Débat d’orientation : La violence domestique
Rapport oral de Madame Ferny NICKLAUS-FABER – et gëllt dat geschwaate Wuert an der Châmber –
Här President, Dir Dammen an dir Hären,
Ët ass dëst Joer déi sechsten Orientéierungsdebatte, déi mer bei Gelégenheet vum Internationale Fraendaag hei am Parlament oofhaalen. Haate mir an deene leschten Joeren d’Presenz vun de Fraen an der Politik oder der Ekonomie méi genee ënnert d’Lupp geholl, sou huet d’Egalités-Kommissioun décidéiert, fir dëst Joer een Thema unzegoen, deen nach ëmmer ee vun den Tabu-Themaen an eiser Gesellschaft ass : d’Gewalt doheem, daat heescht an deenen allermeeschte Fäll Gewalt géint Fraen, Gewalt géint Kanner, awer och Gewalt géint eeler oder handikapéiert Leit. An dës Gewalt geschitt ganz dachs hannert enger schéiner Façade vun engem intakte Familljeliewen. Oft gët dës Gewalt vu Leit ausgeübt, wou een nie géife méngen, datt si zu sou engem onmënschleche Behuele fäheg wären.
Den Objektiv vun dësem Rapport a vun dëser Orientéierungsdebatte soll sinn, fir eng Kéier öffentlech de Fanger op eng Wonn ze léen, déi hei zu Lëtzebuerg genau sou grouss ass, wéi an deenen aanere Länner, déi hei awer vielleicht nach méi tabuiséiert gët, well mir een deen aaneren jo sou gudd kennen. Sie soll weisen, dass d’Gesellschaft dës Gewalt nët acceptéiert, dass se kloer ee Crime duerstellt, ee Crime géint « Droits de l’homme ».
D’Virbereedung vun dëser Débatte wär ouni d’Matwiirke vun deenen Organisatiounen, déi op dem Plang vun der Afferhëllef zënter Joeren aktiv sinn nët méiglech gewiescht. Ech wëll dofir op dëser Plaaz all deene Leit, déi bei eis an d’Kommissioun komm sinn, oder déi een Avis zu dëser Orientéierungsdebatte eragin hunn, ee grousse Merci soen. Verschidden Avis’en ware substantiel an hunn eis an eiser Meenungsbildung weider bruecht. Vun aaneren Avis’en, notamment vun enger Fraendachorganisatioun, haate mir eis an der Kommissioun méi erhofft. Mee ech méngen, all Diskussioun iwwert d’Thema vun der häuslescher Gewalt féiert zu enger méi offener Approche.
Ech wëll hei och de Membere vun der Commissioun Merci soen, fir hir excellen Mataarbecht während deene ville Réuniounen.
Här President, Dir Dammen an dir Hären,
Erlaabt mer mam Sujet unzefänken, mat der Citatioun, déi mir och am schrëftleche Rapport erwähnt hunn. Si ass vum Gilbert Pregno a beschreiwt, och wann hien se méi op d’Kanner bezun huet, dach d’Situatioun vun der häuslescher Gewalt ganz gudd : « L’injustice et la violence existent dans la société, dans sa culture, dans ses instiutions et elles ont comme soeur l’indifférence, et toutes les trois créent le ciment de l’exclusion et de la marginalisation. »
Häuslesch a familiär Gewalt ass ee breed gefächert Thema. Mee d’Komissioun war der Meenung, sech bei dësem Thema nët nëmmen op d’Gewalt géint Fraen ze beschränken. Well wann an enger Partnerschaft Fraen der Gewalt ausgesaat sinn, dann sinn och déi aaner Memberen, déi do liewen mat der Gewalt konfrontéiert, och wann si selwer nët maltraitéiert gin. Wann ech hei ëmmer vun de Fraen als Affer vun der Gewalt schwätzen, dann aus deem Grond, well an der ganz gerousser Majoritéit vun de Fäll si d’Affer sinn. D’Kommissioun ass sech awer natiirlech bewosst, datt och Männer können der häuslescher Gewalt ausgesaat sinn.
Wa mer vu Violebnce domestique, daat heescht familiale schwätzen, da kënnt daat ee Widdersproch a sech sinn. Well daat Wuert Famill rifft bei eis éischter positiv Gefiller erfir.
D’Gefill vu Gebuergenheet, d’Gefill vun Wärmt a Léiwt. Wa mir agestin, datt a villen Familljen d’Gewalt agezun ass, da riskéiere mir de Mythos vun der Famill ze zerstéieren, deen an eisen Traditiounen fest verankert ass.
An dofir hu mir sëcherlech och déi Schwieregkeeten, fir d’Gewalt an der Famill, d’Gewalt an der Partnerschaft unzeerkennen, se aus der Tabuzone eraus ze huelen, an eis bewosst ze gin datt si keen Phänomen ass, deen nëmme marginal existéiert. D’Gewalt an der Famill existéiert an all soziale Milieu, an all Kultur, an all Altersgrupp. International Etuden schwätzen dovunner, datt tëschend 17 an 38% vun de Fraen der Gewalt vun hirem Partner ausgesaat sinn. Wann dës Zuelen schon alarméierend sinn, da muss ee wëssen, datt si nëmmen d’Spëtzt vum Eisbierg duerstellen. Schliesslech kommen jhust déi Fäll un Dagesliicht, an deenen d’Affer de Courage huet, fir an d’Öffentlechkeet ze trieden. Ee groussen Deel vun de Fäll bleiwt am Deischteren. An d’Evolitioun schéngt weider a Richtung vun engem Usteigen vun der häuslescher Gewalt ze goen.
Dofir ka si och nët zur Privarsaach oofgestempelt gin. Mir können an därfen d’Aen nët virun der Gewalt an der Famill zoumaachen well ët handelt sech dobei ëm ee Problem vun eiser ganzer Gesellschaft. Eis Gesellschaft därf d’Gewalt an der Famill nët als een Phänomen acceptéieren, daat een nët ännere kann. D’Gewalt an der Famill ass keen Episode aus engem Vaudeville. Si ass brutal, si ass onmënschlech, si zerstéiert, an dofir ass eis Gesellschaft moralesch gefuerdert, fir konsequent géint d’Gewalt an der Famill vir ze goen.
Här President,
Waat ass iwwerhaapt Gewalt ?
« La violence et un comportement actif, spontané ou volontaire, menaçant autrui et lui portant préjudice, dommage et souffrance morale ou physique », laut Dictionnaire
Waat elo spezifesch d’Gewalt géint d’Fraen ubelaangt, an d’häuslesch Gewalt ass jo an der grousse Majoritéit vun de Fäll Gewalt géint Fraen, sou huet d’UNO-Fraekonferenz vu Peking festgehaalen : « La violence à l’égard des femmes constitue une violation des droits fondamentaux de celles-ci et fait obstacle à la réalisation des objectifs d’égalité, de développement et de paix. »
All Zorte vu Gewalt hunn eng Ursaach. Kanadesch Expert’en sin der Meenung, datt d’Ongleichheet tëschend den Geschlechter eng vun den Ursaache vun der Gewalt an der Famill ass. Och d’Bild, daat eis Gesellschaft nach ëmmer vun der Fra huet, dréit zu dëser Situatioun bei a verleet de Mann ze denken, datt hien d’Recht hätt, Gewalt géintiwwer sénger Fra a sénge Kanner unzewenden.
D’Expert’en schwätzen awer och dovunner, datt Gewalt, déi een als Kand an der Famill erliewt dozou féiert, datt ee spéiderhin dës Virgehensweis als eppes normales ugeseit. Wann een virgeliewt kritt, datt ee mat sénge Problemer jhust kann op eng gewaltäteg Art a Weis ëmgoen, dann huet een éischter d’Tendenz dëse Modell vu Konfliktléisung och ze gebrauchen.
D’Gewalt an der Famill kann also och een Deiwelskrees sin, aus deem een ganz schwéier raus kënnt.
Wann ech elo vun engem Krees geschwaat hunn, da muss daat Bild vum Krees och op d’Ëntwëcklung vun der Gewalt an der Koppel ugewandt gin. Ët besteet nämlech een Zyklus vu Gewalt, a vu méi rouege Perioden. D’Gewalt an der Famill, d’Gewalt géint d’Fraen – siew daat verbal, psychologesch, physesch oder sexuell Gewalt – verleeft an engem Zyklus, deen drei Phasen huet : d’Spannung an der Koppel geet an d’Luet, d’Gewalt entléid sech, eng méi roueg Periode no där ët awer ëm sou schlëmmer nees weider geet. D’Zeitspaan tëschend dësen Perioden gët awer all Kéiers méi kléng.
Mee déi Zeit vu Rou féiert vill Affer ëmmer nees dozou ze méngen, ët wär jhust een Ausrutscher geweescht, an den Täter géif daat nie méi maachen. Dofir steet d’Affer ëmmer virun enger ambivalenter Décisioun der Relatioun een Enn ze maachen oder weider an der Koppel ze bleiwen. Aaner Ursaachen fir dës Onentschlossenheet sin : den émotionnellen Attachement un den Täter, d’Responsabilitéit fir d’Famill, d’Kanner, d’Angscht virum Justizapparat an déi finanziell Oofhängegkeet vum Täter. Dës Offhängegkeet ass iwregens och ee Mëttel fir den Täter deen se als Drockmëttel benotzt, niewt villen aaneren.
Här President, Dir Dammen an dir Hären,
D’Konsequenzen vun der häuslescher Gewalt sin enorm a betreffen Affer an Täter vun der häuslescher Gewalt. Bei de geschloene Fraen hannerléist d’Gewalt physesch an psychesch Wonnen. Dës Fraen gin éischter dépressiv, si hunn Aangschtzoustänn, kierperlech Blessuren, si hunn éischter Alkohol- oder Drogeproblemer a sin vill méi staark selbstmordgefährdet. Als schrecklecht Beispill vum Ausmoos vun der Gewalt wëll ech soen, datt a Kanada 2 vu 5 Morden tëschend Conjoint’e geschéien. Viru kuurzem ass och bei eis nees eng Fra vun hirem Partner doudgeschloe gin.
Bei de Kanner, déi doheem Gewalt erliewen, siew ët, datt si selwer geschloe gin – vum Papp oder a vun der Mamm bei där ët och ka virkommen, datt si déi Gewalt déi si erliewt un d’Kanner weidergët – , siew ët datt si matkréien, datt tëschend hiren Elteren Gewaltszenen virkommen, ass de Schued, de Schued un der Kannerséil, deen doduerch ugeriicht gët nach vill méi grouss. Schliesslech gët de Grondsteen fir d’Perséinlechkeets-Ëntwëcklung an der Kandheet geluecht. Ee Kand gët vun deem, waat ët doheem erliewt, fir sei ganzt Liewe geprägt. De Schutz vum Kand erlaabt keen Ignoréieren vun der Gewalt, déi him ugedoe gët.
Erlaabt mer déi folgend perséinlech Bemierkung : bei de Gewaltscènen op der Televisioun maache mer eis zu Recht Gedanken iwwert d’Wuel vun eise Kanner. Wärt ët nët och batter néideg eis a Punkto häuslescher Gewalt endlech déi selwecht Gedanken ze maachen ?
D’Kanner sinn am Fall vun häuslescher Gewalt Perdant op der ganzer Linn. Hiren émotionnellen Equiliber an hir physesch Gesondheet sin op kuurz an op laang Weil gestéiert. Si kréie Problemer an der Schoul, si hu Schwieregkeeten normal sozial Kontakter opzebauen, si léen am Ëmgank mat hire Komeroden ebenfalls ee gewaltätegt Verhaalen un den Dag, si kréie psychosomatesch Erkrankunge, a sou weider. Si ëntwëcklen och een héigen Toleranzniveau vis-à-vis vun der Gewalt, a léieren sou nëmme schwéier, fir Problemer op eng gewaltfrei Aart a Weis ze léisen. An dëst kann si als Erwuessen nees an deen Deiwelskrees féieren, vun deem ech schons geschwaat hunn.
Wann d’Konsequenzen fir d’Affer vun der Gewalt sëcherlech déi schwerwiegends sin, sou muss een dach awer och a Betruecht zéien, datt ët och Konsequenzen fir den Täter gin. Och fir hien gët d’Liewen an der Famill ëmmer méi schwéier, an natiirlech leeft hien de Risiko verhaft a souguer verurteelt ze gin. Hei wëll ech op ee ganz interessante Punkt opmierksam maachen.
Wann een den Täter un de Pranger stellt, wa bekannt gët datt hien doheem schléit, wa séng Frënn a Kollegen daat gewuer gin, dann, sou weisen ët international Erfahrungen, denkt hien iwwert sein Handelen no. Dann ass ët och méiglech, datt hien manner gewaltäteg gët. Well jhust wann den Täter erkennt, datt hien am Fehler ass, ass ët méiglech, datt hien sei Verhaalen ännert.
Och ekonomesch a finanziel gesin huet dës Gewalt eng Rei Konsequenzen. D’Universitéit vu Fribourg an der Schweiz huet de finanziel-ekonomeschen Impakt mol eng Kéier ausgerechend.
400 Millioune Schweizer Frang, oder 10 Milliarden Lëtzebuerger Frang kascht d’häuslesch Gewalt all Joer d’Schweiz. Daat meeschte Geld gët dobei nët fir d’Preventioun ausgin, mee fir d’Folgekäschten vun der Gewalt am Stot. An dobei sin nach nëmmen d’öffentlech Gelder a Betruecht gezu gin. Waat d’häuslesch Gewalt déi eenzel Persounen, an d’Betrieber kascht, daat muss nach dobei gerechend gin. Dëst jhust als Indikatioun, datt d’häuslesch Gewalt eis alleguer eppes kascht.
Här President, Dir Dammen an dir Hären,
Wéi geseit elo d’Situatioun hei zu Lëtzebuerg konkret um Terrain aus ? Wéi ass d’Approche déi mir vis-à-vis vun der häuslescher Gewalt hunn a wéi eng Moyen’en hu mir, fir deene betraffene Leit ze hëllefen ?
Déi politesch a sozial Verantwortlech hei zu Lëtzebuerg sin sech voll bewosst, datt mir um Plang vun der Preventioun an der Reaktioun op häuslesch Gewalt mussen méi aktiv gin. Déi Motioun, déi ech den 12te Mee 1999 déposéiert haat, an déi dee selweschten Dag vun der Chamber adoptéiert gouf huet d’Aféierung vum Prinzip vun der Wegweisung vum Täter gefrot, an eng besser Coopératioun tëschend deene verschiddenen Intervenant’e verlaangt.
An der Regierungserklärung vum August 1999 steet, datt eis Législatioun soll an déi Richtung oofgeännert gin, datt den Täter déi schléit muss d’Wunneng verloossen, an nët d’Affer vun dëser Gewalt.
Dës Approche huet zum Beispill an Éisterreich zu positiven Resultater gefouert. Do gëlt zënter 1997 datt den Täter aus der Wunneng geholl gët. Hien därf sehc och während enger gewësser Zeit nët am Ëmkrees vun der Wunngt a vun der Schoul vun de Kanner ophaalen. Dëst gët der Fra d’Méiglechkeet fir sech an der gewinntener Ëmgéigend iwwert hir Sotuatioun klor ze gin, an ze décidéieren, wéi eng Schrëtt si ënnerhuele wëlt. D’Wegweisung vum Täter gët och de Kanner d’Méiglechkeet, an enger fir si traumatescher Situatioun wéinstens nach kënne weider an hir gewinnte Schoul ze goen, an an der gewinntener Ëmgéigend ze liewen. Den Täter par conter mierkt, datt hien ee verwerflechen Akt gemaach huet. Hie gët un de Prnager gestallt. D’Gesellschaft weist him, datt si sei Benehmen nët kann acceptéieren.
Mei Fraktiounskolleg Marco Schank wärt nach méi am Détail op d’Wegweisung agoen. Ech wëll awer erfirstreichen, datt dëse Prinzip vun der Wegweisung, deen, sou konnte mer ët d’lescht Woch an der deitscher Press liesen och an Deitschland soll agefouert gin, och hei zu Lëtzebuerg an der Diskussioun ass, an datt ee Gesetzesprojet an déi Richtung soll op den Instanzewee bruecht gin. Méngen Informatiounen no ass dëse Gesetzesprojet sou weit fortgeschratt, datt d’Ministesch an deenen nächste Wochen kann domadder an de Conseil goen. D’Parlament huet op jidder Fall séng Aarbecht gemaach.
Här President, Mir hunn an der Egalités-Kommissioun bei der Virbereedung vun dëser Débatte eng ganz Rei vun Organisatiounen empfaangen, déi am Bereich vun der Hëllef fir Affer vun häuslescher Gewalt aktiv sin, siew ët datt si Opfangstrukturen – sprich Fraenheiser – hunn, an de Fraen déi noutwendeg Informatiounen zoukomme loossen, siew ët, datt si sech besonnesch ëm d’Kanner bekëmmeren.
Dës Entrevue’en hu gewissen, datt de Problem vun der häuslescher Gewalt och hei zu Lëtzebuerg erschreckend Ausmossen huet. Wann ee bedenkt, datt am Joer 1999 d’Femmes en détresse an d’Fondation Maison de la Porte ouverte 147 Fraen opeholl hunn, déi virun enger Gewaltsituatioun geflücht sinn, da wees een wéi déif dëst Geschwür an eiser Gesellschaft ass. Well, wéi ech schons gesot hunn, déi Fraen, déi Zouflucht an engem Fraenhaus sichen, stelle jhust d’Spëtzt vum Eisbierg duer. Déi Fraen, an aller Stëllt doheem viru leiden sinn déi grous Majoritéit.
An dëse Problem ass ee Laangzeitproblem. Zënter 1976 huet de Foyer Paula Bové nämlech 2.600 Fraen an Kanner opgeholl. Eis Gesellschaft kuckt schons vill ze laang dësem Problem no, oder besser gesot, si mescht d’Aen virun dësem Problem zou.
Mir stellen eis jhust ëmmer déi falsch Froen. Anstatt ze froen firwaat datt mir Gewalt am Stod zouloossen, froe mir zimmlech weltfriem, firwaat datt déi betraffe Fraen dann nët fortgin oder Plainte maachen. Dobei leit d’Äntwort op dës Froen op der Hand :
? Angscht virun enger ongeklärtener ekonomescher Situatioun ; ? virum Aléngsinn ; ? hir Kanner ze verléieren ; ? virun der Reaktioun vun der Gesellschaft, hire Frënn an hirer Famill ; ? virun weiderer Gewalt vun hirem Partner ? virun de juristesche Prozeduren.
Bei d’Angscht kënnt awer och d’Hoffnung, datt de Partner sech ännere wärt, datt ët jhust een Ausrutscher war, datt si selwer Schold un der Situatioun sinn.
Hei muss also d’Gesellschaft och hir Attitude vis-à-vis vun dëse Fraen änneren. Mir mussen hinnen klor verstänlech maachen, datt si nët déi schëlleg sinn, datt mir hannert hinne stin, a si an hirer Situatioun ënnerstëtzen. De Schratt a Richtung Wegweisung vum Täter ass hei sëcherlech eng vu de beschte Léisungen.
Mir mussen awer och d’Informatioun iwwert d’Fraenheiser verbesseren. Well vill Fraen kennen déi Méiglechkeeten, déi si hunn, nët genuch.
Wéi schons gesot sinn och d’Kanner Affer vun der Gewalt am Stod. Dës Gewalt limitéiert sech nët op Schléi, Vernoléissegung oder sexuel Abus’en. Si geet vill méi weit. Déi psychesch Schied, déi ee Kand dovun dréit faalen nët direkt an d’Aen. Mee si bestin, a beanträchtegen dem Kand sei ganzt Liewen sei ganzt sozialt Verhaalen. Daat sollten d’Täter virun Aen hunn. Och bei de Kanner sinn d’Zuelen fir 1999 erschreckend 186 Kenner sinn zesumme mat hirer Mamm vun doheem geflücht.
Ech wëll hei ee Problem kuurz uschneiden. Bei de Kanner gët ganz oft réischt am schoulpflichtegen Alter bemierkt, datt si doheem Gewalt ausgesaat sinn. An d’Enseignat’en stin oft virun enger schwiereger Situatioun. Dofir wär ët ze begréissen, wann nom Modell vun der Stad Lëtzebuerg speziel Cours de formation continue fir d’Enseignant’en géifen landesweit agefouert gin.
An dësem Zesummenhank sinn ech der Meenung, datt eng speziell Formatioun fir d’Generalisten och vu Notze wär, well d^’Doktoren stin heiendsdo virun deem selweschte Problem.
Här President, Nët nëmme Fraen a Kanner si vun der häuslescher Gewalt betraff. Och eeler a behënnert Leit sinn dachs Affer vun dëser Sorte vu Gewalt. Ech wëll hei nët weider dorops agoen, mee jhust op de Problem hiweisen, well och hien muss geléist gin. Mee daat géif hei ze weit féieren. Sou een Débat muss eng Kéier fir eng aaner Gelégenheet gefouert gin.
De Rapport huet och d’Roll vun de Forces de l’ordre méi genee ënnert Lupp geholl. Nees eemol ass Canada, als francophont Land eng Referenz. Hei greift Gendarmewrie an, wa Voies de fait virleien, déi och genee am Gesetz définéiert sinn.
An dësem Zesummenhank wëll ech kuurz op d’Situation hei zu Lëtzebuerg agoen. Hei gët ët besonnesch a Punkto Méiglechkeet vun der Wegweisung verschidden Opfaassungen vun der Aktiounsméiglechkeet vun eiser Police. Si ass nämlech der Meenung, datt si nët kann op deem Punkt aktiv gin. Dobei sinn d’Artikelen 3 an 33 vum Gesetz vum 31te Mee 1999 iwwert Police dach zimmlech klor, a gin der Police d’Recht och op dësem Gebidd anzegreifen.
Mee d’Kommissioun ass der Meenung datt der Police d’Méiglechkeete gi sinn, fir méi aktiv ze gin. D’Kommissioun huet ee groussen Deel vum Rapport dorop verwendt fir déi bestehend rechtlech Situatioun – Dispositiounen vum Code pénal, vum Code d’instruction criminelle, vum Code civil – duerzeléen. Ët géif ze weit féieren, fir hei op all dës Dispositiounen an och op d’Beschreiwung vum der Aarbecht vum Parquet anzegoen. Dir fannt dës interessant Informatiounen jo am schrëftleche Rapport.
Ech wollt och nach e puer Wuert iwwer d’Aart a Weis verléieren, wéi den Affer vun häuslescher Gewalt soll gehollef gin. Ët ass selbstverständlech, datt no engem Akt vu Gewalt den Affer muss gehollef gin. Mee mir mussen méi Zeit a Geld an d’Preventioun steechen. Well si aléng kann Gewalt verhënneren. An daat ass waat zielt.
Wichteg ass, datt Affer an Täter gehollef gët. Well nëmmen duerch eng gezielten Täteraarbecht kombinéiert mat der Hëllef fir d’Affer kann dem Leed, daat an enger Famill besteet, déi ënnert Gewalt leid, ëntgéint gewierkt gin. Op dësem Plang ass d’Méiglechkeet vun Selbsthilfegruppe sëcherlech eng Méiglechkeet, déi méi konsequent misst agessat gin.
Här President, Ech wëll zu de Konklusioune kommen.
? D’häuslech Gewalt därf keen Tabu sinn. Eis Gesellschaft därf hir Aen nët virun dëser Realitéit zou maachen. Am Géigendeel, mir mussen ëmmer nees iwwert dëst Thema sensibiliséieren.
? Kéng Form vu Gewalt ass eng Fatalitéit. Mir mussen all Form vu Gewalt entgéintwierken, se am Keim erstécken. D’häuslesch Gewalt ass kéng Privatsaach. Si geet eis alleguer eppes un. Och de Staat, deen als Aufgab huet séng Bierger ze schützen muss séng Pflichten erfëllen.
? A Punkto häuslesch Gewalt ass nees eng Kéier ee Mentalitéitswiessel erfuerdert. Lou laang wéi Männer dovunner iwwerzeet sinn, datt si d’Soen hunn, an datt d’Fra hinne muss zur Verfügung stoen, sou laang wärt ët kéng richtungsweisend Ännerung op dësem Plang gin. D’Gespréich tëschend de Geschlechter a léieren mateneen op eng responsabel Aart a Weis ëmzegoen sinn immens wichteg.
? Fir efficace können géint d’häuslesch Gewalt unzegoen, muss ee déi verschidde Formen
vun häuslescher Gewalt genee définéieren.
? Verschidden gesetzlech Dispositiounen mussen sou ëmgeännert gin, datt ee méi efficace’t Virgehen géint d’häuslech Gewalt méiglech ass. Och d’Méiglechkeet, datt eng Organisatioun sech als Partie civile kann constiutéieren, an esou eng Plainte géint den Auteur vu Gewalt kann weider gedriwwe gin, ass eng Piste, där ee kann nogoen.
? D’psychologesch Betreiung vun Affer an Täter sinn noutwendeg, fir de Krees vun der Gewalt ze duerchbriechen.
? Méi Informatioun fir déi Betraffen a méi Formatioun fir alleguer d’Intervenant’en ass noutwendeg fir ze garantéieren, datt si léieren, d’Situatioun besser ze géréieren.
D’Konklusiounen, déi een zéie kann, an d’Wéer, déi een opzeechne kann si ganz vielfälteg.
Mir mussen op jiddefalls an noer Zukunft de Problem besser an de Grëff kréien. An dofir méngen ech ass dës Débatte een gudden Ufank.
Här President,
Erlaabt mer fir därfe mat engem engleschen Text opzehaalen, deen de Zyklus vun der häuslescher Gewalt an d’Konsequenzen dovunner excellent beschreift.
I got flowers today.
It wasn’t my birthday or any other special day.
We had our first arguement last night, and he said a lot of cruel things that really hurt me.
I know he is sorry and didn’t mean the things he said because he sent me flowers today.
I got flowers today, it wasn’t our anniversary or any other special day.
Last night he threw me into a wall and started to choke me.
It seemed like a nightmare, I couldn’t believe it was real.
I woke up this morning sore and bruised all over.
I know he must be sorry because he sent me flowers today.
I got flowers today, and it wasn’t mother’s day or any other special day.
Last night, he beat me up again, and it was much worse than all the other times.
If I leave him what will I do? How will I take care of my kids? what about money? I’m afraid of him and scared to leave.
But I know he must be sorry because he sent me flowers today.
I got flowers today, Today was a very special day, It was the day of my funeral.
Last night, he finally killed me.. he beat me to death.
If only I had gathered enough courage and strength to leave him, I would not have gotten flowers today.
Ech soen Iech Merci.
1
4