«Ee neie Grondsaaz fir d’CSV a méi Mobilitéit fir Lëtzebuerg»
Ried vum CSV-Generalsekretär Jean-Louis Schiltz um Neijoersempfanmg vun der CSV
Här Chamberpräsident, Här Staatsminister, Här Eierestaatsminister, Dir Damen an Hären aktuell an fréier Ministeren an Deputéierten, Europakommissären an Europadeputéierten, Dir Damen an Hären aktuell a fréier Buergermeeschter, Schëffen an Gemengeréit, Leif Parteifrëndinnen an Parteifrënn, Här Präsident vum LCGB, Leif Frënn vum LCGB an vum SYPROLUX, Dir Damen an dir Hären vun aaneren befrënnten Organisatiounen, Dir Damen an dir Hären vun der Press, Léif Frënn vun der CSV,
… 2001 war een erregnissräicht Joer fir d’CSV. 2001 war ee Joer, wou an der CSV vill geschafft ginn ass. 2001 war en Joer, wou d’CSV vill geleescht huet. Zu däer Leeschtung an zu deem Schaffen huet jidder eenzelne Parteimember, – deen den Owend hei ass -, séint bäigedroen an dofiir sinn ech frou – jiddereen vun Iech haut hei kennen ze begréissen a – jidderengem vun Iech am Numm vun der Partei ee groussen Merci auszespriechen.
Ouni Iech wäer d’CSV net daat waat se ass. D’Partei ka besonnesch houfreg sinn, datt sie Joer fir Joer, Mount fir Mount, an Daag fir Daag op Leit wéi Iech zielen kann. Dofir nach eng Keier en grousse Merci.
Dir erlaabt mer och am mengem eegene Numm als Generalsekretär Merci ze soen fir all déi Ennerstetzung an Hëllef, déi ech vun Iech kritt hunn am leschten Joer. D’CSV ass eng Partei an däer et flott ass ze schaffen. D’CSV ass eng Partei fir döi et flott ass ze schaffen.
Och un d’Frënn vun der CSV, – déi dësen Owend besonnesch zahlräich erschengen sinn -, wollt ech ee speziellen Merci riichten fir hier Ennerstëtzung, hiir Hëllef, hiir Rotschléi an hiir Suggestiounen am vergaangene Joer a stellvertriedend fir si alleguerten well ech hei eis Frënn vun den Gewerkschaften ernimmen. Merci villmools.
D’Joer 2001 war ee Joer, wou d’CSV vill geleescht huet, ech hunn et schons gesoot.
Et wäer vermessen hei wëllen ee globale Bilan vun däer Aarbecht ze dresséieren, an dofir wëll ech hei nëmmen zwee Punkten erausgräifen: Engersäits d’Steierreform an anerersäits d’3000 Frang.
Eischten Punkt aus der Aktualitéit vum Joer 2001: D’Steierreform2001 war -vläit nach méi wéi 2000- d’Joer vun der Steierreform. D’Steiersäz fir Privatleit sinn esou niddreg wéi nach nie an sie gehéieren zu deene niddregsten an Europa. Et hunn an deem Land hei nach nie esou vill Leit keng Steiere bezuelt ewéi elo. Net wëll se manner géife verdéngen. Mä, well daat steierfräit Akommes mat der Reform nach méi grouss ginn ass.
Och daat oder virun allem daat ass Sozialpolitik.
D’Steiersäz fir Betrieber sinn och esou niddreg wéi nach ni an och dës gehéieren zu deene niddregsten an Europa. Et ass daat eng Politik am Intressi vum Standuert Lëtzebuerg an net zuleescht och eng Politik am Interet vun der Beschäftegung am Land. Dës Steierreform dréit ganz eendeiteg d’Handschrëft vun der CSV an d’CSV ka mat Recht houfreg doropper sinn.
Dës Steierreform, dir Damen an dir Hären, war nëmme méiglech dank der wäitsichteger a konsequenter Finanzpolitik, déi säit Joere a Joerzengte vun CSV Politiker bedriwwe gët. Och doropper kann dës Partei houfreg sinn, a mir sollen ons och net genéiere, daat dobaussen ze soen.
Zweeten Punkt, deen ech aus der politischer Aarbecht vum Joer 2001 well erausgräifen: D’Erzéiungzoulag – besser bekannt ennert dem Slogan: “3000 Frang”.
D’3000 Frang kommen. De projet de loi läit säit dem Dezember um Dësch an d’Erzéiungszoulag soll ab Juli ausbezuelt ginn. Och an deem Dossier huet d’CSV sech duerchgesaat. An et soll dach kee hei behaapten um Rentendësch hätt irgendeen aanere wéi d’CSV sech seriös fir des Mësure agesaat.
An och nom Rentendësch, – nodeem de Rentendësch refuséiert huet des Mëseur an deRentenpaak ze intégreieren- huet d’CSV sech weider dofir staark gemaach, datt dës Mesure trotzdeem kënnt a si wäert elo kommen.
D’CSV kann ganz sëcher fir sech d’Roll als Motor vun den 3000 Frang beanspruchen, an dee Motor rullt elo an en rullt gudd : Fir déi Fraen, déi am Berufsliewen dobaussen täteg sinn, ginn d’Babyjoeren verallgemengert a fir déi Fraen, déi keng eege Rentenusprëch hunn, – déi déi doheem schaffen – an och fir déi Fraen, déi schon an der Pensioun sinn, ginn et d’3000 Frang.
Daat Ganzt an engem sozial gerechte Kader.
Op déi Manéier ginn, engersäits, Erzéiungsleeschtungen, déi bis haut iwwerhaap nët unerkannt gi sinn, fir d’Zukunft unerkannt. Anerersäits ass awwer och sëchergestallt, datt all Fra – ennert der enger oder aanerer Form – hiir Erzeiungsleeschtung am Rentenalter unerkannt kritt.
Daat ass sozial gerecht an esou gëtt verhënnnert, datt eng Fra géint déi aaner ausgespillt gëtt. Daat Ganzt ennert dem Motto: “fair Renten fir Fraen”.
Niewenbäi bemierkt waar daat do iwwregens vun Ufank un d’Grondausrichtung vun der CSV hiiren Ideeën an deem Dossier. Och wa verschidde Leit vun aanere Parteien sech vill Méi ginn hunn dem Land ze erklären, daat wäer nët esou.
Mir wäerte sëcherlech an dësem Joer nach Geleeënheet kréien méi am Détail op deen een oder deen aaneren Aspekt vun dem Projet anzegoen.
Och parteiintern ass am Joer 2001 vill geschafft ginn: D’Sozialsekretariat – waat ech partei-intern als eng vun deene gréisste Errungenschaften vun deene leschten Joeren ugesinn – leeft op Volltouren. Am Fréijoer huet d’CSV sech nei Statuten ginn. Statuten, déi et erlaabe méi efficace ze schaffen. D’CSV Regionalversammlungen am Hierscht waren genau wéi daat Joer virdrun en grousse Succés. Mir hunn emmer méi dynamesch Sektiounen an déi Sectiounen, déi schons dynamesch wore ginn nach vun Daag zu Daag méi dynamesch. De beschte Beweis huet eis Sectiounsversammlung vum 13. Dezember erbruecht. Een exercice, deen mer wellen 2002 widerhuelen.
D’CSV huet am Joer 2001 och hieren Organisatiounsapparat weider resolut op déi nei Medien getrimmt an moderniséiert. Mir sinn awer an deem Moderniséierungsprozes elo op enger Weekräizung ukomm.
2001 hu mer dee Prozess mat eisen Leit am Generalsekretariat an mat enger halwer Dozen Fräiwelleger, – déi ënner dem Numm CSV-eVolution duerch d’Geschicht segelen – duerchgezunn. Wann mer 2002 op deem Wee wëlle weider fueren, an och de Sektioune direkt wëllen an der Informatik hëllefen – do wou Nout um Mann oder un der Fra ass-, da brauch den Grupp CSV-eVolution 2002 méi eng konsequent professionnell Hëllef. D’Parteigremien wäerte an deene nexten Wochen konkret mat däer Fro befaasst ginn. D’Fro, déi sech stellt, ass wéi wäit d’CSV an deem Domän bereed ass ze goen.
Am Interet vun der Partei. Am Interet vun den SeKtiounen. Am Interet vum eenzelnen Member.
Ech wëll un dëser Stell awer och nach ee ganz speziellen Merci un d’Leit vum Generalskretariat lass ginn. Ouni si géiw nët vill laafen. Si sinn d’Häerz vun der Partei an et mecht Freed mat hinnen ze schaffen. Grad esou wei et Fréd mecht mam Erna H.-.S als Parteipräsidentin ze schaffen. Och him ee grousse Merci.
2002 wäert d’Parteiaarbecht ennert aanerem am Zeeche vum neien Grondsaatzprogramm
stoen.
Eng Partei, déi sech net vun Zäit zu Zäit mat hiere Grondsäz beschäftegt, gëtt lues awer secher zu engem Interessenveräin – ech hunn des Formel schons öfters gebraucht – an dofir ass et wichteg datt eng Partei sech vun Zäit zu Zäit mat hire Grondsäz beschäftegt. D’Aarbechten um Grondsaatzprogramm gi weider: Am Summer d’lescht Joer schons, louchen dem Nationalkomitee dräi Textentwerf zu den Themen Institutiounen, Wirtschafts- an Sozialpolitik, sou wéi Famill an Gesellschaftspolitik fir. Ech fir mäin Deel sinn zouversichtlech, datt mer an méi oder manner engem Joer – no weideren Aarbechten A no breede Konsultatiounen, an hoffentlech animéierte Diskussiounen – ee neien Grondsaatzprogramm waerten hunn.
D’Joer 2002 wäert och ennert dem Zeeche vum Euro stoen. Et steet schons am Zeeche vum Euro.
Den Euro gehéiert esouwuel zu der Bilanz ewéi zu den Perspektiven. Den Euro huet schons haut, e pier Deeg no senger Aféierung, d’Bild vun Europa verännert. D’Idee datt den Euro net nemmen ee wirtschaftleche Projet, mä och ee politesche Projet ass, mecht emmer méi hiere Wee an doropper ka Lëtzebuerg am generellen an d’CSV am besonneschen houfreg sinn. Den Euro ass elo schons en succès an an deem Zesummenhang well ech hei dei grouss Mérite vun deenen successiven CSV- Staatsministeren erfirsträiche.
Fier d’eischt de Pierre Werner. De Papp vum Euro. Seng Gesondheet erlaabt et him net haut hei bei eis ze sinn, a fir him eis grouss Verbonnenheet auszedrécken huet d’Partei him haut an eisem an an Äerem Numm eng kleng Attentioun zoukommen geloosss. Ech well heimatter d’Memberen vun senger Famill, – déi haut ennert eis sinn – bieden him nach eng Keier an deene nexten Deeg eis Verbonnenheet matzedeelen an him ze soen mir géifen un hien denken.
Och den Jacques Santer huet grouss Mériten um Euro. Fir d’eischt als Staatsminister huet hien entscheedend dozou bäigedroen de Projet weiderzedreiwen. Och als Kommisiounspresident, deen ennert aanerem Enn 98 d’Paritéite festgesaat huet. Och him e groussen Merci vun dëser Plaaz aus.
An da last not least, den Jean-Claude Juncker. Hien war als Finanzminister vun Ufank un vun der Entwecklung vun deem Projet dobäi. Hien ass deen eenzege, deen deemols derbäi war an deen och nach haut dobäi ass. Daat aleng ass schons eng Leeschtung. Säin Asaaz fir den Euro war onermiddlech an hien ass et och ni midd ginn nees a nees doropper hinzeweisen, datt den Euro méi wöi nëmmen ee wirtschaftleche Projet ass. Och him gëllt ee grousse Merci.
Am Joer 2002 kommen awer och nei Erausfuerderungen op Europa zou.
Déi eischt dowunner ass d’Erweiderung. Och daat ass ee politesche Projet. Ee Projet fir de Fridden, awer och ee Projet fir d’Entwecklung vun Europa a villen Domäner, an daat nët zuleescht an enger Welt, déi méi a méi an ee spillt, eng Welt, déi méi a méi globaliséiert get. Europa steet deemno virun der Erausfuerderung vun der Erweiderung. Mee Europa steet awer och nach virun aaneren Erausfuerderungen.
Genau wei den Euro d’Europaer mei no zesummen brengt, brauch Europa an déénen nexten Joeren en neien ambitiosen politeschen Projet. Niewent déém vun der Erweiderung. D’Leit an Europa zirkuleieren frei. D’Gidder an d’Servicer zirkuleien frei. D’ Kapitaler zirkuleieren frei. Den Euro ass do an villes mei.
Daat sinn alles grouss Errungenschaften. Mé daat aleng géét net duer. Europa muss et sech selwer waert sinn an déénen nexten Joeren en ambitiösen sozialen Projet ze realiseieren. Och daat geheiert zu Europa. Sozial hinkt Europa nach hannedrun. An wann an déénen nexten Joeren en richtegen groussen sozialan Projet an Europa keint réaliseiert ginn, dann geif daat ganz secher d’Europaer nach mei no zesummenbrengen an Europa geif doduerger bestemmt zou mei Gerechtegkeet beidroen.
Enger Partei, wéi der CSV géif et gudd zu Gesicht stoe mat un der Wéi vun deem Projet ze stoen. Déi eischt Schrëtt fir daat sozialt Europa sinn iweregens 1997 enner Lëtzebuerger Présidence ennert dem Impuls vum Jean-Claude Juncker beispillsweis am Beräich vum chomage realiséiert ginn an an déi Richtung muss et weider goen.
Voilà, dir Dammen an dir Hären, d’Zäit leeft mer fort an de Wäin gëtt warm. Et bleiwt nach etleches zur nationaler Politik am Joer 2002 ze soen. Ech well mech awer hei drop limitéieren jhust een Thema opzegräifen.
An daat ass d’Thema vun der Mobilitéit. Déi eng mengen den Verkéiersinfarkt waer schons do. Déi aaner soen alt nëmmen ee wäer geschwënn do. Lëtzeburg ass ganz secher 2002 an doriwer eraus am Dossier vun der Mobilitéit gefuerdert a mir wäerten eis als CSV do och resolut zu Wuert mellen. Et musse nei Strossen gebaut ginn an aaner Infrastrukturen, wéi beispillsweis Opfangparkingen.
Mir mussen Weeër fanne fir méi séier ze bauen. Et kann dach net sinn, datt beschten Falls tëschent plangen a bauen dräi bis véier Joer verginn. Vrun allem mussen nei a modern Transportkonzepter emgesaat ginn. Neen de BTB ass net doud. An ech sinn frou, datt déi déi ëmmer géint de BTB woren -mat Nuancen, wéi se haut soen – de Projet am Tirang eremfonnt hunn an och scheinbar aus deem Tirang erem erausgeholl hunn. Mä, domatter geet et nët duer. Et muss elo eppes an deem Dossier geschéien. Daat a villes méi – dir Dammen an dir Hären – waert d’Joer 2002 prägen.
Dir Damen an dir Hären, léif Frëndinnen an Frënn, wann ech kucke waat d’CSV geleescht huet, wann ech kucken wat d’CSV nach fir huet, a vrun allem, wann ech haut hei an den Sall kucken a gesinn wat d’CSV an hierem Ennersten ausmecht, wann ech gesinn wien an wivill der fir d’CSV stinn a waat des Partei ausmecht, wann ech alles daat kucken, dir Damen an dir Hären, léif Frëndinnen an Frënn da blécken ech mat Zouversicht an d’Zukunft , a dann stinn der CSV nach vill schéin Joeren beviir.
Vu menger Säit aus bleiwt mer – zu gudder Leescht nach- Iech fir 2002 nach eng Kéier all Guddes ze wënschen. Ech wënschen jidderengem vun Iech daat waat hien sech selwer fir daat neit Joer wenscht.
Hoffentlech realiséiert daat sech. A vläit nach e bësse méi. Der CSV an hieren Exponenten wënschen ech eng glecklech Hand an hierer Aktioun a vrun allem och eng gudd Zesummenaarbecht an allen Gremien an op allen Niveauen. Ech soen Iech merci.
1
2