D’Zukunft vun der Finanzplaz Lëtzebuerg

Aus eng Radiosemissioun mat dem CSV Deputéierte Norbert Haupert vum 19. Januar 2004 op RTL Radio Lëtzbuerg

De Succès vun enger Finanzplaz hängt vu ville Facteuren of. Un éischter Plaz vun der Stäerkt vu senger Offer, dat heescht vun der Zuel an der Kompetenz vu sénge Banken. Un zweeter Plaz awwer och vun dem Volum vu sénger Nofro dat heescht vun der Zuel an der Finanzkraft vun de Klientën, déi sëch op der Finanzplaz bedinge loossen.

Villes spillt eng Roll

D’Decisioun fir eng Bank sëch op enger Plaz ze établéieren gëtt op Gronn vun enger Rei vu Kritäre geholl zu deenen ënner anerem dat politescht, economescht an sozialt Ëmfeld, de juristeschen a steierleche Kader, d’Disponibilitéit vu qualifizéierten Mataarbechter,esou wéi éischtklassesch Infrastrukture an de Beräicher Transport a Kommunicatiounen, zielen.

E Spuerer décidéiert säi Geld do ze plazéieren, wou hien déi beescht Offer fënnt, wou hien déi rentabelst Produkter virfënnt, wou een déi gënschtegst steierlech Optiméierung vu séngem Invest erwaard.

Den Opschwong vun eiser Finazplaz ass gréisstendeels op d’Gespiir vun eise successive Regierungen zréckzeféieren, déi ët verstan hunn de juristeschen a steierleche Kader fir eis Banken esou ze gestalten, datt ëmmer erëm nei an interessant Produkter bei eis gebündelt konnte ginn, déi dem Client déi beescht steierlech Optiméierung vu sengen Erspuernisser assuréiert hunn.

Eng Rei vu Gesetzesprojetën

Och an dëser Legislaturperiod hunn de Finanzminister Jean-Claude Juncker an de Minister vum Trésor Luc Frieden eng Rei vu Gesetzesprojetën op den Instanzewee bruet déi de Kader vun eiser Finanzplaz u nei Produkter a nei Aktivitéiten upassen.

D’Steierreformen vun 2001 an 2002 hunn och zur Verbesserung vun eisem Standuertvierdeel fir auslännesch Banke bäigedroen. Och hunn eis Ministeren zu Bréissel e fir d’Zukunft vun eiser Finanzplaz wichtege a noutwendege Kompromiss iwwer d’Quellesteier ausgehandelt. Doduerch hu se mol provisoresch d’Bankgeheimnis gerett, wat zu enger wesentlecher Berouegung op der Plaz gefouert huet. Nei Gesetzesprojetën, wéi déi vun der Titrisatioun, de Sociétés d’Investissement en Capital à Risque, an der Ofschaffung vun der Duebbelbesteierung op den Zënsen a Redevancen sinn op dem Instanzewee.

Ëmdenken ass noutwendeg


Totz all deene Beméiungen sinn d’Zäiten, wou d’Clientën Schlaang stunge fir hiert Geld bei eis am Land ze placéieren eriwwer. Déi Produkter, déi Lëtzebuerg an den 80er a 90er Joeren esou attraktiv gemeet hunn, gin haut och op anere Finanzplaazen ugebueden. D’Konkurrenz huet sëch wesentlëch verschärft. Dofir musse mär ëmdenken.
Mär mussen an Zukunft eis Finanzplaz dobausse besser verkaafen a méi visibel maachen, an eis Produkter besser kommerzialiséieren. Dofir musse mer eis ëmstellen. Nët méi am Guichet op de Client waarden, mä proaktiv op hien zougoen. D’Déngschtleeschtungen um Client méi personaliséieren an him méi globaliséiert Servicer ubidden. Dat bedingt natierlëch och eng Verbesserung vun de Kompetenzen vun de Beschäftegten op eiser Finanzplaatz, an daat an de Beräicher vun der Fiscalitéit, dem Droit an och de Sproochen.

Nët méi d’Souveränitéitsnischen, mä éischter d’Kompetenznischen wäerten d’Zukunft vun eiser Finanzplaz bestëmmen.

(Aus eng Radiosemissioun mat dem CSV Deputéierte Norbert Haupert vum 19. Januar 2004 op RTL Radio Lëtzbuerg)