
Beim traditionellen Déjeuner de Presse huet de Fraktiounspräsident Marc Spautz zesumme mat den Deputéierten op een erfollegräicht Parlamentsjoer zreckgekuckt. Hien huet déi gutt Zesummenaarbecht mam Koalitiounspartner DP ervirgehuewen. Ënnerstrach huet de Marc Spautz och d’Steierentlaaschtunge, mat dene d’Kafkraaft fir Jonk an Al gestäerkt gouf an déi cibléiert Mesuren, fir der Aarmut entgéintzewierken – mam steierfräie Mindestloun an den Steiererliicherunge fir Ellengerzéier a Wittleit.
Dass et der Regierung gelongen ass, de Sozialdialog erëm ze beliewen, huet de Fraktiounschef esou kommentéiert: «Et ass wichteg a gudde wéi a schlechten Zäiten, dass de Sozialdialog fonctionéiert. Lëtzebuerg huet am Sozialdialog ganz vill erreecht.»
Iwwer d’Steierreform mat der individueller Besteierung, wou déi grouss Prinzippie virgestallt goufen, sot hien: «Do wäerten nach verschidden Adaptatioune kommen, well et och fir eis wichteg ass, dass déi familiär Situatioun berücksichtegt bleift.»