Austausch mat indigene Communautéiten aus dem Amazonas

Am Virfeld vun der Weltklimakonferenz COP 30 hate  Vertrieder vun de 390 indigene Communautéiten aus dem brasilianeschen Amazonas-Gebitt, ënnerstëtzt vu Greenpeace, e Rendez-vous mam Jeff Boonen, Ricardo Marques an dem Françoise Kemp aus der CSV-Fraktioun.

Am Mëttelpunkt vum Gedankenaustausch stoung de Schutz virum illegalen Ofholzen, dem net-gesetzlechen Ofbau vu Ressourcen, Landraub an aner Forme vun Ausbeutung vum Reebësch, déi de Liewensraum vun de Mënschen a Gefor bréngen, de Klimawandel weider verschäerfen an d’Biodiversitéit menacéieren. Betount gouf d’Wichtegkeet vum EU-Reglement géinnt d’Deforestatioun. “Mir stellen déi Veruerdnung net a Fro”, huet de Jeff Boonen betount.

Op der Dagesuerdnung stoung och d’Fro vum Mercosur-Handelsaccord.