Léif Parteifrëndinnen, léif Parteifrënn,
Am Numm vun der CSV a vun der CSV-Fraktioun invitéiere mir Iech ganz häerzlech op den Neijoerschpatt Donneschdes den 9. Januar 2025 um 18.30 Auer am Centre Culturel “Syrkus“ zu Rued-Sir. Den Accueil ass vun 18.00 Auer un.
Mir bieden Iech, Iech unzemellen bis Mëttwochs den 8. Januar 2025 iwwert dëse Link: UMELDUNG CSV NEIJOERSCHPATT 2025 oder um 22 57 31 1
Op dëser Säit fannt Dir all wichteg Informatioune ronderëm den Neijoerschpatt.
Adresse
Centre Culturel «Syrkus»
20 Route de Luxembourg
L-6910 Roodt-sur-Syre
Navette
Wëll d’Zuel u Parkplaze limitéiert ass, biede mir Iech, eis Navetten ze benotzen, déi vum Cactus Rued-Sir (18, rue Strachen L-6933 Mensdorf) fueren.
D’Navette fuere vu 17.30 bis 22.30 Auer all 5-10 Minutten.
Parkméiglechkeeten um Site
Um Site vum Centre Culturel “Syrkus” ginn et verschidde Parkméiglechkeeten. Op dëser Säit fannt Dir eng Iwwersiicht vun dësen.
- Blo: Hei kann zu all Moment geparkt ginn.
- Rosa: Hei ka réischt ab 18h30 geparkt ginn.
De Centre Culturel ass mat engem Krees op der Kaart markéiert.
Mir freeën eis zesumme mat Iech all an dat neit Joer ze starten.
Luc Frieden
President
Marc Spautz
Fraktiounspresident
Françoise Kemp & Alex Donnersbach
Generalsekretären