D’CSV: ennerwee bei Iech

Eng fräi Tribün op RTL Radio Lëtzebuerg mat dem Maurice Bauer, CSV-Generalsekretär adjoint. ( vum 10.03.03 an de Emissioun d’Parteien hunn d’Wuert)

Gudde Mëtten,

D’CSV invitéiert Iech häerzlechst op hiren Fréijoerstour 2003. Ewéi an deene vergangene Joren wëll d’CSV och dëst Jor ërem an enger Serie vun Informatiounsowender hiir Aarbechten virstellen an mat Iech zesummen diskuteieren.

D’CSV on Tour

Op bal zwanzeg verschiddene Plazen an eisem Land ginn mir Iech Rendez-vous an deene nexten Deeg an Wochen. Fir de neigewielten CSV-Parteipräsident François Biltgen wor et kloer, datt esou een Tour duerch eist Land och dëst Joër nees misst organiséiert ginn.

Nodeems an deene leeschte Joere schons ënnert der Leedung vun der Parteipräsidentin Erna Hennicot-Schoepges dës Touren duerch eist Land et erlaabt hunm interessant Diskussiounen ze féieren am Kontakt mat villen Biirger, huet de François Biltgen drop gehaal fir direkt am Ufank vun sengem Mandat un der Spëtzt vun der CSV mat senger Equip, d’Gespréich mat de Biirger ze sichen. Dëst ass och eng eemoleg Geleenheet fir den Aarbechts- an delegéierte Kommunikatiounsminister François Biltgen besser kennen ze léieren.

Eist d’Land steet viru villen Erausfuerderungen

D’Famill, d’Steier- an d’Budget’spolitik, d’Landwirtschaft, d’Arbechtsmaartpolitik, d’Sëcherheet, d’Kultur an d’Uni Lëtzebuerg – dëst sinn nëmmen e puer vun denen Sujetën, iwwer déi während dësen Informatiounsowender zesummen mat den Ministären an Deputéierte vun der CSV diskutéiert wäert ginn.

An dësem Moment steet eist d’Land viru villen Erausfuerderungen. Vill vun desen Sujetën sti momentan am Mëttelpunkt vun der Aktualitéit, hei am Land an och am Ausland. Sie weisen wéi wichteg et ass, seriös, viirsichteg an virausschauend Politik ze maachen, wéi d’CSV daat zënter laangen Joeren mecht.

Wann een elo zum Beispill, déi schlecht ekonomesch Laag kukkt, weise sëch grad an dëse Situatiounen d’Viirdeeler vun enger zënter laange Joeren viirsichteg gefuerte Budgetspolitik vum Luc Frieden an senge Virgänger. D’CSV-Finanzpolitiker hunn ëmmer drop gehaal, fir och a speziell an deenen fetten Joeren dofir ze suergen, datt Reserven ugeluegt an d’Investissiounsfondsën laangfristeg opgebaut géifen ginn.

Noutwendegkeet vun eiser Zäit

Och déi breedugeluegte Steierreform vum Staats- an Finanzminister Jean-Claude Juncker erlaabt de Leit hei am Land déi negativ Auswirkungen e bësschen manner ze spieren. Am nachhinein confirméiert déi aktuell ugespannte wirtschaftlech Situatioun d’Noutwendegkeet vun dëser Steierreform an och, datt den Zäitpunkt eigenlech nët besser konnt gewielt ginn. Als Privatpersounen hu mir haut alleguer méi am Porte-Monni, trotz schwéieren ekonomeschen Zäiten. An eis Betriiber sinn an der Laag duerch dës Steierreform och nach weider ze investéieren.

Fair Renten, och fir Fraen

An deene nexten Deeg wäerten, déi éischt vun Iech déi nei geschaafen Erziehungspauschal iwwerwiese kréien. Wann ee bedenkt, datt iwwer 36.000 Demanden erakomm sinn, gesäit een, datt d’CSV 100% Recht haat, wéi eis Partei um Rentendësch eng Unerkennung vun der Erzéiungsaarbecht fir all eis Mammen gefuedert an duerchgesaat huet.

Sëcherheet garantéieren

Am Wunnengsbau zu Lëtzebuerg ass d’Regierung gewëllt weider Mossnahmen ze huelen fir zesumme mat de Gemengen hei am Land méi eng grouss Offer ze lancéieren. Och déi rezent Opstockung vun de Moyen’en fir d’Police an d’Justiz ass wichteg. Et geet drëm fir d’Sëcherheet vun alle Biirger hei am Land nach besser ze garantéieren.

Eng aktiv Birgergesellschaft

Ech hunn elo nëmmen ee puer vun deene villen Sujetën erausgepickt, iwwer déi mir mat Iech diskutéiere wëlle. Am neien CSV-Grondsatzprogramm plädéiere mir fir eng aktiv Biirgergesellschaft. Fir den CSV-Generalsekretär Jean-Louis Schiltz geet et genau doreems bei dësen Informatiounsowender. Zesummen mat Iech alleguer wëlle mir eisen Deel zu däer aktiver Biirgergesellschaft bäidroen.

Bei dësen Informatiounsowender geet et elo net dreems ee blannen Aktionismus un den Daag ze leeën, well ee festgestallt huet, datt an 14 Méint déi nexte Walen an d’Haus stinn. Neen, ët geet vill méi doreems déi Zesummenarbecht, déi d’CSV schons iwwer laang Joeren mat den Biirgerinnen an Biirger hei am Land am Kader vun der Aarbecht an den eenzelnen Sektiounen op nationalem an awer och op kommunalem Plang leescht, weider ze féieren.

Mir kommen an all d’Bezierker e puer Mol. Wann Dir also elo Froën, Iddeeën oder Bemierkungen hutt; wann Dir wëllt derbäi sinn a matmaachen, einfach op eis Internetsait www.csv.lu goën. Do fannt Dir all Detailler vun deenen eenzelnen Veranstaltungen.

Ech soen Iech villmols Merci fir Aeren Interessi.

Eng fräi Tribün op RTL Radio Lëtzebuerg mat dem Maurice Bauer, CSV-Generalsekretär adjoint ( vum 10.03.03 an de Emissioun d’Parteien hunn d’Wuert)