“Ech well jonk Frae fir d’Politik motivéieren”

Frae sinn an der Lëtzebuerger Politik ëmmer nach staark ënnerrepresentéiert. Sou sinn an der Chamber bei 60 Mandater, just 8 mat jonke Frae besat. Mee wisou ass dat sou? De Sujet an dëser Fräi Tribün: Jonk Fraen an der Politik.

Marthe Scharfe ass zënter Dezember 2023 d’Presidentin vun de Chrëschtlech-Soziale Fraen (CSF). D’CSF regroupéiert all Fraen, déi Member an der CSV sinn a stellt e bësse méi ewéi een Drëttel vun alle Membere vun der CSV (ronn 36 Prozent).

Hei kënnt der déi ganz Fräi Tribün, déi op RTL an um Radio 100,7 gelaf ass, nach eng Kéier lauschteren.