D’CSV trauert em den Ëierestatsminister Pierre Werner

D’CSV ass an Trauer. No laanger Krankheet ass den Ëierestatsminister Pierre Werner gestuerwen. Mat dem Pierre Werner verléiert d’CSV eng eminent Perséinlechkeet, een Statsmann, den d’Lëtzebuerger an d’Europäesch Politik entscheedend beaflosst huet. D’Liewenswierk vum Pierre Werner ass eng verbonne mat der Entwécklung vu Lëtzebuerg. Hien huet et fäerdeg bruecht d’Kris an der Stolindustrie mat enger couragéierter Politik ze meeschteren. Eist Land ass ennert der Responsabilitéit vum Staatsminister Pierre Werner zu engem modernen Stat gewuess. D’Ideeën an d’Visioune vum Pierre Werner fir eng Europäesch Unioun opzebauen an een Europa vun der Integratioun ze schaffen, stinn och haut nach am Mëttelpunkt vun villen Decisiounen an der Europäescher Politik. Mat der Realiséierung vun enger gemeinsamer europäescher Währung, der Aféierung vum Euro, ass eng vun dem Pierre Werner senge prägnanste Virstellungen konkretiséiert ginn. Ee grousse Lëtzbuerger an Europäesche Staatsmann huet eis verlooss. D’CSV an hir Dausende vun Memberen a Symphatisante sinn haut am Trauer. Mir wäerte säin Engagement, säin Liewenswierk a säin Asaz am Intressi vun Lëtzebuerg a fir Europa an Eiren haalen. Senger Famill a vrun allem senge Kanner wëlle mir an dëse schwéiere Stonnen eis déift Matgefill, eis nodrécklech Verbonnenheet an eis häerzlechst Bäileed ausdrécken. Am Numm vun der CSV Erna Hennicot-Schoepges, Parteipräsidentin Jean-Louis Schiltz, Generalsekretaire
D’CSV ass an Trauer. No laanger Krankheet ass den Ëierestatsminister Pierre Werner gestuerwen. Mat dem Pierre Werner verléiert d’CSV eng eminent Perséinlechkeet, een Statsmann, den d’Lëtzebuerger an d’Europäesch Politik entscheedend beaflosst huet.

D’Liewenswierk vum Pierre Werner ass eng verbonne mat der Entwécklung vu Lëtzebuerg. Hien huet et fäerdeg bruecht d’Kris an der Stolindustrie mat enger couragéierter Politik ze meeschteren. Eist Land ass ennert der Responsabilitéit vum Staatsminister Pierre Werner zu engem modernen Stat gewuess.

D’Ideeën an d’Visioune vum Pierre Werner fir eng Europäesch Unioun opzebauen an een Europa vun der Integratioun ze schaffen, stinn och haut nach am Mëttelpunkt vun villen Decisiounen an der Europäescher Politik. Mat der Realiséierung vun enger gemeinsamer europäescher Währung, der Aféierung vum Euro, ass eng vun dem Pierre Werner senge prägnanste Virstellungen konkretiséiert ginn.

Ee grousse Lëtzbuerger an Europäesche Staatsmann huet eis verlooss. D’CSV an hir Dausende vun Memberen a Symphatisante sinn haut am Trauer. Mir wäerte säin Engagement, säin Liewenswierk a säin Asaz am Intressi vun Lëtzebuerg a fir Europa an Eiren haalen.

Senger Famill a vrun allem senge Kanner wëlle mir an dëse schwéiere Stonnen eis déift Matgefill, eis nodrécklech Verbonnenheet an eis häerzlechst Bäileed ausdrécken.

Am Numm vun der CSV

Erna Hennicot-Schoepges, Parteipräsidentin

Jean-Louis Schiltz, Generalsekretaire