
D’Gemenge sti viru groussen Erausfuerderungen. Sou gëtt zum Beispill d’Aarbecht vun de Gemengepolitiker ëmmer mei komplex. Aus dësem Grond ass et wichteg, sech mat anere Gemengen auszetauschen – sou wei lo schonns all d’Membere vun de Chrëschtlech-Soziale Gemengeréit (CSG) dat maachen.
D’CSV-Kandidaten, déi bei Gemengewalen d’CSV vertrieden, sinn alleguer Member vun der CSG. Mélanie Grün ass zënter Dezember 2023 déi nei CSG-Presidentin.
Hei kënnt der déi ganz Fräi Tribun, déi op RTL an um Radio 100,7 gelaf ass, nach eng Kéier lauschteren: