Interventioun vum Marco Schank zum Dossier BTB
– et gëllt daat geschwaate Wuert –
Här President, Dir Dammen an dir Hären.
Et ass nach nit esou lang hiir, dat mir iwert d’ Klimakonferenz vun Den Haag op dëser Plaaz geschwaat an diskutéiert hunn.
Knapps 2 Méint no Den Haag, wou am Endeffekt ouni Resultat iwert d’Reduzéierung vun Treibhausgasse geschwaat gouf, konnte mer nët méi spéid wi gëschter an den Dageszeitungen leesen, dat mer mussen dervun ausgoen, dat di global Erwiermung vill méi séier viru geet, wéi bis elo ugeholl.
E neien UN-Rapport vun der IPCC (zwëschestaatliche Gremium fir Klimaverännerungen), also 123 héichrangige Wëssentschaftler, hellt fest, dat eng vill mi séier, a potenziell katasstrophal global Erwierung vun vun 1, 4 bis 5,6 Grad an dësem Jorhonnert erwaart get. Bis well waar nëmmen mat mat 1 bis 3,5 Grad (vu 1990 bis 2100) gerechent ginn.
An der ‘Strategie Nationale’ fir d’Reduktioun vun TreibhausGasser vum Mee 2000 sinn nit manner wéi 6 Axen mat nit manner wéi 29 Mesurën opgelëscht:
Neeven den erneierbaren Energien, der Verbesserung vum Rendement bei der Produktioun vun Energi an dem Energi Spueren, ass virun allem eng nohaltig Verkéierspolitik eng elementär Mesure.
Et ass effektiv virun allem de Verkéier, dee wesentlich zur Erwärmung vun der Atmosphär bäidréit. Et ass döefir vu grousser Bedeitung, dat just hei Weër fonnt ginn, den CO2-Ausstouss ze reduzéieren, deen duerch de Stroosssen- a Loftverkéier entsteet.
Mäin Haaptmessage vun haut de Mëttig, ass awer deen, dat mer ee Gesamtkonzept brauchen fir d’Promotioun vum öffentlichen Transport efficace ze erreechen….
Fir d’aller éischt brauche mer eng integréiert Politik Aménagement du Territoire an Transport. Ee vun den Intrumenter aus dem Plan National pour un Développement Durable ass hei de Plan Sectoriel, deen deenen territorialen Asspekter Rechnung dréit.
Dëse Plan Sectoriel muss d’ Espacën définéieren wou a wouhinner een den Öffentlichen Transport verbessert. Dat heescht, den zukünftigen Ausbau vun Dierfer a Steed muss de Méiglichkeeten vum Öffentlichen Transport entspreechen.
Daat selwicht gëllt fir d’ Valoriséieren vum Stroossenetz, waat och a Fonktioun vun de Kritären vum Aménagement du Territoire, vum Urbanisëm an der Emwelt misst geschéihen.
D’ Vernetzen vun der Kollaboration, an e.E. de Kompetenzen vun verschiddene Ministären wiir eng sënnvoll Démarche: TransportMinistär, EmweltMinistär, a virun allem och dem Ministär fir den Aménagement du Territoire.
Hei däerf e nit vergiessen, dat bei eng nohaltig Mobilitéit och d’Dezentraliséierung vun den Arbichtsplaazen, d.h. och eng vorausschauend Landesplanung, gehéiert.
Dem Nationale Plang fir den Développement Durable no misst bei eis den Taux fir d’Benotzen vum öffentlichen Transport ëm 30% an d’Luucht gouen, an daat bis d’Jor 2010 (entspriechend dem ReferenzJor vu 1997).
Här President, Dir Dammen an die Hären.
Dee wichtigsten Bestanddeel vun enger nohaltiger Mobilitéit ass ee “Verkehrsverbund”, deen dee Numm och verdingt, a wou di eenzel öffentlich Transportmëttel optimal openeen ofgestëmmt sinn: E.a. enger Vielfalt wéi de CityBus, de Regional- an de BiergerBus, mat Ruf- a Sammeltaxi (also ee Vehikel, dat Arrêten just op Abruf ufiert) assw.
Da misst dozou de BTB gehéieren, oder ee BTBähnliche System, een onerlässliche Bestanddeel vun dësem Verkéiersverbond. Et geet nit ouni ee schinnegebonnene flexible an dynamischen System mat grousse Capacitéiten,dee regional agesaat get. Daat asss tatsächlich den A an den O vun engem wiirksaamen öffentlichen Transport. Mee, wi gesot, dee wichtigsten Atout wiir effektiv eng direkt Verbindung zweschen den EisebunnLinnen an dem Stadkär geweescht.
Ech sinn der Meenung, dat Regiounen (Norden, Osten, Süden assw.) ronderëm d’ Stad Letzebuerg nees ze kuurz kommen, well de BTB nit wéi geplangt gebaut get.
Wéi den Tram elo geplangt ass fir ronderëm ze fueren, hëlt automatisch d’ Attraktivitéet vun dem zuküftigen Tram däitlich of. Wann ech beispillswis vun Ettelbreck an d’ Stad well fueren an ech kommen nit direkt op den Aldringer, ass dat scho vill manner interessant.
Zu Stroosbuerg beispillsweis ass d’ FoussgängerZon am Kär vun der Stad ouni Autoën awer mat Tramsschinnen an dem Tram, deen do circuléiert, immens attraktiv.
An vläicht mussen sich och d’Geschäftsleit aus der Stad an Zukunft de Virworf gefallen lossen, dat se am falsche Moment immens kuurzsiichtig waaren, amplaaz eng begrenzten d’ Zäit dee lästige Chantier a Kaaf ze höelen, an döerno gerüst ze sinn fir dat kommend Jorhonnert.
Ee weider Instrument ass d’Mobilitéitszentral, déi scho och an der Regierungserklärung festgehaal get. Eng Plaaz,
-wou all d’Fiedem zum Thema “Umweltverbund” zesummelaafen, -dée eng richtig Ulaafstell fir d’Leit a punkto öffentlichen Tramsport gët, -eng Instanz, déi Berodung mécht, a kreativ nei Initiativen ka starten.
Des weideren misst eng zukünftig Ökosteier esou ausgeriicht ginn, dat den öffentlichen Tansport an nit den Indivisualverkéier favoriséiert get. Ech well och nach eng Kéier dorop hiweisen, dat den öffentlichen Transport réicht dann eng éierlich Chance kritt fir realéiséiert ze ginn, wann di reell Käschten vum Strossen- a Loftverkéier unerkannt ginn.
De Moment sinn also d’Käschten fir Akzidenter, Beeinträchtigung vun der Gesondheet dUerch Kaméidi a Pollutioun, a virun allem d’Suitën vum Klimawandel nit am Präis fir de Sprit berücksichtigt. D’Viraussetzung fir eng verantwortlich Mobilitéit wiir also effektiv eng Internaliséierung vun dësen externen Käschten.
Weider Moossnahmen sinn Sensibiliséierungskampagnen, déi dee Numm och giffe verdingen, also mat vill Opwand. Ee Beispill aus Däitschland: di dt. Automobilindustri gët an engem Jor 2,4 Milliarden DM aus fir Publicitéit, a fir den öffentlichen Transport gi grad mol 0,1 Milliard investéiert, also 24mol manner.
An da muss probéiert ginn den Autoverkéier optimal mam Emweltverbond ze kombinéieren (Park and Ride, Velo an Zuch). Mat Car-Sharing assw. An dem Kontext däerf een och d’Aarbichtspendler aus de Grenzregiounen nit vergiessen.
An dozou gehéiert och dat de Camion méi effizient agesat get, dodurch dat Betrieber méi enk zesummen schaffen, z.B. no der Formule vun der “City-Logistik”.
Wa mer een attraktiven öffentlichen Transport wirklich wëllen, da musse mer Vielfalt zoulossen an ee gudden deel Phantassie spille lossen.
Entspriechend Etuden an Iddien ginn et fëllig a genuch. Losse mer ufänken se ëmzesetzen.
Ech soën Iech Merci.
2
1