D’Grondwäerter schützen

Parteipräsident François Biltgen zur Familljepolitik.

“Eis Gesellschaft ännert, a mär maachen e Feeler, wa mer eis net drop astellen. Wichteg ass, datt mer eis Wäerter behalen. Mä d’Formen, an deenen des Wäerter sech ausdrécken, änneren.

Ech huelen d’Fro vun de Forme vum mënschlechen Zesummeliewen. Mär hunn am Grondsazprogramm nach eng Kéier ausgedréckt, datt d’Bestiednis fir eis eng Grondzell vun der Famill ass.

Mä et gëtt och Famill ouni Bestiednis: ech denken un déi Alengerzéiend. An et gëtt och Famill an aner Formen vum Zesummeliewe wéi d’Bestiednis. Dat grad bei der Jugend.

An et wäerte muench heibanne sinn, deenen hir Kanner zesummeliewen an och gudd ouni bestued ze ginn, obwuel se dat vläit nach ginn. Och des Formen verdéngen, datt mer eis em se beméien. Well et kënnt op d’Grondwäerter vu Solidaritéit a Léift un. An déi musse mer schützen, op se bei Mann a Fra oder bei gläichgeschlechtleche Kopelle spillen.”

(Aus der Kongressried vum François Biltgen)