CSV-Senioren – “Wou den Himmel Wäin ons mecht …”

Dohinner wëlle mir, CSV-Senioren, eisen nächsten Ausfluch machen, an zwar am Kader vun der sozio-kultureller Formatioun vun eise Mêmberen a Frënn.
Dohinner wëlle mir, CSV-Senioren, eisen nächsten Ausfluch machen, an zwar am Kader vun der sozio-kultureller Formatioun vun eise Mêmberen a Frënn.

D’CSV-Senioren wëllen an deem Kontext 4 Objektiver realiséieren :

1. Frëndschaft, d’Freed an de gudde Geescht teschent eise Mêmberen pfleegen.

2. Eist schéint Land an séngen räichen Géigenden besser kenne léieren

3. Déi verschidden ökonomisch a kulturell Ausdrocksformen vun eisem Vollek kenne léieren.

4. Solidaritéitsmomenter mat eise Ministeren, Deputéierten, Buergermeeschteren, Conseilléen a Gemengeverantwortlechen op hirer “Mëscht”, an hirem Beziirk erliewen.

Esou wëlle mir éng mënschlech fondéiert a parteipolitesch, nëtzlech Aarbecht an der Virwahlperiod ugoen.

Den éischten CSV-Senioren-Trip

féiert eis op d’Musel

den 13. September 2002

Mir fueren mëttes um 14.00 Auer op der Gare zou Lëtzebuerg (vis-à-vis vun der Neier Post) fort, all zesummen an éngem Bus.

Um 15.00 Auer gi mir an der Wellesteener Kellerei vun der ” Vinsmoselle ” empfangen.

Vun 15.00 – 17.00 Auer besichtigen mir d’ Kellerei a léiere dann bei énger flotter Wäiprouf, net nëmmen déi verschidden Zorten vun eisem ” Miseler ” kennen, mee mir kréien och, beim Patt, kloer an am Détail, déi eenzel Aarbechtsgäng vun der “Vinificatioun” erklärt a gewisen.

Vun 17.00 – 18.00 Auer gi mir an éngem gemittlechen Trëppeltour duerch d’ Wéngerten a kréien vun énger fachmännescher Leedung déi eenzel Riefzorten an hir Charakteristiken erklärt.

Um 18.00 Auer gi mir an der ” Mairei” vum Député-Maire, Néckel Strotz , empfangen, kréien dee couragéierten Neibau vum Architekt Valentiny gewisen an erklärt an duerno den Apéro offréiert.

Um 19.00 Auer gi mir dann dat berühmten ” Possenhaus ” zou Bech-Macher besichtigen an iessen do un éngem köstlechen Wënzerbuffet, wou jiddereen sech hëllt wat hie wëllt, zou Nuecht.

Um 21.00 Auer geet et mam Bus zréck op Lëtzebuerg.

De Präis as 25.-€ – alles abegraff. D’Mêmberen von den CSV-Senioren bezuelen nëmmen 23.-€. Daat gëllt och fir déi déi elo nach Mêmber gin.Umeldungen am Sekretariat vun der CSV , Tel.22 57 31-1. Iwwerweisungen op de Postscheck N° 19 19 19 -53

—————————————

Talon – réponse

Zréckschécken w.e.g. bis spéitstens den 30. August 2002 un d’Sekretariat vun der CSV

B.P. 826 – L-2018-Lëtzebuerg

Numm : ……………………………………

Virnumm : ………………………………………………………………………………………………

Adress : …………………………………………………………………………

L-……… …………………………………………… Tel……………………

huelen deel den 13. September 2002 um éischten Senioren-Trip op d’Musel.

(Persounenzuel w.e.g. ugin _ ).

Ech/mir hun de Betrag vun 25€ op de Kapp / ( respektiv 23 € fir CSV-Senioren-Mêmberen) op de Postscheck N° 19 19 19 – 53 iwwerwisen.