Ried vum Diane Adehm zum Budget 2025
Här President,
Als Éischt wollt ech der Budgetsrapportrice felicitéieren fir een excellenten a ganz interessante Budgetsrapport.
Als Virgängerin an dëser Roll weess ech ganz, wéi vill Aarbecht esou ee Rapport bedeit an wéi vill Stonnen, Deeg a Wochen ee muss investéieren.
Wat interessant ass, dass d’Budgetsrapportrice mat hirem Sujet Kënschtlech Intelligenz do ugefaangen huet, wou ech d’lescht Joer opgehalen hunn.
D’Themen, déi ech behandelt hunn, besonnesch déi teschnesch, verknäppe sech och gutt mam Thema vun der kënschtlecher Intelligenz, well se eng Viraussetzung sinn, respektiv eng direkt Verbindung mat der KI hunn.
Här President,
Ech wéilt mat e puer Statistiken ufänken. De Fonds monétaire international huet fir d’Joer 2023 bei 174 Länner nogekuckt, a wéi fern se prett si fir kënschtlech Intelligenz.
Déi gutt Noricht ass, dass Lëtzebuerg sech hei op enger exzellenter 11. Plaz am Gesamtklassement placéiert.
Alles wat d’Ethik am Beräich vun der KI ugeet, ass Lëtzebuerg esouguer op der 2. Plaz, bei den Infrastrukture si mir op der 5. Plaz a bei der Politik vum mënschleche Kapital an der Aarbechtspolitik si mir op der 10. Plaz.
Wat awer d’Innovatioun an d’Intégration économique ugeet, si mir nëmmen op der 27. Plaz.
Hei besteet also nach ganz vill Handlungsbedarf.
D’Regierung huet an hirem Koalitiounsaccord festgehalen, e Schwéierpunkt op d’KI ze leen an der Fuerschungspolitik. Ausserdeem soll de legale Kader vun den ëffentleche Fuerschungszentren (CRP) iwwerschafft ginn an hir Zesummenaarbecht verbessert ginn.
Dëse Mount goufen och d’Verwaltungsréit vun den dräi CRP erneiert, esou wéi d’Gesetz dat virgesäit. Mir sinn also gespaant, wat sech an der ëffentlecher Fuerschung hei am Land iwwert déi nächste Joren wäert veränneren
D’Regierung schafft och weider un der digitaler Inklusioun fir all eis Bierger. Dës ass eng wesentlech Viraussetzung fir den Erfolleg vun engem digitale Lëtzebuerg, mat enger staarker KI-Plattform.
Här President,
Ech wéilt och kuerz op verschidde Ministèren ze schwätze kommen, wou een net onbedéngt no Digitaliséierung oder KI denkt, mee wou awer grad dëse Volet ëmmer méi wichteg gëtt an Zukunft.
Ech denken do un den Ëmwelt-, Klima- an Biodiversitéitsministère.
Ech denken awer och un eis Landwirtschaft an eise Wäibau. Och hei spillt d’Digitaliséierung eng wichteg Roll am Alldag. Dobäi denken ech net nëmmen un d’Digitaliséierung vun de Prozeduren. Ganz konkret denken ech do z.Bsp. u Melk-Roboter déi mëttlerweil schon op de meeschte Bauerenhäff zum Asaz kommen. Hei gi ganz vill a wichteg Donnéeën iwwer all eenzelt Déier gesammelt.
Ech denken awer och un d’Satellitten, déi ënnert anerem och Donnéeën iwwer d’Wieder sammelen. Laut Experten kann d’KI hëllefen, extrem Wiederphänomäner, déi mam Klimawandel wäerte méi heefeg ginn, méi genee virauszesoen. Dëst wäert eis erlaben, eis besser op dës Phänomener virzebereeden.
Dës si wichteg Informatiounen esouwuel fir d’Baueren respektiv Uebst- a Geméisbaueren, wéi fir d’Wënzer.
Ech denken awer och un « intelligent » Maschinen déi Planzen erkennen an och hëllefen de Planzeschutzmëttelasaz ze reduzéieren.
An ech denken un d’KI am Energieberäich. Si kann hëllefen, fir d’Produktioun vun erneierbaren Energien besser ze steieren, an och den Stroumréseau optimal ze plangen.
Här President,
E weidere Ministère bei deem d’KI scho méi lang ukomm ass, ass den Inneministère.
D’Digitaliséirung vum Ministère a vun de Gemeng wäert weider iwwer d’Plattform e-Mint lafen.
Zënter 2022 ginn déi éischt Konzepter u KI am Inneministère benotzt. Algorithmen hëllefen hei bei der Kontroll vu Budgetsartikele vun de Gemengen. Et geet drëm, fir administrativ Virgäng ze vereinfachen.
Den 21. März 2024 gouf den Inneministère fir seng innovativ Testversioun mat dem « Certificate of Good Practice » vum « European Public Sector Award » EPSA ausgezeechent. En Zertifikat op deen den Inneminister zu Recht stolz ass.
Iwwer déi nächst Jore schafft de Ministère drun, souwuel legislativ wéi och organisationnel e Kader fir d’KI am Echange mat de Gemengen ze schafen.
D’Approbatioune vu Gemengendécisiounen oder Subside fir Gemengeninfrastrukture wäerte mat der KI méi séier traitéiert kënne ginn an dofir och fir méi Simplification administrative suergen. Eis Buergermeeschtere wäert dëse Punkt freeën!
Och um Niveau vun de Gemengen gëtt schon deelweis KI benotzt.
Déi sougenannten Smart Cities oder op lëtzebuergesch d’Intelligent Stied, suergen z. Bsp. dofir, dass d’Luuchten an engem ëffentleche Park zum richtege Moment un oder aus sinn, oder d’Waassersprenkler richteg agesat ginn. Dëst ass fir d’Verschwendung ze verhënneren an dem Bürger optimal Systemer zur Verfügung ze stellen.
Och verschidde Waassersyndikater benotzen haut scho KI fir z. Bsp. Waasserfuiten ze entdecken.
Här President,
Och bei der bannenzegter Sécherheet ass d’KI en Thema. Eng modern Police brauch net nëmme genuch Personal oder adequat Infrastrukturen, mee och e modernt Équipement. An zu dësem modernen Équipement gehéiert d’Digitaliséirung.
D’KI kann d’Police aktiv ënnerstëtzen an hëllefen, vill méi zäiteffizient ze schaffen. Hei gëtt evaluéiert, a wéi enge Beräicher d’KI fir d’Police ka vun Notze sinn. Dëst ka bei der Bild-Erkennung bei der Sich no Täter de Fall sinn oder bei der Auswäertung vun gréissere Fotodateien.
Aktuell si schonn eng limitéiert Unzuel u käschteflichtege KI-Lizenzen am Beräich Iwwersetzung a Nummereschëld-Erkennung am Asaz. Dës KI kann op de Polizisten hirem Déngschthandy installéiert ginn.
Am Résume kann duerch d’KI dem Polizist seng Aarbecht am Alldag vereinfacht ginn, an dëst esouwuel bei redaktionellen Aarbechten wéi och bei der Auswäertung vun Daten. MEE: D’Sécherheet, d’Fiabilitéit an d’Protektioun vun den Donneeën muss eng absolut Prioritéit sinn.
An, last but not least, och beim CGDIS kënnt d’KI zum Asaz. Hei ass eng séier an effikass Prise en charge vun de Besoinë vun de Bürger essenziell.
Am Beräich vun den Aarbechten um Einsatzleitsystem gëtt dofir och analyséiert, inwiefern d’KI den 112 bei der Prise en Charge begleeden an entlaaschte kann.
Och am Beräich vun der Aide à la décision wäert d’KI iwwer déi nächst Joer verstäerkt agesat ginn, z. Bsp. Um niveau vun der Noutfallversuergung vu Patienten.
Schlussendlech lafen och Projete fir Telefonater un den 112 ze iwwersetzen, fir eiser ëmmer méi polyglotter Bevëlkerung Rechnung ze droen an esou eng méi séier Prise en charge ze erreechen.
Här President,
Ech kommen zeréck op mäin eegene Budgetsrapport.
Wéi ech fir mei Budgetsrapport d’Pisten fir d’Diversifizéierung vun eiser Wirtschaft opgezeechent hunn, war ech zur Konklusioun komm, dass eist Land d’Pozential huet, fir een Hub fir KI a Machine learning ze ginn.
Als Viraussetzung hat ech d’Rechekapazitéit genannt duerch den sougenannten High Performance Computing, dee mir duerch de Meluxina an d’Uni LU am Land hunn.
Et freet mech, dass mir eis Kräften an deem Secteur bündelen a mat der Platform “Supercomputing.lu” de Betriber, besonneg de PME, an de Fuerscher den Accès op déi Rechekapazitéit erliichteren.
Och bidd Luxinnovation eng Hëllef u fir d’Betriber, déi wëllen op dës Kapazitéiten fir Innovatiounszwecker zeréckgräifen, an och déi néideg Begleedung.
Eng aner Viraussetzung, fir een Excellenzzentrentrum fir Supercomputing an KI ze ginn, ass d’Cybersécherheet.
D’Cyberkriminalitéit as eng Bedroung fir Privatpersoune, Firmaen, a fir eist Land am Allgemengen. Als Land musse mir eis dogéint verteidegen, an déi rezent Cyberattack op d’Serveuren vun der Regierung huet bewisen, dass dës Gefor reell ass.
Feindlech Acteuren, déi oft am Optrag vun anere Länner agéieren, sinn eng Realitéit an dowéinst musse mir nach vill besser ginn an der Cybersécherheet.
Och do gouf scho Viraarbecht geleescht mam House of Cybersecurity an dës Regierung wëll och do weider agéieren, och fir kleng a Mëttelbetriber besser ze sensibiliséieren an ze schützen.
D’Schafe vum House of Cybersecurity ass och do ee wichtege Schratt. De Premierminister an déi delegéiert Ministesch fir Connectivitéit a Medien sinn sech dësen bewosst an hunn sech am Kader vun der Visite an dësem Kompetenzzentrum virun engem Mount och fir ee méi wichtege Rôle vun dësem Haus fir Cybersécherheet staark gemaach.
Déi nei Oplag vun der National Strategy on Cybersecurity ass an der Maach a wäert deem och Rechnung droen. Doranner hu mir vollste Vertrauen an eise Premierminister an eis delegéiert Ministesch fir Connectivitéit a Medien.
A wa mir scho bei der delegéierter Ministesch fir Connectivitéit a Medie sinn, an hirer Funktioun als Justizministesch dreift si konsequent d’Moderniséirung an d’Digitaliséirung vun der Justiz weider. Dozou gehéiert och den elektronëschen Austausch tëschent de verschiddenen Justizautoritéiten.
Här President,
Den HUB fir KI ass och amgaang, hei ze entstoen, no der Firma Pony.ai, mat deem eis Regierung eng letter of intent ënnerschriwwen huet, hu mir méi déi nächst exzellent Nouvelle virun e puer Deeg kritt.
D’Budgetsrapportrice hat et och gescht an hirer ugeschwat gehat. Mam Konsortium Meluxina-AI huet eist Land den Zouschlag kritt, fir eent vu 7 sou genannten AI factories an Europa ze bilden. Domat ënnersträiche mir eis Virreider-roll an der EU esou wuel am Supercomputing ewéi och an der KI. D’Kapazitéit vum Euro High Performance Computing, dem Netzwierk vu Super-Computeren, wäert mat dëser KI Fabrik verduebelt ginn.
Här President,
D’KI wäert ee groussen Impakt op den Aarbechtsmaart hunn, an eis ass et wichteg, dass keen op der Streck bleift.
Laut enger rezenter Etude vun Eurostat hunn nëmmen 60% vun de Leit tëschent 16 an 74 Joer hei zu Lëtzebuerg genügend numéresch Kompetenzen.
Och wa mir, wéi ugangs gesot, op enger gudder 10ter Plaz vun 174 Länner si wat d’Aarbechtspolitik um Niveau vun der KI ugeet, esou därfe mir eis net op dëse Lorbiiren ausrouen.
D’Weiderbildung vun de Mënschen spillt eng zentral Roll a muss weider gefërdert ginn.
Dës Regiergung investéiert an d’Formation continue, an de sou genannte re-skilling an den upskilling. D’Arbeitnehmer mussen op déi Technologesch Verännerungen virbereed ginn, an dëst net nemmen fir d’KI. Och fir d’Besoins vun eiser Wirtschaft. Den Arbechtsminister, zesumme mat der ADEM, schaffe mat Nodrock fir dësen upskilling a re-skilling konsequent virun de ze dreiwen an dëse Budget gëtt hinnen déi néideg Moyens. D’KI wäert an Zukunft och hëllefen, fir déi zukünfteg Besoins um Arbechtsmart fréizäiteg ze erkennen.
Här President,
D’Rapportrice ass op deen enorme Potenzial vun der KI am Gesondheetswiesen agaang.
Och mir erkennen dëst Potenzial a sinn der Meenung, de Staat soll sech déi néideg Moyene ginn, d’KI an der Medezin ze verbreeden, dëst besonnesch an der Preventioun an am Diagnostik.
D’Gesondheetsministesch Martine Deprez wärt dofier suergen, dass eis zukünfteg Spideeler den Entwécklunge vun der KI Rechnung droen.
Hei siew nach eng Kéier drop higewisen, dass am Budget fir d’nächst Joer folgend Ausgabe virgesinn sinn:
- Neibau CHL 43,5 Milliounen
- CHEM Südspidol 10 Milliounen
- Urgences Nordspidol 8 Milliounen
- 7,9 Milliounen fir en national Strategie fir e-Santé.
Zu dëse Beträg kommen nach eng Kéier 156 Milliounen Euro fir de Fonds hospitalier dobäi.
Här President,
Erlaabt mir och op een anere Secteur anzegoen, deen emmer méi wichteg gëtt, an zwar d’Defense.
D’Regierung huet sech am Koalitiounsaccord engagéiert, bis 2028 1% vum PIB an d’Defense z’investéieren a mëttelfristeg op 2% vum RNB ze kommen.
Dësen Engagement huet dës Regierung nach an d’Luucht gesat, fir schonn am Joer 2030 2% vum RNB ze erreechen.
De leschte Weekend ware Membere vum US Congress zu Lëtzebuerg a mir haten länger an äusserst interessant Gespréicher mat hinnen. Hir Haaptfuerderung u Lëtzebuerg war, fir eisen Effort Défense erop ze setzen an nach méi séier op déi 2% vum RNB ze kommen.
Mam Krich an der Ukrain, dee leider keen Enn kritt, an dem Retour vum Donald Trump am wäissen Haus, komme mir als Europäesch Unioun net derlanscht, eis Gedanken iwwert eis gemeinsam Verdeedegung ze maachen, an och opzerüsten.
Den Invest an d’Infrastruktur vun der Arméi, déi mir scho gestëmmt hunn, an besonneg deen neie Fuhrpark, deen dee gréissten Invest an der Geschicht vun der Arméi duerstellt, ware wichteg Schrëtt.
Här President,
Mir wënschen eis, dass mir an Zukunft bei Investitioune fir eis Verdeedegung och e Wee fannen, fir eis Wirtschaft mat ze ënnerstëtzen.
Dofir musse mir eng Defense-Industrie opbauen a stäerken.
Dobäi solle mir eis op eis Kompetenzen beruffen. Sief et an der Telekommunikatioun, an der Weltraumtechnologie an an der Cyber-défense, fir der eng Rei opzezielen.
Mir sollen eis Industriebetriber encouragéieren an ënnerstëtzen, fir an der Waërteketten vun der Defense-Industrie eng wichteg Roll ze spillen. E puer Betriber si scho präsent an dorop solle mir opbauen.
D’Direction de la Défense huet zesumme mat Luxinnovation déi bestoend Betriber an enger Publikatioun repertoriéiert, an daat begréisse mir. Domat ass genee gewosst, wou d’Rees kann higoen a punkto Industriepolitik fir d’Defense.
Außerdeem huet d’Défenseministesch sech engagéiert, wa si an Zukunft de finanzielle Bilan vun hire groussen Investitiounsprojetën an der Budgetkontrollkommissioun virstellt, och de Return on Invest op eis lëtzebuerger Wirtschaft ze chiffréieren, natierlech just do wou et och méiglech ass alles ze chiffréieren.
Mir wëllen dofir, dass wann eise Staat an Zukunft Milliounen a Milliarden an d’Defense investéiert, dass een ëmmer méi groussen Deel vun deem Geld an eis Wirtschaft investéiert gëtt an domat eisem Land an de Leit, déi hei wunnen a schaffen ze gutt kënnt.
Här President,
A méngem Rapport hat ech och de Schwéierpunkt op Space Defense geluecht, an do niewt Luxeosys a Govsat och d’Roll vun der SES ënnerstrach.
Et ass ze bedaueren, dass d’SES hei Plazen ofbaut an et ass ze bezweifelen, op eng Auslagerung an Indien wäert hëllefräich sinn, fir mat Defense-kontrakter virun ze kommen. Dëst kéint, virun Allem bei Defensekontrakter mat den USA zu Schwieregkeete féieren.
Dofier mäin Appel un de Staat als Actionnaire, fir d’SES op deem richtege Kurs ze behalen, well si ass a bleiwt ee wichtegen nationalen Acteur.
Här President,
Léif Kolleeginnen a Kolleegen,
A méngem Rapport hunn ech ënnerstrach, wéi ee Bäitrag eis Finanzplaz zu eisem Wuelstand an zu der Gesondheet vun eise Staatsfinanzen bäidréit.
Eis Banken- a Fongeplaz huet dëst Joer excellent Resultater gehat, an d’Projektioune fir d’Recetten goufe wäit iwwertraff.
Dat erlabt et deser Regiergung, d’Leit substanziell ze entlaaschten an och de Betriber eng Steiererliichterung ze ginn, wéi mir et mam Entlaaschtunspak déi läscht Woch gestëmmt hunn.
Mir ginn eiser Finanzplaz och de legale Kader, dee se brauch, andeems mir zaitno déi relevant EU-Reglementatiounen ëmsetzen a Punkto Blockchain an Daisy Chains.
D’Emsetzung vun der Reglementatioun iwwer Crypto-aktiva kennt am neie Joer no.
Mir hunn d’Ambitioun, first mover ze sinn, an och déi Aktivitéiten op Lëtzebuerg ze bréngen, mat deem adäquate Schutz fir d’Investisseuren.
Eis Finanzplaz entwéckelt sech weider a mir dreiwen dës Entwécklung konsequent virun.
Mir profitéieren awer och vun eiser Finanzplaz fir Gelder ze drainéiere fir an aaner wichteg Beräicher vun eiser Wirtschaft z’investéieren. Esou goufen am Fréijoer dëst Joer 19,4 Milliounen Euro vun esouwuel ëffentleche Betriiber wéi och vu privaten Investisseuren an dat 2. Kompartiment vum Digital Tech Fund gestach. Dës 19,4 Milliounen Euro ginn a Firmen investéiert déi manner aal si wéi 7 Joer an déi digital Produkter oder Servicer entwéckelen.
Esou stellen ech mir eng konkret Zesummenaarbecht tëschent verschiddene Secteuren hei zu Lëtzebuerg vir.
Här President,
Eis Finanzplaz, eise Supercomputing an eisen künftege KI Hub brauchen Talenter.
Dofier ennerszträichen ech d’Wichtegkeet vum Entlaaschtungspak, an deem mir d’Prime participative erhéigen an domat Ureizer schafen, fir konkret talent attraction ze machen. En aanert Stéchwuert ass hei de Régime d’Impatriés.
Dëse Punkt aus dem Koalitiounsaccord hu mir bannent deem éischte Joer ëmgesat.
An deem anere Volet, deen och massgäblech zu der Talent Attraction an Talent Retention bäidréit, ass de Logement.
Wunnraum schafe fir déi Leit, déi hei sinn, an déi Leit déi wellen a musse kommen.
Mam paquet logement a mam paquet « méi a méi séier bauen » hu mir direkt Mesure geholl, fir kuerz- mëttel a laangfristeg am Wunnengsbau virun ze kommen.
D’Mesuren aus dem paquet logement haten ee spierbaren Impakt an der Vente vu Bestandswunnengen.
Am VEFA war den Impakt manner grouss, an dowéinst ginn dee méi generéise bëllegen Akt fir Eegenheem an dee bëllegen Akt fir de Locatif, esou wéi deen héigen amortissement accéléré an déi méi niddreg Besteierung vun der Plus-Value bis de Juli 2025 verlängert.
Mat den Zënsen, déi viraussichtlech weider wäerte faalen, erwarde mir eis, de Wunnengsbau nees unzekuerbelen.
En net onwichtege Punkt an der Attraktioun vun Talenter op Lëtzebuerg sinn och de Sport an d’Kultur. D’Leit déi op Lëtzebuerg schaffe kommen, hätten och gäer eng gudd Offer fir hir Freizäit, siew et op kulturellem Plang, siew et op sportlechem Plang. Esouwuel de Sportminister wéi och de Kulturminister schaffen aktiv heirunner.
Här President,
Dës Regierung schafft mat Nodrock um Ausbau vun Kompetenznichen fir eist Land, fir et a Punkto Zukunftstechnologien optimal ze positionéieren.
Dës Regierung schafft fir d’Leit an d’Betriber ze entlaaschten, am Kader vun enger verstänneger Finanzpolitik. Stéchwuert Entlaschtungspak.
Dës Regierung bréngt nei Talenter an nei Betriber op Lëtztebuerg.
A genee déi Politik ënnerstëtze mir als CSV Fraktioun. Am Asaz fir d’Zukunft vun eisem Land, mam Mënsch am Mëttelpunkt.
Ech soen Iech Merci fir d’Nolauschteren.