De Ricardo Marques hat de Sujet KO-Drëpse scho viru kuerzem an enger parlamentarescher Fro thematiséiert. Wéi wichteg deene Jonken dat Thema ass huet sech bei enger rezenter Entrevue an der CSV-Fraktioun konfirméiert
D’Deputéiert Françoise Kemp a Ricardo Marques haten ee ganz intressanten Austausch mat véier Studentinne vun der 3ème, Sektioun Entrepreneuriat, Finance et Marketing (CN) vun der Ecole Commerce et Gestion (ECG). Luisa, Félicie, Alicia an Eléonore. Si schaffen un enger innovativer Mini-Entreprise, fir d’Präventioun ze stäerken a fir net mat KO-Drëpsen a sengem Gedrénks ausser Gefecht gesat ze ginn a Gewalt ze erfueren – am schlëmmste Fall sexuell Gewalt.
Bal jiddereen an hirem Bekanntekrees war schonns emol mat KO-Droge konfrontéiert. „Betraffener trauen sech net, doriwwer ze schwätzen“, sot d‘Alicia. „Et erstaunt eis, dass esou wéineg Preventioun gemaach gëtt.“
D’Donkelziffer ass ganz héich, hunn déi zwee Deputéiert konfirméiert. „Mir huelen dat ganz eescht a wäerten eis asetzen, fir déi jonk Leit méi géint KO-Drëpsen ze protegéieren an Affer besser ze encadréieren“, huet de Ricardo Marques betount.