Mir sinn do dogéint.

Réactioun vum Premier Jean-Claude Juncker op dem Valéry Giscard d’Estaing seng Virschléi1 zu den zukünftegen Institutiounen vun engem erweiderten Europa.

Ee Reportage vum Francine Closener op RTL Radio am Mëttesjournal vum 23. Abrëll 2003

Umoderatioun: Nom Sträit an der Europäescher Union wéinst dem Irak-Krich kennt mat ëmmer méi groussen Schrëtt en neien Klinsch op d’EU duer. Et geet em d’Reform vun den europäeschen Institutiounen an an dem Kontext huet de Präsident vum EU-Konvent Valéry Giscard d’Estaing elo seng Virschléi op den Dësch geluegt, an déi Virschléi gefalen der Lëtzebuerger Regierung nu wirklech glad a guer nët. Francine Closener.

Francine Closener: “Dat eenzegt woumadder mir d’accord sin, dat ass d’Iddi fir de Posten vun engem europäeschen Ausseminister ze schafen, den an Engems Vize-Präsident vun der EU Kommissioun soll ginn. All déi aner Virschléi si fir eis strict inacceptabel”, sot eis de Premier Jean-Claude Juncker haut de Moien. Virun allem awer nët nemmen ass Lëtzebuerg géint dem Giscard d’Estaing an dene grousse Länner hir Propose een haaptamtlëchen President un d’Spëtzt vun der EU ze setzen, den mat qualifizéierter Majoritéit fir 2,5 Joër soll gewielt ginn, säi Mandat kéint eng Kéier verlängert ginn. Mam Schafe vun dësem full-time Presidenteposten wier dann also Schluss mam System vu bis ewell, wou d’EU-Présidence jo all sechs Méint wiesselt. Ausserdem sollt d’EU-Kommissioun drastesch gekierzt ginn, op 11 Kommissären. Schon um EU-Sommet déi läscht Woch zu Athen hat de Lëtzbuerger Premier jo am Numm vun 16 méi klenge Länner dem Konvents-President gesot, datt et nët an déi doten Richtung sollt goen, mä de Valéry Giscard d’Estaing ass einfach iwwert déi Awänn ëweg gangen. De Premier Jean-Claude Juncker:

Jean-Claude Juncker (O-Toun): Onofhängeg dovun, datt dat mech nët wonnert, well dat wat ech zu Athen virgedroen hunn war mir jo och – aus mengem Mond – scho virdrun bekannt, ass et effektiv esou, datt den President Giscard d’Estaing nët bereet ass, seng Oueren opzespären fir datt och dat Zougang zu sengem Gehéierkanal fënnt, wat an denen méi klenge Länner, déi awer a Richtung vun engem méi integréierten Europa wëlle goen, Zougang fënnt. Dofir däerf den Här Giscard d’Estaing sech nët wonneren, wann hien elo bedeit kritt, datt en mat dem do Virschlag do nët konsensbildend, mä konsenszerstéierend wierkt.

Francine Closener: Wann d’Kommission effektiv géif gekierzt ginn, heescht dat dann automatesch, datt Lëtzebuerg an Zukunft kee Kommissär méi zegudd hätt?

Jean-Claude Juncker (O-Toun): Dat gesäit net onbedingt esou aus, well et steet do, datt et 12 oder 13 Komissären géiffe ginn. Do ass nët gesot, wat fir Länner datt ee géife kréien, a wat fir nët. Dat muss jo um Prinzip berouen vun der Gläichbehandlung vun de Memberstaaten. Mä mir sinn der Meenung – besonnesch och mat Bléck op déi nei Länner, déi bäikommen den 1. Mee vum nächste Joer, datt bis mer zu 27 sinn all Memberstaat vun der Europäescher Unioun ee nationalen Vertrieder an der Kommissioun soll hunn. Déi Virschéi do, déi mol fir d’éischt d’Hürde vum Présidium vum Konvent mussen huelen, déi sinn esou, datt déi op kee Fall d’Grondgerëscht wärten si vun dem, wat am neien Vertrag stoen kënnt. Mir sinn do dogéint.

Francine Closener: Der Regierung hire Vertrieder am Konvent, de Jacques Santer, gesäit dann och den Owend seng Kollegen aus denen aneren Staaten, déi mat Lëtzebuerg gemeinsam Saach maachen. Iwwregens sot sech de Moien och de Kommissiounspräsident Romano Prodi enttäuscht vum Giscard d’Estaing senge Virschléi. Um nächste Sommet Enn Juni a Griechenland dierft et jiddferfalls genuch politësche Sprengstoff ginn.

SIP/23.04.2003 aus enger Reportage

vum Francine Closener

op RTL Radio

am Mëttesjournal

vum 23. Abrëll 2003