Nelly Stein – Studienbeihilfe

Ried vun der CSV-Deputéiert Nellx Stein zum Projet de loi n°4562 iwert d’aide financière de l’Etat pour études supérieures

Här President, Dir Dammen an Dir Hären, Eis Jugend as eis Zukunft. Desen oft vun Politiker gebrauchtene Satz daerf nët einfach am Raum stoen, mee muss eis dozu leeden eiser Jugend déi beschten Ausgangspositioun ze schaafen mat där se kennen hir Zukunft ugoen.

De Projet de loi deen eis haut virleit behandelt e Bereich wou et extrem wichteg as dass d’Politik deen richtegen Kader schaaft. All Land brauch Universitären, och Lëtzebuerg. Mee Lëtzebuerg huet der am Verglach mam Ausland net genug. Et as un de Politiker, also un eis, fir déi néideg Bedingungen ze schaafen fir daat sech hei eppes ännert. Dee virleiende Projet de loi as e Schrett an déi richteg Richtung.

D’Fuederungen vun eisem Arbechtsmaart gin emmer méi spézifesch.

D’Entreprisen an d’Adminstratiounen verlangen emmer méi spézialiséiert a qualifizéiert Personal. Et stinn awer net emmer genug Leit mat engem Unis- oder Héichschoulofschloss zur Verfügung. En groussen Deel vun den Universitären hei am Land besteet elo schons aus Frontalieren oder Leit déi sech just fir eng begrenzten Zäit hei zu Lëtzebuerg ophaalen.

Dest dréit wuel zur Dynamik an zur Diversitéit vun eiser Bevölkerung an eiser Ekonomie bei. Et werft awer och d’Fro op vun de Chancen vun den lëtzebuerger Universitären an net-Universitären op eisem Arbechtsmaart.

Hei muss sech eppes doen. Eng Reform vun der staatlecher Finanzhellef as keen Allheilmittel, awer en wichtegen Aspekt vum Problem.

Lëtzebuerg muss sengen Studenten déi neideg finanziell Mettelen zur Verfügung stellen déi hinnen erlaben an uerdentlechen Konditiounen ze studéiren. Dest gellt emso méi wou de groussen Deel vun eisen Studenten op auslänneschen Unien ageschriwen as. D’Käschten vun engem Studium sin fir si deemensprechent méi heich wei fir Studenten déi an hirem Heemechtsland bleiwen.

Op Basis vun der aktueller Legislatioun profitéiren ongeféier 4.200 Studenten vun der finanzieller Hellef vum Staat. Den Total vun de letzebuerger Studenten kann op ongeféier 7.000 geschaat gin.

Déi existéirend Gesetzegebung dréit awer net méi allen Situatiounen Rechnung an léisst eng Réi vun Problemer bestoen. Dofir soll se duerch eng Nei ersaat gin, déi der Zäit ugepasst as.

D’finanziell Hellef vum Staat besteet enner Form vun Boursen, Prêts-en ouni oder mat Zensen déi awer vum Staat subventionnéiert gin, an enner Form vun Primes d’encouragements.

Ier ech méi an d’Détailer vun desem Projet agin well ech awer nach drun erenneren dass déi finanziell Studienhellef e festen Bestanddeel vun eiser Schoulpolitik as. Mir erfellen nämlech mat desem Gesetzesprojet een vun den Opträg vun der lëtzebuerger Verfassung. Am Artikel 23 vun eiser Consitutioun steet geschriwen, ech zitéiren : « La loi prévoit, selon des critères qu’elle détermine, un système d’aides financières en faveur des élèves et étudiants ». Kaum en aanert Land huet esou eng Dispositioun, et ennersträicht d’Bedeitung déi mir der Finanziellerstudienhellef zoumossen.

Här President, Dir Dammen an Dir Hären, Déi éischt Innovatioun vun desem Projet de loi as eng Redéfinitioun vun der Notioun vun den Etudes supérieures. Wéi schons gesoot, studéiren déi meescht vun eise Studenten am Ausland, an hun also en auslänneschen Diplom. Et geet also dorem fir d’lëtzebuerger Legislatioun där auslännesch ze adaptéiren. Domat anticipéiren mir eng geplangten europäesch Harmoniséirung vun den Diplomer. Des Harmoniséirung gouf 1998 initiéiert am Kontext vun de Féieren zum 800ste Gebuertsdag vun der Sorbonne. Des Projeten goufen dono, am Juni 1999, zu Bologna weidergefouert.

Mir stellen och en Parallelismus hir mat eiser Gesetzgebung vum 17 Juni 1963 iwert d’Inscriptioun am Registre des titres d’enseignement supérieur.

Den Artikel 1 vum Projet de loi gët eng dreifach Définitioun vun den Universitéitsstudien : 1. Eischtens, déi Studien déi an 3 Zyklen organiséiert sin ; 2. zweetens déi Studien déi an zwee Niveauen laafen (pré- an post Lizenz) an 3. drettens d’Studien op enger Héichschoul déi an engem Zyklus funktionéiren.

Mat deser dreifachen Définitioun droen mir der Diversitéit vun den Diplomer Rechnung. Esou gin zum Beispill franséisch Lizenzen an brittesch « bachelor degree » mat abgeraff. Et handelt sech hei em Diplomer déi een no engem Zyklus vun 3 Joer kritt an déi en folstännege Universitéitszyklus ofschléissen an deemno och am Register vun den Titres d’enseigenment supérieur ageschriwen kennen gin.

An desem Kontext wéilt ech och nach e puer Wierder soen zu den Bénificiaire-en vun der staatlecher Finanzhellef. Och op desem Plang gouf den Text moderniséiert. Et sin nämlech nët nemmen d’Letzebuerger déi an de Genoss vun der Finanzhellef kommen kennen. An zwar kommen des weideren a Fro : d’EU Bierger déi zu Letzebuerg wunnen ; d’Flüchtlingen deenen de Statut vum réfugié politique enner der Genfer Konventioun zouerkannt gouf an Leit aus drëtt-Staaten déi seit 5 Joer hei wunnen an en Diplom kennen virweisen deen équivalent as zu eisem Premièresdiplom. Ennert des drëtt-Staaten faalen och d’Memberstaaten vum europäeschen Wirtschaftsraum déi net Member vun der Europäescher Unioun sin, also Island, Liechtenstein an Norwegen.

Des Définitioun as méi breet wéi déi vum Projet de loi an senger ursprünglecher Form. Et huet eis awer wichteg geschengt an der Kommissioun vum Enseignement supérieur fir dem Staatsrot sengen Observatiounen Rechnung ze droen, an den Text an desem Sënn ze reformuléieren.

Des weideren get de maximale Montant vun der Finanzhellef deen e Student kann während engem akademeschen Joer kréien op 16.350 Euro eropgesaat. Dest entsprecht enger Augmentatioun vun 20 %.

Domadder bleift deen neidege Spillraum bestoen mat deem deenen verschiddenen sozialen Situatiounen kann Rechnung gedroen gin. De Spillraum deen der Regierung ennert der aktueller Gesetzgebung zur Verfügung steet as iwert Joeren emmer méi kleng gin.

Dest as dorober zereck ze féieren dass den effektive Montant vun der Finanzhellef emmer méi no un den theoreteschen, vum Gesetz festgeluechte, Maximum erukomm as. Déi Augmentatiounen déi hei festzestellen sin, erklären sech zum Deel duerch déi steigend Frais d’inscription op den Unien.

De Montant vun der Finanzhellef an d’Opdeelung vun desem Montant teschend enger Bourse an engem Prêt hänkt esou wuel vun der finanzieller a sozialer Situation vum Student a sengen Elteren of, wéi och vun den Frais d’inscription déi de Student ze bezuelen huet. Des Regelung bezitt sech awer nemmen op d’éischt an zweet Zyklen. Bei den drëtten Zyklen gett just d’finanziell a sozial Situation vum Student gekuckt an nët méi déi vun sengen Elteren. Duerch des Mesür, geet fir Studenten déi sech an engem drëtten Zyklus befannen den Deel Bourse vun der Finanzhellef erop an mindert domatt de Risiko vun enger Iwerverscheldung.

D’Finanzhellef vum Staat soll net e blanko Scheck duerstellen. Et get deemno vum Student eng gewessen Assiduitéit an e gewessen Sériö verlangt. An desem Senn get d’Dauer während där e Student vun der Finanzhellef profitéiren kann begrenzt. D’Finanzhellef get limitéiert op d’Regelstudienzäit plus e Joer, also e Joer méi lang wéi déi Zäit déi offiziell virgesin as fir déi betreffend Studien. Oder an aanere Wierder, bei Studien déi offiziell 4 Joeren daueren kann e während 5 Joer vun der Finanzhellef profitéiren, daat heescht et kann een sech een Echec erlaaben.

Et geet hei dorem fir ze evitéiren dass Studenten an déi schwiereg Situation kommen wou se no enger Rei vun Joeren op der Uni ouni Diplom do stin, an awer an där Zäit en zolidden Scholdenbierg ugeheuft hun. Et geet also weider dorems fir Fäll vun Iwerverscholdung virzebeugen.

Déi Regel déi ech elo grad beschriwen hun as awer net rigide an de Projet de loi geseit Aussnahmeregelungen fir. Folgend Hypothesen gin berügsichtegt: ? wann e Student Zousaatsstudien mecht; ? wann e Student Studien wellt faerdeg machen déi aus iergend engem Gronn net ofgeschloss waren; ? wann e Student sech nom éischten Joer wellt nei orientéiren ? oder wann de Student sech an enger schwiereger an aussergeweinlecher Situatioun befennt.

D’Notioun vun den Zousatzstudien, déi hei gebraucht get, as nei. Et handelt sech dobei em Studenten déi en Diplom vum zweeten Zyklus hun an déi nach en zousätzlechen zweeten Zyklus machen wellen an engem Beriech deen als komplémentär zu hierem éischten Diplom kann ugesinn gin.

Duerch de Projet de loi gin Konditiounen awer net nemmen méi large.

D’Finanzhellef kann nämlech och refuséiert gin wann e Student Resultater opzeweisen huet déi “gravement insuffisants” sin. Bei esou enger Décisioun kann de Minister op déi konsultatif Kommissioun zereckgréifen déi am Projet de loi virgesinn as.

Et as och wichteg dass d’Studenten engouragéiert gin fir hier Studien an der Regelstudienzäit ofzeschléissen. Et gouf an desem Senn bis elo déi esougenannten bourse spéciale vun 40.000 Frang. Des Bourse spéciale gouf ausbezuelt wann e Student den eischten Zyklus vun sengen Studien innerhalb vun der Regelstudienzäit plus maximal 1 Joer ofgeschloss hat.

Desen System get généraliséiert. Den Projet de loi schwätzt elo, zu Recht, vun Primes d’encouragement. Si sollen de Student motivéiren seng Studien esou gudd wéi meiglech zu Enn ze brengen. Ech well ennerstréichen dass des Primen nemmen vum Mérite ofhänken.

D’Konsequenz dovun as dass weder d’finanziell Situatioun vum Student nach déi vun sengen Elteren eng Roll spillt.

Den généraliséierte System vun Primen funktionnéiert also folgendermosen: D’Prime vun 40.000 Frang fir den Ofschloss vum eischten Zyklus bleift weiderhin bestoen an funktionnéiert no den selwechten Kritären wéi virdrun. Fir des Prime ze kréien muss een also säin éischten Zyklus an der Regelstudienzäit plus maximal e Joer ofgeschloss hun. Des éischt Prime get direkt ausbezuelt.

Dann gin zwou weider Primen agefouert: et get eng Prime vun 80.000 Frang fir den Ofschloss vum zweeten Zyklus an dann nach eng Prime vun 80.000 Frang nom Ofschloss vun engem dretten Zyklus. D’Primen fir den zweeten an dretten Zyklus gin nemmen dann ausbezuelt wann d’Regelstudienzäit respektéiert get. Wann e Student eng vun desen zwou neie Primen oder dei zwou ze gudd huet, gin se awer net onbedengt direkt ausbezuelt. Et muss een hei zwou Situatiounen ennerscheeden. Am Fall wou de Student e Prêt opgeholl huet, get d’Prime op de Montant vun desem Prêt zereckbezuelt. Des Mesür as geduecht fir géint d’Iwerverscheldung virzegoen. Am aanere Fall, also wann de Student kee Prêt opgeholl huet, get d’Prime, wéi déi vum éischten Zyklus, direkt ausbezuelt.

Ech mengen kennen ze soen dass mir heimadder e relativ generéisen an awer pragmateschen Mecanismus fonnt hätten.

Här President, Dir Dammen an Dir Hären, Wei ech schons erklärt hun setzt sech d’Finanzhellef vum Staat haaptsechlech zesummen aus Boursen an Prêts-en. Des Prêts-en hun hier Spezifizitéit. D’Modalitéiten vun deenen Prêts-en ennerleien Konventiounen déi teschend dem Staat an de Banken ofgeschloss gin.

Am Kader vun desen Konventiounen get och festgeluecht zu wéi engem Deel de Staat sech un den Intérêts-en vun esou engem Prêt bedeelegt. De Student bezillt den Moment 2%, de Rescht iwerhellt de Staat. Des Subventiounen vun den Intérêts-en erhaalen duerch desen Projet de loi eng méi zolitt legal Basis.

De Staat huet seng Hand awer och nach op eng aaner Art a Weis mat am Feier : en iwerhellt nähmlech d’Garantie vun de Prêts-en. De Remboursement vun de Prêts-en erfollegt laut Règlement grand-ducal iwert eng Period vun bis zu 10 Joer. Et kennt awer emmer nees zu Schwieregkeet beim Remboursement. Et gouf deemno no Meiglechkeeten gesicht déi dem Staat ermeiglechen, nieft dem droit commun, a Fäll wou et Problemer mam Remboursemnt gin an seng Garantie gespillt huet, un d’Suen ze kommen. Et sin des net déi Fäll wou e fréire Student Schwiergkeeten huet weinst plötzlechen Evenementer vum Liewen déi op en zoukomm sin. Mee et sin déi Situatiounen wou e fréire Student ganz bewosst sengen Obligatiounen net nogeet. Et war nët einfach dese delikaten Problem ze leisen. An enger eischter Etapp gouf drun geduecht fir d’Garantie vun den Elteren ze froen, dest as awer net tragbar an hätt de Studenten hier fräi Entscheedungsméiglechkeet a Fro gestallt. De Projet de loi huet dun zwou Mesüren virgesinn wou awer, no enger Opposition ferme vum Staatsrot, nemmen eng zereckbehaalen gouf. De Mechanismus deen am Projet de loi steet, esou wéi en elo virléit, geseit fir daat de Student dem Staat seng Rechter cédéiert op der Restitutioun vun der TVA waat Wunnengen ubelangt. Des Solutioun gouf vum Ministär vum Enseignement supérieur proposéiert, no Konsultatiounen mat dem Budgetsminister, dem Enregistrement an der ACEL, der Associatioun vun de letzebuerger Studentecerclen. De Staatsrot an d’Chamberskommissioun hun sech deem ugeschloss.

Des weideren geseit de Projet de loi eng konsultatif Kommissioun fir, déi dem Minister a verschiddene Fäll en Avis soll gin. Et dréit sech hei virun allem em déi Fäll wou en Student an enger graver an exceptionneller Situatioun as. No avis vun deser Kommissioun kennen vun den zoustänngen Ministeren folgend Décisiounen geholl gin : de Montant vun der Finanzhellef kann eropgesaat gin, et kennen Délai-en beim Remboursement accordéiert gin an e Student kann deelweis oder ganz vum Remboursment vum Prêt dispenséiert gin. Do dernieft kann den zoustännege Minister d’Kommissioun och nach mat Avis-en zu allen aanere Froen beobtragen, déi him netzlech schéngen.

Här President, Dir Dammen an Dir Hären,

Als ofschléissent Wierder weilt ech soen dass mir mat desem Projet en Zeechen setzen. D’Studenten sollen engouragéiert gin, fir hiert Bescht ze gin an uerdentlech Studien ze machen. E Student muss och kennen säin Wee sichen an de Studien vun sengem Choix nogoen. Dobei mussen d’Studenten kennen op déi finanziell Hellef zielen déi hinnen zousteet. Waat de Staat awer net accpetéieren kann as dass öffentlech Gelder gebraucht gin fir e schéint Liewen ze féiren, an fir Jonker mat Iwerverscheldung an ouni Diplom ze fuederen.

Dese Projet de loi stellt e gesonden Equiliber duer. En Equiliber teschend enger generéiser finanzieller Ennerstetzung op déi Studenten zielen kennen an der néideger Assiduitéit déi vun hinnen verlangt get.

Et as firgesin dass dest Gesetz soll den eischte Juli no senger Publicatioun am Mémorial a Kraaft trieden. All Studenten déi en deem Moment wou d’Gesetz a Kraaft trëtt op enger Uni oder Héichschoul ageschriwen sin kommen an de Genoss vun deenen neien Dispositiounen. Wann mir desen Projet de loi also haut unhuelen kann d’Gesetz schons an engem Mount ugewannt gin, an déi jetzeg Studenten kennen nach an de Genoss kommen vun deenen neien Dispositiounen, besonnech waat d’Primes d’encouragement ugeet.

Ech géif Iech also alleguerten, léif Kolleginnen a Kollegen, wärmstens emfeelen desem Projet de loi zouzestemmen.

Ech soen Iech Merci.

1

1