Reformen fir Lëtzebuerg

Reformen fir Lëtzebuerg D’Chrëschtlech Sozial Jugend (CSJ) huet op hirem Nationalkongress zu Iechternach an der Persoun vum Laurent Zeimet, als Nofolger vum Charel Schmit, en neien Nationalprësident gewielt. Op demselwechten Kongress huet d’CSJ och e Positiounspabeier mam Titel – Reforme fir Muer gestëmmt.

Nodeems d’CSJ sech d’lescht Joer ënnert dem Moto “Mir loosse keen setzen”, fir nei Paragraphen fir en aneren Jugendschutz agesat huet, stoung bei der Campagne “Chantier Lëtzebuerg” d’Zukunft vun Lëtzebuerg am Mëttelpunkt.

Zënter de Premierminister Jean-Claude Juncker am Summer vum leschten Joer am Uschloss un den Rentendesch den Lëtzebuerger d’Perspektiv vum hinsteieren op en 700.000 Awunner- Staat higewissen huet, vergeet kaum nach eng Woch, an där net iergendwou iwwer dëst Thema diskutéiert get.

Eent huet d’Debatt kloer zum Virschäin bruecht: D’Perspektiv vun engem 700.000 Awunner- Staat mecht den Leit Angscht. D’Leit stellen sech vill Froen an sie wëllen konkret a präzis Äntwerten op hir Froen.

An onsen Aen as et d’Aufgab vun der Politik, daat 700.000-Awunner-Gespenst ze entmystifizéieren. Amplaz angschterfëllt dem gudden alen Lëtzebuerg nozetraueren, wëllen mir als CSJ entschlossen den Bléck no vir riichten.

Notzen mir dach déi aktuell Debatt fir e puer grondsätzlech Froen ze stellen, iwwer d’Funktiounsweis vun eisem Staat, d’Art a Weis vum Wirtschaften, den sozialen Zesummenhalt.

Och ouni en nennenswerten Zouzug un Bevölkerung an Wirtschaftsbetrieber, gehéiert sou muenches op den Proufstand.

D’CSJ as der Meenung dat nei Léisungen sech ergin : – aus enger décidéierter Reformpolitik an sämtlechen gesellschaftlechen Beräicher, – aus enger gläichgewiichteger Landesplanung, – aus enger Erhéichung vun der Mobilitéit duerch eng qualitativ Verbesserung, den Ausbau vun den Infrastrukturen an en intelligenten Mobilitéitsmanagement, – och aus enger Réorientéierung vun eisem Wirtschaftswuesstum souwéi enger Effizienz-Iwwerpréiwung vum Sozialtransfer, – aus enger nohalteger Politik fir Familjen an Liewensgemeinschaften, – aus enger Weiderféierung vun enger integrativer Gesellschaftspolitik, fir dat den gesellschaftlechen Zesummenhalt an der Gesellschaft weider wiisst, – an net zu Lescht aus enger méi staarker Investitioun an eist menschlecht Kapital hei zu Lëtzebuerg – d’Ausbildung vun jonken Talenter.

Dofir as et noutwendeg, dat sech d’Politik d’Instrumenter gëtt, fir déi aktuell Debatt als Katalysator fir eng richteg Reformpolitik ze notzen. D’CSJ plädéiert duerfir fir d’Ariichten vun enger Cellule de Prospective, déi an enger éischter Phase mat der Ausaarbecht vun enger Studie iwwer d’Chancen, d’Risiken an d’Konsequenzen vun engem 700.000-Awunner-Staat kéint beoptragt gin. An enger zweeter Phase kéint dës Cellule de Prospective d’Roll vun enger Clearingstell fir Reformideen, -akteuren a -projeten anhuelen, fir esou den gesellschaftlechen Dialog positiv ze beaflossen.

D’CSJ huet d’Reforme fir muer agelaut, ma et as nach en laangen Wee, deen mir all zesummen goen mussen.