Besuch der Baustelle des “Musée d’Art Moderne”

CSV-Senioren besichtigen in Begleitung und unter Führung der Kulturministerin Erna Hennicot-Schoepges das Musée d’Art Moderne.

Léif Mêmberen a Frënn!

Wéi ofgemat, besiche mir den 22. März 2003 d’Baustell vum Musée d’Art Moderne” bei den dräi Eechelen (och Peimusée genannt) ënnert der Leedung a mat der Erklärung vun eiser Kultur- a Bauteministerin, Erna Hennicot-Schoepges.

Mir wëllen eis net nëmmen aus éischter a kompetenter Hand, dëst fir Lëtzebuerg aussergewéinlecht Kultur-Monument duerstelle loossen, mée et geet eis och drëm handfest a kloer Argumenter an eng gutt Motivatioun ze kréien, fir eis eng objektiv a sachlech Meenung ze bilden an doduerch an allen politeschen Diskussiounen zu dësem Sujet matschwätzen ze können.

Mir zielen op Ären Intressi a rechnen mat Ärer Präsenz!

De Rendez-Vous mat der Madam Minister ass ëm 10.00 Auer virun der Baustell op den Dräi Eechelen.

E Spezialbus (huet e Schëld «Musée» an der Fënster) fiert ëm 9.30 Auer vun der Gare aus (Bus-Quai vis-à-vis vun der Neier Post) op d’Plaz.

Fëllt w.e.g. dëse Formulär aus a schéckt en un folgend Adress: CSV-SENIOREN, «Sozial a Kulturformation» B.P. 130 L-2011-Lëtzebuerg.

Numm: ……………………………… Virnumm: ………………

Address: ……………………………………………………………

Code postal: …………….. Uertschaft: ………………………

Telefon: …………………….

Ech/mir huelen de Bus op der Gare O

Ech /mMir kommen direkt bei d’Baustell vum Musée O