
D’Finanzkommissioun huet de Rapporter fir d’Budgetsgesetz 2025/26 bestëmmt: D’Propose vun der CSV gouf confirméiert, dem Maurice Bauer dës Aufgab unzevertrauen.
“Et ass mir eng grouss Freed, dëst éierevollt Mandat ze iwwerhuelen”, seet de CSV-Deputéierten.
D’Schwéierpunkte vum Budgetsrapport ëmschreift de Maurice Bauer esou:
“Dës Koalitioun huet schonn e ganze Koup geleescht! Am Mëttelpunkt vun eiser Politik steet de Bierger. Ech wëll ervirsträichen, wat de Staat de Leit u Hëllefen, Entlaaschtungen a Leeschtunge bitt. Mä ech wëll mech och domat auserneesetzen, wat gutt ukënnt an awer nach kéint verbessert ginn.”
De Maurice Bauer wäert sech an der Kräizung vun der Finanz- a Sozialpolitik beweegen. «Dat reflektéiert d’Schwéierpunkte, déi och mäi berufflecht a politescht Liewe gepräägt hunn.”
Hei de Pressecommuniqué:
20250701 Communique de presse Budgetberichterstatter 2025
Kuckt och de Video: