Rapport vun der Caritas-Spezialkommissioun

D’Chamber huet an de leschte Méint an enger Spezialkommissioun ënnert der Presidence vum CSV-Deputéierte Charel Weiler, de Caritas-Skandal opgeschafft a Konklusioune gezunn. Dës Woch gouf de Rapport vun där Kommissioun virgestallt an debattéiert.
Fir de Charel Weiler ass et wichteg, dass déi politesch Prioritéite vun der CSV ëmgesat goufen. Déi national Aktivitéite si weider gelaf an déi 15’000 Beneficiaire konnten esou weiderhin gehollef kréien. Déi Honnerten Aarbechtsplaze vun der Caritas konnten awer och bei der neier Struktur HUT erhale bleiwen. D’Regierung huet mat hirem Handelen nom Skandal och derfir gesuergt, dass keng ëffentlech Gelder an déi falsch Hänn geroden.

Et goung der Spezialkommissioun net drëm, fir mam Fanger op een ze weisen, mä fir Froen opzeschaffen.

“Fir all déijéineg, fir déi et zielt, huet sech quasi näischt geännert. D’Hëllef kennt weiderhin un. D’Strukturen halen. Keen steet haut eleng do”, esou de Charel Weiler. 
De Premier Luc Frieden huet betount, dass hien a seng Regierung frou sinn, dass all d’Aktivitéite vun der fréierer Caritas zu Lëtzebuerg konnten erhale bleiwen. Hien huet och een Appel gemaach fir d’Vertrauen an de Sekteur net futti ze maachen. D’Regierung géif all Dag ganz gutt mat villen ONG’en zesumme schaffen.
Liest hei och de Pressecommuniqué vun der CSV-Fraktioun :