Prett fir d’Zukunft

Eng Radioemissioun op RTL Radio Lëtzebuerg mat dem Generalsekretär Jean-Louis Schiltz.

D’CSV ass prett fir d’Zukunft

D’CSV huet sech e Samsden (18. Januar 2003) zu Walfer een neie Präsident ginn. Mat 95% vun den Stëmmen ass de François Biltgen zum Präsident gewielt ginn. De François Biltgen ass de richtige Mann zur richtiger Zäit op der richtiger Plaatz.

D’CSV ass prett fir d’Zukunft.

D’CSV huet sech an deene leeschte Joeren ënnert dem Impuls vun der scheedender Parteipräsidentin Erna Hennicot-Schoepges wat Persounen, wéi Strukturen, awer och wat dat Programmatescht ubelangt, erneiert.

D’CSV huet sech erneiert, wat d’Persounen ubelangt. Vill nei jonk Gesichter prägen haut d’Bild vun der CSV. En Drëttel vun eise Memberen sinn manner ewéi 36 Joër aal.

D’CSV huet sech och wat d’Strukturen ubelangt, erneiert, an deem se sech am Joer 2001 nei Statuten ginn huet.

D’CSV huet sech schliesslech a virun allem am November d’leescht Joer e neie Grondsatzprogramm mat dem Titel “Jidder Eenzelen zielt” ginn. Ee Grondsazprogramm am Kader vun dem mer eis klassesch Wäerter nei oppoléiert hunn. Ee Grondsatzprogramm am Kader vun dem mer eis och mat méi neien Phänomener auserneen gesaat hunn, ewéi d’Gentechnik, d’Globaliséierung, den Dialog vun de Kulturen asw.

De programmatische Kader steet demno. Eise Grondsatzprogramm ass e moderne Programm, den d’CSV fit mëcht fir dat 21. Joerhonnert.

Zu enger Partei fir dat 21. Joerhonnert gehéiert och e neie Logo. A schliesslech huet d’Partei sech d’leescht Joer ënnert dem Erna Hennicot-Schoepges ee neien – orangen – Logo ginn.

D’CSV ass duerfir prett fir d’Zukunft

Sie huet e Samsden – niewt der Wahl vum neie Parteipräsident – och hir national Gremien wäitgehends erneiert an domatter och déi personell Erneierung emol wéinstens provisoresch ofgeschloss.

D’CSV ass prett fir d’Zukunft.

D’CSV huet iwwer 9 600 Memberen. De neie Parteipräsident huet e Samsden gesoot, hien wellt d’Gespréich mat dëse Memberen sichen, an datt ass gudd esou.

D’CSV ass prett fir d’Zukunft.

Den néie Parteipräsident huet och en Samsden gesoot, datt ee vun senge Schwéierpunkter d’Diskussioun mat Nët-Memberen wäert sinn. D’CSV huet schons an dene leschte Joeren gewissen, datt si eng open Partei ass, déi d’Gespréich mam Bierger sicht. An et ass gudd, datt dat esou wéider geet.

Esou hunn mir zum Beispiell eise Grondsatzprogramm och mat Net-Memberen durchdiskutéiert.

Mir hunn och an dene leschten drei Joeren all Joer am Hierscht eisen sougenannten Hierscht-Tour organiséiert, wou eis Mandatären, Minister, Deputéiert oder Buergermeeschter, op plus ou moins 20 Versammlungen mat den Bierger diskutéiert hunn, fir ze kucken, wou de Schong géif drécken.

Dës Versammlungen waren e ganzt wichtigt Element vun eisen Aarbechten.

D’CSV wäert weiderhin mam neie Präsident fir d’Gespréich mam Bierger, fir déi open Diskussiounen stoen. Och iwwert de Wee vun den neie Medien, wéi Internet an esou weider.

D’CSV ass prett fir d’Zukunft.

Sie steet mat zwee Féiss fest um Buedem. Matten am Liewen. An der Mëtt vum lëtzebuerger Vollek.

(aus enger fräier Tribün op Radio Lëtzebuerg mat dem CSV-Generalsekretär Jean-Louis Schiltz)