Interpellatioun iwwer déi sozio-ökonomesch BTB-Etude
Interventioun vum Willy Bourg (CSV)
– et gëllt daat geschwaate Wuert –
Här President, Dir Dammen, Dir Hären,
Virun engem halwe Joer hu mir eis op deser Plaz am Rumm vun enger Interpellatioun ausgibeg mat dem Dossier BTB beschäftegt. Et war deemols den Deputéierten Zanussi, deen d’Regierung iwer den öffentlechen Transport, an notamment iwer d’Konzept vum Bus-Tram-Bun interpelléiert huet.
Et war viru sechs Méint ganz secherlech dee falsche Moment fir iwer de BTB an d’Alternativen zu desem Projet ze diskutéieren. Et lungen einfach nach net all Fakten op dem Desch. Et hun eng Partie wichteg Elementer am Dossier gefehlt.
Haut as daat anescht.
Souwuel déi sozio-ekonomesch Vergläichsétude ewéi och d’Analyse vun engem méiglechen Raccordement vu Findel a Kirchbierg un daat bestehend Schinnennetz läie vir. Et sin zwou Etuden, déi interessant sin, a gewessermoossen en neit Liicht op den Projet BTB geheien. Mais ech kommen méi spéit dorop zréck.
Mir kennen elo en connaissance de cause urteelen an der Regierung eis Vuen a fir waat net Ureegungen a Kritiken mat op de Wee gin.
Här President,
Ier ech déi zwou nei Etuden am Zesummenhang mat dem BTB respektiv zum Ausbau vum aktuellen Schinnenetz rondrem d’Stat beliichten, well ech méi fundamental Aussoen zum Öffentlechen Tranport machen.
Eischtens schengt et mer wichteg, dat d’Politik agesäit, dat et iwwerhaapt keng Alternativ zum Ausbau vum öffentlechen Transport gett. Dat as net nemmen heiheem esou. Am Ausland as dat scho méi lang erkannt gin.
Virun allem an de grousse Stied an Agglomératiounen huet de Verkéier de Limit vum Erträglechen dépasséiert.
All déi, déi Daag fir Daag hei an d’Stad schaffe kommen oder regelméisseg op den Haaptverkéiersaxen am Land ennerwee sin, hu gemierkt, dat och mir, waat d’Quantitéit vum Verkéier ugeet, esoulues un eis Grenzen stoussen. An an Zukunft si ganz secher net manner Leit op eise Stroosen ennerwee. Wa mer op e Staat vun 500 000 Awunner a méi hi stéieren brauche mer nei Léisungen, musse mir ons elo iwwerleen wéi d’Mobilitéit an Zukunft ze réaliséieren as.
Zug, Bus an Tram – daat sin Alternativen zum privaten Persouneverkéier.
Mais, wan een effektiv op des Alternativen well setzen, muss een daat machen ier et ze spéit as.
D’Schinnenetz ausbauen, nei Infrastrukturen bauen – alles daat sin Projeten, déi net vun haut op muer kennen réaliséiert gin an déi an engem globale Konzept musse zu stan kommen.
D’Notioun vum globale Konzept kléngt vläicht e bessen ofgedräsch. Mais et as genau daat, waat mir am Beräich vum öffentlechen Tranport am speziellen an vun der Verkéierspolitik am allgemengen brauchen.
Et muss ee versichen, déi eenzel Träger vum öffentlechen Transport esou openeen ofzestemmen, daat et ee Ganzt gett. Des Ofstemmung beispillsweis vun Bunn, Tram a Bus as d’Grondlag vun dem urspünglechen BTB-Konzept, daat iwwregens op positiven Erfahrungen am Ausland opgebaut huet.
An enger Partie Stied – ech nennen stellvertriedend Karlsruhe, Saarbrécken Stroosbuerg oder Bern – sin akut Verkéiersproblemer duerch e intégréierten System vun Bunn an Tram geléist gin.
Här President, dVerkéiersopkommes, daat d’Liewens- a Wunnqualitéit vun de Leit emmer méi staark aschränkt huet niewt deenen direkt sichtbaren Nuisancen (op Accidenter oder aner Schied) och méi indirekt – awer dofir net manner schlemm – Auswirkungen op de Mensch an d’Emwelt. Ech denken do an aller éischter Linn un CO-2-Emissiounen.
Offiziell Zuelen beleen, dat 12 Prozent vun allen CO-Emissiounen an der Europäescher Unioun vum Individualverkéier ausgin. Daat as bal schon dramatesch wan ee wees, wat d’Folgen vun deser Pollutioun bewiirken.
Doniewend enthaalen d’Ofgasen vun Dieselmotoren vill kribserregend Partikeln an d’Spezialisten kruuten dee Probleem bis elo nach net an de Greff.
Ee Grond méi fir ze soen: Et gett wiirklech keng Alternativ zum öffentlechen Transport.
Fir dat d’Leit a méiglechst grousser Zuel op den öffentlechen Transport emklammen, muss d’Attraktivitéit vum öffentlechen Transport wesentlech verbessert gin. Dem Individualverkéier muss doniewent d’Liewen méi schwéier gemach gin.
Den öffentlechen Transport steht a fällt mat senger Qualitéit.
Et muss een sech kenne op den Transport en commun verloosen. Pünktlechkeet a Rapiditéit awer gläichzäiteg och de Konfort spillen eng wiesentlech Roll wan ee gären hätt, dat d’Leit op den öffentlechen Transport emklammen. Wann een duerch d’Fueren mam Tram, mam Bus oder mam Zug Zäit verléiert, an daat op eng onbequem Art a Weis, dann as den Echec virprogramméiert.
Dees musse mer eis bewosst sin. Och da schon, wa mer nei Tracen vun der Bunn, en Tram oder nei Busgaren plangen. Ausschlaggebend as och, dat de schinnegebonnenen öffentlchen Transport op engem eegenen Tracé fiert.
Ee Wuert nach zu der Akzeptanz vum öffentlechen Transport, déi hei am Land schon haut iwwerduerschnettlech grouss as. D’Schwäizer Liga fir eng rationell Organisatioun vum Trafic huet an enger vergläichender Duerstellung erausfonnt, dat statistesch gesin pro Jahr all Awunner a Lëtzebuerg 27 Mol mam Zug fiert. Domat leie mer hanner der Schwäiz mat 40 an Dänemark mat 28 Fahrten pro Awunner pro Joer op der dretter Plaaz.
Daat as net schlecht an e Beweis dofir, dat een net brauch ze färten vir d’Offer am öffentlechen Transport weider auszebauen.
Här President, Dir Dammen Dir Hären,
Ech kommen zréck zu deenen zwou neien Etuden a well gläich virop – aus Grenn vun engem besseren Verständnis – kloerstellen, dat de Racordement vum Findel a vum Kirchbierg und daat bestehende Schinnenetz éigentlech näischt direkt mat dem ursprünglechen Projet BTB ze din huet.
Den Uschloss vum Kirchbierg via Findel as complémentaire zu dem Konzept Bus-Tram-Bun a senger urspünglecher Form.
Dat geet iwwregens och aus der Aarbecht vun deem interministeriellen Grupp erfir, deen sech méi intensiv mat der Méiglechkeet vun engem Zug- respektiv Tram-Réseau Findel/Kirchbierg beschäftegt huet.
Erlaabt mer an desem Kontext aus de Konklusiounen vum Ofschlossbericht ze zitéieren, wou et heescht:
,,Le raccordement ferroviaire de l’aéroport de Luxembourg et du plateau de Kirchberg ne constitue pas de solution de rechange pour un tramway reliant les anciens quartiers de la Ville de Luxembourg à la région, mais il doit être considéré comme complémentaire à la solution de transport en commun retenue pour la desserte du plateau de Bourbon, de la haute Ville et des quartiers périphériques au nord et à l’ouest de la Capitale.”
Waat elo d’Recommandatiounen vun dem Aarbechtsgrupp ugeet, esou roden d’Expären der Regierung déi néideg technesch Etuden an Optrag ze gin, fir effektiv de Kirchbierg an de Findel un d’Bunn unzeschléissen.
Des Recommandatiounen huet d’Regierung ugeholl. Net méi spéit ewéi am Conseil vum 11. Januar as festgeghalen gin, déi technesch Etuden fir Troncoen Hamm-Aérogare/Cargocenter, Aérogare-FIL, Plateau Kirchberg an och fir den Uschloss un d’Nordstreck an Optrag ze gin.
Daat as ee wichtegen Schrett an déi richteg Richtung.
D’CSV begréisst des Décisioun vun der Regierung, déi iwwregens deem entsprecht, waat CSV an DP am Koalitiounsaccord am Beräich öffentlechen Transport ofgemaach haaten.
Ech kommen dan, Här President, zur eigentlecher sozio-ökonomescher Studie vum Büro Basler.
Hei as et dorems gangen, de Projet BTB esou wéi en an der Hacon-Etude vun 1998 beschriwwe get mat enger esou genannter Variante 0+ a punkto Käschten-Notzen ze vergläichen.
Dese Vergläich as an zwou Partien gedeelt, eng reng betriebswirtschaftlech op der enger an eng vollekswirtschaftlech op der anerer Säit.
Bei der betriebswirtschaftlecher Analys sin eenzeg an eleng intern Aspekter berücksechtegt gin. Et as gekuckt gin, inwiefern BTB oder 0+-Léisung – ökonomesch gesin – Senn machen.
Bei der vollekswirtschaftlecher Analys sin och eng Rei extern Aspekter considéréiert gin. Esou zum Beispill d’Nuisancen, déi duerch den Verkéier entstin an déi domat verbonne Folgekäschten fir d’Allgemengheet ( wat natiitlech äusserst schwiereg as! ).
Vu dat menger Meenung no souwisou den öffentlechen Transport en tant que tel net einfach op seng Rentabilitéit hin ze bewerten as, gin ech dovun aus, dat déi zweet Approche – déi méi global Analys – déi eigentlech méi interessant Aarbecht as.
Den öffentlechen Transport därf een net lasgeléist vun gesellschaftlechen Choixen gesin an op Finanzen beschränken. Wa mir manner Belaaschtung vun der Emwelt, manner Ofgaasen an méi propper a liewenswert Stied wellen, dan huet daat eben säi Präis.
Da musse mir ons dat eppes kascht loossen! Ech well awer och hei ganz kloer soen, dat den Ausbau vum öffentlechen Transport, de Projet BTB inklusive, net eléng eng Affär vun der Stad Lëtzebuerg as – och wann ee sollt zesumme mat de Responsablen vun der Haptstad dat versichen ze maan.
Fir all Projet gëllt ët, an och fiir dee vum BTB, déi verschidden Organisatiounen ze héiren, Et därf awer nët sin dat déi eng oder aaner aus réng partikularen Interressien e Projet kennt zu Fall bréngen. Do mussen d’Politiker hier Responsabilitéit iwerhuelen a Standverméige beweisen.
Här President,
E puer Bemierkungen awer och nach zu deem, wat d’Experten vun Basler eigentlech mateneen verglach hun. Dat as op der enger Säit den Projet BTB mat enner anerem engem Regional-Tram, deen d’Gare Letzebuerg queech duerch d’Stad mat dem Kirchberg an Dommeldéng verbennt op der anerer Säit d’Léisung 0+, déi wuel den Ausbau vum klassesche Schinnennetz, nei Busgaren an der Stad awer eben keen Tram virgesäit.
De Käschtepunkt variéiert tescht 13,7 Milliarde Frang fir den klassesche BTB an 3,8 Milliarden Frang fir dVariante 0+. Dat as eng grouss Differenz. Mais dat as eigentlech normal, wann een Äppel mat Biire vergläicht.
D’0+-Léisung as daat, waat een elo soll a muss réaliséieren. De BTB as eng Visioun fir d’Zukunft.
Wat elo d’Resultat vun der sozio-ökonomescher Analys ugeet, esou well ech iech hei den Detail erspueren, a mech op d’Konklusiounen beschränken. Enner dem Strech kennt eraus, dat quasi onofhängeg vun den Prognosen iwer d’Entwécklung vun der Awunnerzuel an den Aarbechtsplaazen bis an d’Joer 2020 d’Variant 0+ déi besser as.
Net zulescht aus Grenn vun der intelektueller Eierléechkeet well ech awer ennersträichen, dat de Büro Basler an dem sougenannten Entwecklungsszenario ,,hoch” (daat heescht 553000 Awunner an 347000 Aarbechtsplaazen) gewessen vollekswirtschaftlech Virdeeler fir den BTB gesäit.
Gewesse Virdeeler daat heescht awer net eng Exklusiv fir déi eng oder aner Variant.
An de Büro Basler dréckt sech a sengen Konklusiounen ganz virsichteg aus:
,,Ist man bereit, die beträchtlichen zusätzlichen Betriebskosten in der Variante BTB zu tragen, ergibt sich volkswirtschaftlich gesehen eine leichte Vorteilhaftigkeit des Projekts BTB im Strukturszenario Hoch.”
Daat as allerdéngs net grad eng kloer Preferenzerklärung .
Etuden, dat wesse mer alleguer Här President, erlaben meechtens souwisou méi ewéi eng Interpretatioun, an heiansdo schounen si och den Opdraggeber (Wat ech awer hei natiirlech nët unhuelen!). Mir vir eisen Deel liesen aus der sozi-ökonomescher Etude eraus, dat et zu desem Zäitpunkt wéineg Senn mecht, en Tram queesch duerch d’Stad ze bauen. Mais wan et zu desem Zäitpunkt scho kee Senn mecht, en Tram duerch d’Stad ze bauen, dann wärt daat an Zukunft wouel net anescht sin.
Mä, ewéi gesoot de BTB-Konzept as nët einfach op ee bestëmmten Tracé fixéiert! Här President,
Déi Mesuren, déi enner der Bezeechnung 0+ virgeschloen gin, sollen eiser Meenung no méiglechst séier réaliséiert gin. Dobäi well ech kloer soen, dat mech d’Bezeechnung 0+ fundamental stéiert.
Et soll een am Prinzip net vun enger Null-Léisung schwätzen. Nei Haltestellen fir d’Bussen an der Stat, eng komplett Neigestaltung vun der Plaaz virun der Gare, en Tunnel, deen de Garer Véierel wiesentlech soll vum Individualerkéier entlasschten, en 3. Gleis op der Zugstrck Letzebuerg-Bettebuerg e.a. , nei Zughaltestellen op méi ewéi sechs Plazen am Süden esougutt ewéi am Osten an am Norden, méi Kapazitéiten um Süddeel an op der Nordstreck vun eisem Eisebunnsnetz.
All des Mesuren stellen net näischt duer. Si bréngen eng wesentlech Verbesserung géintiwwer der heuteger Situatioun.
Vun enger Null-Léisung ze schwätzen as also total irreführend. All des Moossnahmen sin wuelverstaanen en Ufank an net d’Enn vum Ausbau vum öffentlechen Transport.
D’Variant 0+ -Léisonk, fir déi een awer sollt e méi uspriechenden Numm fannen, as een Deel vun engem Gesamtkonzept fir den Öffentlechen Transport ze stärken D’Regierung huet sech zu desem Konzept bekannt. Daat fennt d’Zoustemmung vu menger Fraktioun.
Här President,
Zu desem Gesamtkonzept gehéiert och den Uschloss vum Findel a vum Kirchbierg un dat bestehend Schinnennetz. Desen Uschloss as wéi gesot vun engem Aarbechtsgrupp an deem all Betraffen Akteuren vertruede waren, als machbar a sennvoll qualifizéiert gin.
Zu desem Gesamtkonzept gehéiert awer och, onser Meenonk no, – an daat an enger nächster Phase – den Ausbau vum öffentlechen Transportsnetz um Kirchbierg selwer an duerno den Uschloss vum Kirchbierg via eng eegen Bréck un de Plateau vum Glacis.
Schlussendlech muss de Krees zougemach gin. Den Tracé muss also un de Geesseknäppchen ugeschloss gin.
Här President,
Ee globalt Verkéierskonzept fir d’Stad an d’Regioun an och iwer d’Grenzen vum Land eraus as et, waat mer brauchen. Et geet net duer mat einfachen oder punktuellen Léisungen. Schliesslech as den öffentlechen Transport och en Deel vun engem ganzen Entwecklungskonzept, also en Deel vun der Landesplanung. Mais op dee Volet kennt mäin Fraktiounskolleg Marco Schank nach am Detail zréck.
De BTB, als wesentlechen Deel vun engen Globalkonzept fir den öffentlechen Verkéier därf net ad acta geluet gin.
Mir trieden als CSV jiddefalls dofir an, un engem Mateneen vu Bus, Tram am Bunn festzehalen. Déi dräi Buchstaben B T B sin deemno nach emmer aktuell. Et muss ee jhust soen wat se bedeiten, se mat Liewen erfellen.
D’Etude socio-économique an d’Viraarbechten iwer de Réseau Findel/Kirchbierg hun den Débat iwwer den BTB relativéiert an och objectivéiert.
Iwwer de BTB as an deene leschte Joer vill geschriwwen an gestridde gin. Woubäi ee muss soen, dat um Fong eigentlech Unanimitéit besteet. Et huet an der ganzer öffentlecher Diskussioun keen gesot, mir sollen esou viru fueren ewéi bis elo. D’Noutwendegkeet vun engem méi starken öffentlechen Transport gouf net a Fro gestallt. Ganz au contraire.
De BTB huet och de Merit, dat grëndlech a generell iwert den öffentlechen Transport nogeduet, geschwaat a geschriwe gouf.
Ech fir mäin Deel hoffen dat mer elo endlech Neel mat Käpp kenne machen. Well och d’CFL, déi jo eng Haaptroll am Ausbau vum öffentleche Verkéiersnetz spillt, muss endlech gewuer gin, wou mer wellen hifueren. D’CFL muss hieren Fuhrpark erneieren a wart gespaant op Décisiounen vun der Politik. Daat gellt och fir d’Schinnennetz, daat aus dem 19 Jorhonnert staamt, an séier muss adaptéiert gin.
D’Erneirung, den Ausbau an och d’Emsetze vun ganz neie Projet’ën am öffentlechen Transport kaschte vill Suen. Awer déi zukünfteg Mobilitéit, de Schutz vun onser Emwelt an d’Liewesqualitéit hun nun emool hiere Preis. Dobäi as ons finanziell Situatioun esou gudd ewéi nach ni. Also loosse mir deen Zug un d’Rulle bréngen! Ech soen Iech Merci.
Interpellatioun vum CSV-Deputéierte Willy Bourg an der Châmber vum 24. Januar 2001