Wann een déi Problemer déi een am Grëff huet wëllt am Grëff behalen, wann een déi Problemer, déi sech dem Zougrëff nach entzéien, wëll an d’Hand huelen, da muss ee se fir d’éischt emol mam Numm nennen.
Horizont 2020: 520 000
Ausschnëtt aus der Erklärung vum Staatsminister Jean-Claude Juncker
Wann een déi Problemer déi een am Grëff huet wëllt am Grëff behalen, wann een déi Problemer, déi sech dem Zougrëff nach entzéien, wëll an d’Hand huelen, da muss ee se fir d’éischt emol mam Numm nennen. Nëmme wann een d’Problemer benennt, gëtt déi Politik mat där ee probéiert se ze léisen, verständlech. Een deen d’Politik wëllt onlieserlech maachen, deen ass drop aus, déi grouss Erausfuerderunge mat deenen d’Politik et muss ophuelen, auszeblenden an zouzedecken. Doduerch, datt een der Politik déi Matière entzitt déi se behandele muss, doduerch datt een hir Begrëndung géint bessert Wësse kontestéiert an trotz besserem Wëssen ignoréiert, mengt een, dat fäerdeg ze brénge wat een ees wéi ees wëllt beweisen, nämlech datt d’Politik nieft dem Dill läit an datt se falsch ass.
Eng Debatt mat Konklusioune fir d’Zukunft
Am Moment erliewe mer d’Opféierung vun esou engem Stéck. Dat Stéck heescht 700.000 Awunner-Stat. Déi eng – andeem se no hanne kucken an no vir rechnen – gesinn eis um Wee an eng zolidd demographesch Expansioun. Déi aner – andeem se d’Vergangenheet zum Zoufall erklären an d’Zukunft net deite wëllen – gesinn eis um Marsch an den Abseits.
Mir mussen aus dëser Opféierung, wou déi eng de Rideau eropzéien an déi aner en erëm séier erofloossen, ier en nees an d’Lut geet, fir direkt nees erofzefalen eng aktuell Debatte mat Konklusioune fir d’Zukunft maachen. Dat heescht: mir mussen all op der Bühn bleiwen. Net fir ze spillen – d’Politik ass jo kee Spill. Mee fir ze diskutéieren an ze décidéieren. Net hannert dem Rideau, mee am demokratesche Raum, do wou jiddferee jiddfereen héiert a gesäit, an do, wou all Mënsch ka matmaachen.
Dës Debatte huet am Land längst ugefaang. Fir datt jiddfereen un hir kann deelhuelen, mussen d’Tatsaachen op den Dësch. Ween de Leit d’Tatsaache verstoppt, deen hëlt se net eescht a wëllt se vun der Debatte ausschléissen. An der Demokratie däerf een dat net: d’Zukunft geet all Mënsch un, si däerf net ënner Verschloss gehale ginn, net als Exklusivthema vun autoproklaméierte politischen an aneren Eliten zweckentfriemt ginn.
Wien d’Tatsaachen um Dësch leie léisst, wien net sicht, se z’erklären, wien net seet, wéi e mat den Tatsaachen ëmgoe wëllt, dee léisst d’Tatsaachen onkommentéiert an onbehandelt wuessen, deen hofft, datt kee se entdeckt, dee provozéiert Angscht an Ängschten, ongesond Reaktiounen an einfach Sätz fir komplex Froen ze beäntwerten. Och dat däerf een net an der Demokratie.
Wat sinn d’Fakten?
Wéi ass eis Populatioun historesch gewuess?
Wéi kann hiert perspektivescht Wuessen ausgesinn ?
Ëm 1820 hat Lëtzebuerg 134 000 Awunner. Honnert Joer méi spéit, 1920, ware mer zu 260.000, haten eis also verduebelt. A ronn 20 Joer, am Joer 2020 – all demographesch Etuden a Prognose vun dëser a vun där leschter Regirung weisen dat iwwereneestëmmend – wäerte mer op d’mannst zu 520 000 sinn. Et gesäit een also: mat all honnert Joer déi an d’Land ginn hëlt d’Zuel vun den Awunner zweemol zou.
Den Trend zu iwwer 500 000 Awunner am Joer 2020 ass amgaang. Dat weist déi rezent Entwécklung. 1971 ware mer zu 339.800.
1981 ware mer zu 363 450, haten also 2 400 Awunner pro Joer bäikritt.
1991 ware mer zu 384 400, haten also 2 000 Awunner pro Joer bäikritt.
2001 ware mer zu 441 300, haten also 5 700 Awunner pro Joer bäikritt.
Vun 1971 op 2001 si mer vun 339 800 op 441 300 gewues, also ee Plus deemno vun 101 500 Awunner an 30 Joer. Vun deem Plus vun 101 500 Awunner entfällt méi wéi d’Halschent, nämlech 57 000, op déi läscht zéng Joer. Wann eis Bevölkerung virun esou wiisst, da si mer am Joer 2020 zu méi wéi 500 000, a wa se och dono nach virun esou wiisst, am Joer 2050 zu méi wéi 700 000. Dat sinn net meng Dreem, dat sinn net meng Wonschvirstellungen, dat sinn d’Fakte vun haut an déi héchstwahrscheinlech Tatsaache vu mar. Et ass net – wéi gesot a geschriwwe gëtt – dem Juncker säi 700 000 Awunner-Stat.
De Staat ass net mäin, net dee vu 441 000 Leit, net dee vu 500 000 Leit a scho guer net dee vu 700 000 Leit. Et ass d’Land dat d’Verantwortung fir seng Zukunft dréit. Jiddfereen heibannen. A jiddfereen dobaussen.
Och den Aarbechtsmaart huet seng eegen Demographie.
Mir haten 1980 eng aktiv Bevölkerung vun 157 800 Leit, 1990 eng vun 187 100, 1995 eng vun 219 600, 1997 eng vun 226 500, 1998 eng vun 236 400, 1999 eng vun iwwer 248 300, am Joer 2000 eng vun 263 200 an am Joer 2001 eng vun 277 200.
D’Zuel vun de Salariéën ass vun 137 000 am Joer 1980 op 260 300 am Joer 2001 an d’Lut gaang, huet sech also an 20 Joer bal verduebelt.
D’Zuel vun de Grenzgänger ass vun 13 400 am Joer 1980 op iwwer 100 000 am Januar 2002 geklommen, wäit iwwer 630 Prozent méi.
Wann dës Entwécklung unhält – muenches weist dorop hinn – dann hu mer am Joer 2020 eng aktiv Bevölkerung vun nobäi 400 000 Leit, dorënner 175 000 Frontalieren. Geet déi Entwécklung och dono nach virun, da kënnte mer am Joer 2050 eng aktiv Bevölkerung vu 660 000 Leit an iwwer 300 000 Frontalieren hunn. Dat ass net mäi Wonsch, dat ass net meng Erfindung, dat sinn d’Fakte vun haut an dat ass hir denkbar Weiderentwécklung vu mar.
Driwwer schwätzen
Entweder mir schwätzen doriwwer, roueg, mat klorem Kapp an awer leidenschaftlech. Oder mir iwwerloossen dës Entwécklung sech selwer. Ech sinn derfir fir driwwer ze schwätzen.
Nu si Bevölkerungswuesstum an Aarbechtsmaartexpansioun an éischter an a bal exklusiver Linn Funktioun vun der wirtschaftlecher Entwécklung. Wa mer – esou wéi an deene läschte 40 Joer – an den nächsten 20 Joer ee Wirtschaftswuestum vu 4 Prozent d’Joer hunn, dann hu mer am Joer 2020 schons 520 000 Awunner, 400 000 Aktiver a ronn 175 000 Grenzgänger. Haut scho schaffe méi Net-Lëtzebuerger wéi Lëtzebuerger am Privatsekter. Dofir sinn och haut scho vu mueres 9 Auer u méi Net-Lëtzebuerger wéi Lëtzebuerger am Land. Am Laf vun den 20er Jore vum neie Joerhonnert – wann d’Entwécklung esou viru geet – gëtt et méi net-lëtzebuerger wéi lëtzebuerger Awunner am Land.
D’Fro, déi sech eis stellt, ass ob mer déi Entwécklung, déi mer déi lescht 20 Joer haten och fir déi nächst 20 Joer an doriwwer eraus wëllen.
Ech hunn nom Rentendësch – deem seng Asetzung ech proposéiert hat – gesot, datt déi, déi ronderëm dësen Dësch souzen hiren Accord op eng wirtschaftlech Wuestumshypothes vu véier Prozent d’Joer während deenen nächste 50 Joer baséiert hunn. D’Laangzäitberechnung vum BIT grënnt op dëser Hypothes. Op hir berouen och d’Berechnungen an d’Entscheedunge vum Rentendësch. Nëmme wann d’Ekonomie bestänneg iwwer véier Prozent wiisst réckelt d’Rentemauer an der Zäit no hannen. Géif eis Wirtschaft nämlech nëmmen zwee Prozent statt véier Prozent d’Joer wuessen, da missten am Joer 2020 d’Kotisatioune vun de Rentner an de Pensionäre gehéicht ginn oder awer hir Prestatiounen am selwechte Joer erofgesat ginn. Ganz einfach well mer an deem Fall nëmmen 291 000 Leit an Aktivitéit hätten aplaz, wéi bei engem Wuestum vu véier Prozent, 395 000 Leit. Dat heescht : bei zwee Prozent Wuestum hu mer ronn 100 000 Leit manner déi Kotisatioune bezuele wéi wa mer véier Prozent Croissance hätten.
De Wuesstem: zwee oder véier Prozent?
An ech soen iech – och wa keen et wëllt héieren: Eise Pensiouns- a Renteniveau, dee mer haut hunn a mar kréien, ass nëmmen ze hale wa mer net zwee mee véier Prozent Wuestum an deenen nächste Joerzéngten hunn, wa mer am Joer 2020 395 000 aplaz 291 000 Cotisanten hunn, wa mer am Joer 2020 zu 520 000 si statt wéi bei zwee Prozent Wuestum zu 470 000.
Ech akzeptéieren datt keen dat wëllt héieren, ech akzeptéieren net, datt ee mer seet, ech géif dat nëmme soen, well ech de Rentner am Privatsekter keng Rentenerhéijung géif vergonnen. Ech soen dat just, fir datt jiddfereen am Privatsekter an am öffentleche Sekter weess, datt d’Erhalung vun eisem Renten- a Pensiounsniveau ee Wuesstum vun duerchschnëttlech véier Prozent néideg mécht. Ech soen dat net eréischt haut, ech soen dat konstant zënter 1996 – ouni, wéi ech muss zouginn, heibannen an am Land op oppen Ouere gestouss ze sinn.
Ech si mat deem aktuelle Pensiounsniveau beim Staat a mat deem neie Renteniveau, dee mer am Privatsekter kréien d’accord. Si si mëttelfristeg, wann d’Entwécklung esou viru geet wéi s’an deene leschten zwanzeg Joer verlaf ass, finanzéierbar. Mee ech soen am Numm vun der Regirung dat hei : wann eis Wirtschaftsleeschtung an deenen nächste Joren esou ofhëlt, datt déi laangfristeg Renten- a Pensiounsfinanzéierung net gesëchert wier, wäerten déi, déi haut an der Regirung sinn, sech derfir asetzen – egal wou se sinn, an der Regirung oder an der Oppositioun – datt d’Moossnahme geholl ginn, fir s’erëm ze sécheren.
Dës Moossnahme wäerten net d’Mindestrenten an déi sougenannten Hongerrente betreffen – all Parteien hate virun de leschte Wahlen hirt Eropsetze versprach. Si ginn elo verbessert, si gi méi spéit net verschlechtert. Mee wa mer déi strukturell Verbesserungen am Privatsekter an de Pensiounsniveau beim Stat wëllen iwwer d’Distanz bréngen, da brauche mer wirtschaftleche Wuesstum, Aarbechtsmaart-expansioun an an der Folleg dovu Bevölkerungswuesstum.
D’Renten an d’Pensioune gi vun der Wirtschaftskraaft finanzéiert
D’Renten an d’Pensioune gi vun der Wirtschaftskraaft finanzéiert, vun de Leit déi an der Ekonomie schaffen, net vun der Abildungskraaft vun de Politiker. Déi sollen hir Imaginatioun notzen, fir d’Viraussetzungen ze schafen, datt d’Wirtschaft kontinuéierlech awer nohalteg wiisst. Déi sollen de Courage hunn, Fuerderunge vun haut un hire Konsequenze fir mar ze moossen. D’Konsequenz vu muencher Rentefuerderung vun haut ass de 700 000-Stat vun iwwermar. A moins, datt mer ee Wee fanne, fir eis Renten a Pensiounen anescht wéi iwwer Kotisatiounen a Steieren, dat heescht iwwer Aarbechtsplazen a wuessend wirtschaftlech Aktivitéit, ze finanzéieren.
Wa mer eis eens géife ginn, Kurskorrekturen am Renten- a Pensiounsberäich virzehuele wa se noutwendeg ginn, dat heescht, wa mer zesumme géife verhënneren, datt een allzevill staarkt Wirtschaftswuesstum sech zu lëtzebuerger Statsraison pervertéiert, da gewanne mer Gestaltungsfräiheet an Zukunftssouverainetéit zréck. Da wuesse mer ëmmer nach séier – mir däerfen aus ville Grënn keng volontaristesch Politik vum negative Wuestum maachen. Mee da brécht eis net alles zesummen, wa mer méi lues wéi ganz séier géife wuessen. Mee och, wa mer méi lues wéi ganz séier wuessen, wa mer eis also am Rythmus vun deene leschten 200 Joer bewegen, hëlt eis Bevölkerung zou a kréie mer eng Populatioun vun iwwer 500 000 Leit an den nächsten zwee Jorzéngten.
Et wier gutt, wa mer eis op deen Zäitraum konzentréiere géifen. Dat ass d’Aufgab déi d’Verantwortung fir d’Land eis operleet, déi d’Entwécklung eis zouweist an déi mer dofir och akzeptéiere mussen: déi nächst zwanzeg Joer gestalten, ouni déi Zäit dono duerch imperativ an irreversibel Virfestleeungen esou ze hypothekéieren, datt déi kommend Generatiounen ënnert hirer Laangzäitfinanzéierung zesummenzebrieche riskéieren. Dat maachen, dat vu sech selwer an deenen aneren ze verlaangen, dat ass net d’Flucht aus der Géigewaart an d’Zukunft. Dat ass net d’Ried vun engem, dee sech just an der wäiter Zukunft wëllt bewegen. Dat ass d’Ried vun engem, dee weess, datt een haut keng richteg Decisioun huele ka wann een net probéiert, sech déi nächst Joren auszemolen.
Net Paradis a net Häll
Et kann een d’Liewe vun haut net vum Liewe vu mar trennen. D’Géigewaart pecht un der Zukunft. Eng Regirung, ee Parlament, d’Leit alleguer kënne se net vunenee rappen. Hätte mer an der Vergaangenheet – ech soen dat fir eis alleguer – bei eisen Decisioune méi un d’Zukunft an un hir demographesch Entwécklung geduecht, dann hätten d’Zäite vun haut besser kënne preparéiert ginn a mir bräichten eenzelne Problemer net nozelafen. Ech wëll net, datt eis Nofolger méi mat deenen Aufgabe beschäftegt sinn, déi mir net erleedegt hunn, wéi mat deenen déi sich hinne wäerte vum selwe stellen.
520 000 Awunner am Joer 2020 : dat ass net d’Paradis an dat ass net d’Häll. Dat ass net d’Paradis well d’Qualitéit vum Liewe verbessert sech net spontan, automatesch a parallell mat an zur Awunnerzuel. Dat ass net d’Häll: d’Zuel vun de Leit ass emsou méi irrelevant wéi d’Qualitéit vun hirem Zesummeliewe besser ass. D’Liewensqualitéit an d’Qualitéit vum Zesummeliewen : ronderëm dës Grondnotioune musse mer Politik ausriichten. Si sinn och de Stoff aus deem d’Nohaltegkeet gemaach gëtt. Nohaltegkeet, fir datt se kann zur Riichtschnouer vun der Politik ginn, brauch Moossinstrumenter, iwwerpréifbar Wäertermëttlungen, vérifiabel, fiabel an awer och upassbar Indikateuren.
Iwwer dës Indikateuren an Objektiver – ewéi iwwer d’Nohaltegkeet iwwerhaapt – wëllt d’Chamber am Juni debattéieren an decidéieren. Et wier falsch wann d’Regirung de Konklusioune vun där Debatte géif virgräifen, obschonn et méi nëtzlech gewiescht wier d’Debatte iwwer d’Nohaltegkeet där iwwer d’Lag vum Land virzeschalten. Wa mer déi Indikateure festgeluecht hunn – si mussen am wiesentlechen ekonomeschen, ekologeschen a sozialen Usprëch gerecht ginn -, da musse mer eis ee Mechanismus an eng Plaz gi wou all Aspekter vun der Nohaltegkeet zesummegefouert kënne ginn. Mir wäerten d’Ariichte vun engem « Conseil supérieur du Développement durable » virschloen, an deem de « Conseil supérieur de l’Aménagement du Territoire » opgeet. Wéinst sengem horizontalen Aufgabemix gëtt e vum Staatsminister presidéiert a vun de Landesplanungs- an Ëmweltministeren animéiert.