An der Mëtt vum Lëtzebuerger Vollek

Eng fräi Tribün vum CSV-Generalsekretär Jean-Louis Schiltz op RTL Radio Lëtzebuerg.

Den 20. Mai huet de Premier Jean-Claude Juncker déi traditionnell Ried zur Laag vun der Natioun gehal. Dës Schlësselried analyséiert d’wirtschaftlech, d’sozial a d’finanziell Situatioun vum Land. Sie ass de Bilan vun der Regierungsaarbecht vun de leeschten zwëllef Méint. Sie gëtt een Ausblëck op déi wichtigst politisch Projetën, déi an der Maach sinn.

Am November d’leescht Joer huet sech d’CSV hire neie Grondsazprogramm “Jidder Eenzelen zielt” ginn. Setzt een dëse neien Grondsazprogramm an de Kontext vun der Ried zur Laag vun der Natioun, esou ass d’Konklusioun kloër:

D’Prinzipien vun der CSV, esou wéi se am Grondsazprogramm déklinéiert sinn, an d’Virstellungen vun der Regierung, wat die positiv Weiderentwecklung vun eisem Land ugeet, gräifen voll aneneen iwwer.

Nëmmen e puer Beispiller:

d’Wirtschaftspolitik

De Premier huet a senger Ried kloer gemach, datt eng kompetitiv Ekonomie, gesond Staatsfinanzen an eng resolut Politik vun der Nohaltegkeet d’Grondlaag sinn, fir déi heich Liewesqualitéit an eisem Land ze halen a weider ze entwecklen.

Eng Wirtschaft, déi an der Globaliséierung besteet, zolidd Staatsfinanzen an Nohaltegkeet an alle Beräicher, dat sinn och déi politisch Kärelementer, déi d’CSV an hirem Grondsatzprogramm développéiert huet.

D’CSV ass de Garant, datt an dësse Beräicher, déi iwwer d’Zukunft entscheeden, och weider déi richtig Entscheedungen getraff ginn. Wichtig ass och erfirzehiewen, datt sozial Mossnahmen hei zu Lëtzebuerg nët op der Kipp stinn. Héich Reserven erlaaben et weider un eisem Sozialnetz ze strecken.

Ouni gouss Aschnëtter. Ouni grouss Kurskorrekturen. Och daat ass den Ausdrock vun CSV-Politik. Och daat kënnt am Premier senger Ried zur Laag vun der Natioun zum Ausdrock. Och daat steet am CSV-Grondsatzprogramm “Jidder Eenzelen zielt” geschriwwen.

d’Palliativmedezin

Ee besonnesche Schwéierpunkt am CSV Grondsatzprogramm ass d’menschewiirdeg Stierwbegleedung. De Mensch behält seng Würd och a grad dann wann et ëm den Doud geet.

Duefir ass den Ausbau vun der Palliativmedizin fir d’CSV prioritär.

A senger Ried zur Laag vun der Natioun huet de Premier annoncéiert, datt dës Prioritéit konkretiséiert gëtt. Den Ausbau vun der Palliativmedizin wäert eng vun den Haaptaxen vun de nexten Budgetsprojeten ginn. D’Strukturen vun der Palliativpfleeg gin generell verbessert. Et wäert Personnal bereet gestallt ginn an d’Formatioun, déi an der Palliativmedizin besonnesch wichtig ass, wäert lancéiert ginn.

aktiv Biergergesellschaft

Dat drëtt Beispill weist, wou d’Ried vun der Laag vun der Natioun an den CSV-Grondsatzprogramm “Jidder Eenzelen zielt” aneneeniwwergréifen, gemengt ass déi aktiv Biergergesellschaft.

Wichteg sinn der CSV och d’Festleeë vum Premier Jean-Claude Juncker wat den Développement vun der aktiver Biergergesellschaft ugeet. Och hei sinn an der Ried zur Laag vun der Natioun d’Akzenter am Sënn vum CSV-Grondsatzprogramm “Jidder Eenzelen zielt” gesat ginn.

De Projet iwwert d’Volleksinitiativ an de Referendum entsprecht de Virstellungen vun der CSV iwwert eng modern a partizipativ Demokratie.

An der Ried zur Laag vun der Natioun fënnt een Grondvirstellungen vun der CSV erëm.

Dat ass keen Zoufall. Daat huet virun allem eppes domat ze dinn, dat sech d’CSV, genausou wéi de Premier, mat de Léit héi am Land identifizéiert.

Et huet eppes domat ze dinn, datt d’CSV an der Mëtt vum lëtzebuerger Vollek steet.

(Eng fräi Tribün vum CSV-Generalsekretär Jean-Louis Schiltz op RTL Radio Lëtzebuerg)