«Behënnerung an eiser Gesellschaft»

Eng Interventioun vun der CSV-Deputéiert Nancy Arendt ép. Kemp op RTL Radio Lëtzebuerg: “Wa konkret politesch Decisiounen a Mossnammen hëllefen d’Bedierfnisser vun de Behënnerten ze erföllen, bleiwt, datt d’Integratioun och virun allem eng Fro vun perséinlecher Toleranz an Akzeptanz ass.”

Léiw Nolauschterer,

38 Milliounen EU-Bierger si behënnert. 38 Milliounen Kanner, Fraen an Männer, déi nët goen kënnen, déi nët héieren, schwätzen oder gesinn. Leit, déi an hire kierperlechen oder geeschtegen Fonktiounen ageschränkt sinn. Zuelen, déi een nodenklech stëmmen, an d’Fro vun der Intergratioun vun eisen behënnerten Matbiierger obwerfen.

Villes ass gemaach ginn fir datt d’Integratioun vun den Behënnerten eng Realitéit gëtt. D’Gesetz iwwer d’Zougänglechkeet vun den öffentlechen Gebeier, d’Aféierung vun engem “Revenu minimum pour personnes gravement handicapées” oder awer och d’Schaffung vum éischten “Centre intégré” fir eeler behënnert Leit zou Fréiseng.

Dëst sinn e puer praktesch Beispiller vun enger ëmfassender Behënnertepolitik, déi säit Joere vun eiser Regierung an besonnesch vun eiser Familjeministesch Marie-Josée Jacobs berdriwwe ginn ass. Dës rezent Gesetzer weisen och, datt maer den richtege Wee ageschloen hunn, an datt maer nach weider an dës Richtung schaffen mussen.

Dës Mossnammen droen ënner annerem och douzou bäi d’Autonomie vun den Behënnerten ze förderen an domatter hinnen d’Méiglechkeet ze ginn um gesellschaftlechen Liewen Deel ze huelen.

Behënnert Fraen a Männer si gläichberechtegt Bierger, déi ganz klor eng vollwäerteg Plaz an eiser Gesellschaft hunn, an déi op eis Hëllef an Ennerstëtzung ugewisen sinn.
Wann ee mat behënnerten Leit schwäetzt, mierkt een, datt sie selwer hir Aschränkungen oft manner als Handicap gesinn, ewéi d’Ëmfeld an deem se liewen. D’gesellschaftlech Reaktiounen ginn heinansdo méi schlëmm emfonn vun den Betraffenen, wéi hir Behënnerungen selwer.

“Et ass ee net behënnert, et gëtt ee behënnert”, dëse Slogan konnt een um Enn vun den ’90 Joeren, an Däitschland iwwerall op Plakater am Kader vun enger “Aktioun Grondgesetz” liesen. (D’Weltgesondheetsorganisatioun definéiert neierdéngs och d’Behënnerung als eng Wiesselwirkung tëschent engem Individuum, deen ënner gewëssenen Aschränkungen leid an senger Ëmwelt.)

Wa konkret politesch Decisiounen a Mossnammen hëllefen d’Bedierfnisser vun de Behënnerten ze erföllen, bleiwt, datt d’Integratioun och virun allem eng Fro vun perséinlecher Toleranz an Akzeptanz ass. An do läit oft de Problem!
Weivill behënnert Kanner sinn am “normalen” Unterrecht ageschriwwen? Weivill behënnert Aarbechter fannen eng Aarbecht ausserhalb vun den “Ateliers protégés”? Nët vill. Dëst hängt sécherlech ënner annerem dowunner of, datt nët genug qualifizéiert Léierpersonal do ass an vill Kanner op Grond vun engem schwéieren Handicap besser, a kléngen spezialiséierten Strukturen ënnerbruecht sinn.

Et ginn och esou vill verschidden Handicap’ën, datt et nët einfach ass fir all behënnerten Aarbechter eng Plaz ze fannen, déi senger Behënnerung ugepasst ass. Doriwwer eraus geet et nët duer hinnen eng Schaff ze besuergen. Sie mussen och adäquat encadréiert ginn, an datt ass an engem “normalen” Betrieb oft nët esou méiglech.

Et bleiwt, léiw Nolauschterer, datt wann all Eenzelnen e kléngen Effort géif maachen, vill méi behënnert Léit an der Schoul, um Aarbechtsmuart an an der Gesellschaft intégréiert wieren. Jidderen vun eis ass gefuedert an dréit Verantwortung fir d’Integratioun vun eisen behënnerte Matmenschen.

Ech hoffen, datt dat europäescht Joër vun den Behënnerten zu engem Ëmdenken am Ëmgang mat den Behënnerten wäert bäidroen. Dëst ass am Intressi vun der ganzer Gesellschaft, déi de Behënnerten nët nëmmen gëtt, mä och vill vun hinnen ka kréien.

Ech soen Iech Merci fir Äer Opmierksamkeet.

(Eng Interventioun vun der CSV-Deputéiert Nancy Arendt ép. Kemp op RTL Radio Lëtzebuerg)