D’Aarbechtsrecht, de Sozialdialog an de Betriber mat virop dem Kollektivvertragswiesen an d’Erausfuerderungen an der Securité Sociale (Pensiounsdebatt, CNS-Budget, Absenteismus) stoungen am Mëttelpunkt vum Gespréich tëscht Vertrieder vun der Union des Entreprises Luxembourgeoises an der Fraktioun. D’UEL appelléiert, dass de Wirtschaftswuesstem, d’Kompetitivitéit an d’Produktivitéit éischter schwaach gi sinn, de Chômage am Gaang ass ze klammen an den Emploi just nach um 1 % eropgeet – 3,4,5 % wiere vun de Betriber gewënscht. De wichtegste Punkt wier d’Moderniséierung vum Aarbechtsrecht, esou d‘UEL.
Suerge bereet der UEL an der Sozialversécherung, dass Depense vun der CNS zanter 2018 all Joers um op mannst 8 % klammen. Dat geng zum Problem ginn, wann den Emploi manner séier wiisst wéi an der Vergaangenheet.
Marc Spautz, Diane Adehm, Jeff Boonen, Octavie Modert, Maurice Bauer a Laurent Mosar hunn sech mat Interessi d’Doleancen a Proposen – och fir eng Reform vum Pensiounssystem – am Detail erkläre gelooss.