Verbrennung vun de fossilen Energiën an engem erschreckenden Moos, besonnesch duerch déi räich Natiounen, weisen sech elo schon déi eischt Klimaverännerungen. Et wäert dann och nët ausbleiwen, datt Millioune Menschen sech op de Wee machen, si kommen och bei ons.

D’Entwecklungspolitik ass eng Strategie, woubäi Dividenden Fridden an Stabilitéit sinn

0,84 % vun dem Bruttoinlandsprodukt stinn am Budget 2004 fir all d’Aktivitéiten am Bereich vun der Kooperation ze finanzéieren. Domatter ass Letzebuerg eent vun deene wéinege Länner, déi de konsequenten Wee ginn, nämlech dee vun dem massiven Deele no baussen. Op de Kapp vun der Bevölkerung mecht daat ëmmerhin ronn 350 €Euro am Joer aus. An eist Ziel ass et bis op 1% vum Bruttosozialprodukt ze kommen. Dierf ech vläit dorun erënneren, datt den Taux nuren 0,14% am Joer 1977 wor.

Maachen mir eis awer elo näischt vir, nach ëmmer ginn iwwer 99% hei am Land verdeelt an reinvestéiert. Wann awwer all industrialiséiert Land eisem Beispill follegt, dann wier 2050 keng Armut méi an der Welt. Wann een dann och nach bedenkt, datt sech d’Natiounen an der Millenium Konferenz zu Monterrey am Joer 2000 ee Wuert ginn haten, bis 2015 d’Armut ëm d’Halschent ze reduzéieren, da muss een am speziellen houfreg dorop sinn, wat Lëtzebuerg zënter enger ganzer Rei vu Joeren mecht.

Wat geschitt dann elo am Speziellen mat den 160 Milliounen an der Entwecklungshellef?

  • et ass eng Sensibiliséierungskampagne duerchgeféiert ginn, fir d’Matbierger de Sënn an den Zweck vun der Coopératioun ze erklären an domatter d’Akzeptanz vun däer Hëllef fir déi Mannerbemëttelt ze kéien.
  • et sinn eng ganz Rei vun Projetën, déi d’ONG’s um Terrain an der Dr!tter Welt duerchféieren, ennerstëtzt ginn.
  • ganz besonnesch am Mettelpunkt vun der Entwecklungshëllef steet d’Zesummenaarbecht mat zeng pays cibles, eisen Ziellänner: Burkina Faso, den Niger, den Mali, den El Salvador, Nicaragua, de Cap Vert, Senegal, Namibia, de Vietam an den Laos.

Heihinner fléissen 90% vun den agesaate finanziellen Mëttel, siew daat an den Bau vun Infrastrukturen ewéi Stroossen a Schoulen, siew an d’Bewässerung vun Terrainen fir Landbevölkerung, esou datt d’Landflucht ënnerbonnen gëtt. Weider sinn och Projetën an der Beräicher: Edukatioun an Telekommunikatioun duerchgeféiert ginn. Wiichteg ass op alle Fall, dass déi Projeten sëch no fennef Joer selwer droen.

  • eng nei Komponent vun der Kooperatioun erwiist eisem Land duerch d’Grennung vun der Universitéit. Nët nueren, datt jonk Leit aus friemen Gegenden bei ons kommen an ons duerch hir Kultur beräichern, villméi ginn si hei ausgebild an kennen dann an hiren Héemechtslänner och derzoubeidroen, d’Armut ze verklengern. Duerch Projeten, déi an Kooperatioun mat der Lux-Development opgebaut ginn, wäert de Knowhow an d’pays cibles fléissen, deen et de Leit erméiglecht, Stabilitéit an nohaltegen Wuesstum ze kréieren.

Léiw Nolauschterer,

ganz besonnesch Deele mat deenen do baussen steet am Mettelpunkt vun eiser Entwecklungshëllefpolitik, well d’Alternativ zur Entwecklungshëllef ass d’Gläichgëltegkeet, an dat ass fir d’CSV keen Thema.

Merci fir Nolauschteren.

(Ried vum Marcel Oberweis, Kandidat op der CSV Lëscht Bezierk Zentrum op 100,7 an der Emissioun “D’Parteien hunn d’Wuert” / Februar 2004)