Relance vum Sozialdialog – E staarkt Zeeche vum Zesummenhalt

No enger intensiver Reunioun vun 11 Stonne mat de Sozialpartner huet de Premier Luc Frieden an der Chamber en éierlechen a konstruktive Bilan gezunn. Zil war et, de Sozialdialog erëm ze stäerken an e wichtege Blockage auszeraumen: D’Regierung wäert deemno kee Gesetzprojet virleeën, deen d’Roll vun de representative Gewerkschafte bei de Kollektivverträg ännert. Domat gouf de Wee fräigemaach fir nees mateneen ze schwätzen. Och bei der Pensiounsreform weist sech d’Regierung oppen, fir Propositioune vun de Sozialpartner anzebauen, mam Ziel, d’Pensioune laangfristig ofzesécheren. 
E weidere Sujet war d’Organisatioun vun der Aarbechtszäit, déi elo am CPTE diskutéiert gëtt. Eng nächst Reunioun tëscht Regierung a Sozialpartner ass schonn nächste Méindeg. 

“Mir hunn de Wee rëm beienee fonnt. D’Sozialpartner schwätze mateneen.
Et ass en Deel vun enger Politik, fir d’Land fir d’Zukunft ze preparéieren”, esou nach de Luc Frieden.

Als fréiere Gewerkschaftler huet den CSV-Fraktiounschef Marc Spautz d’Wichtegkeet vum Nolauschteren an dem Respekt vis-à-vis vun anere Perspektiven ervirgehuewen. D’Regierung hätt gewisen, dass se kann diskutéieren an och nolauschteren. Hie warnt virun enger Politik vu Gewënner a Verléierer – Dialog soll viru Polarisatioun stoen. Dës Reunioune sinn de Startpunkt fir eng nei Dynamik, net d’Enn.
“Als CSV wësse mir, Léisunge musse matenee geschafe ginn, fir dass se nohalteg sinn. D’Majoritéit kann decidéieren, mee de
soziale Fridde kann een net einfach vun uewen erof dekretéieren”, esou de Marc Spautz.

“D’Politik kann eppes brénge, wa mer een op deen aner lauschteren. Et kënnt net ëmmer direkt zu Resultater, mä et ass awer laangfristeg am Interêt vu jidderengem, wann een all déi Decisioune kann am Dialog matenee fannen.”