Potenzial vun der Défense-Industrie: CSV trëfft Chambre de Commerce

Zwee Prozent vum RNB fir d’Défense schonns an dësem Joer,
dat huet de Premierminister Luc Frieden a senger Ried zur Lag vun der Natioun annoncéiert.
D’Chambre de Commerce ass prett: An engem Strategiepabeier leien Iddie vir, wéi déi Depensen dem Land a senger Wirtschaft zegudd komme kënne, mat engem Potenzial vu bis zu 2.000 neien Aarbechtsplazen.
D’Recommandatioune sinn op groussen Interessi bei den Deputéierten Alex Donnersbach, Laurent Mosar, Emile Eicher an dem Jeff Boonen gestouss.
Et huet sech e liewegen Echange entwéckelt, wéi déi  Propose kéinten konkret ëmgesat ginn. “Interessant Projeten zéien och interessant Leit un”, dat war e Constat, de vu beed Säiten gedeelt gouf.