Firwat ass d’Orange Week leider nach ëmmer néideg

Laut UNO sinn am Joer 2020 weltwäit méi wei 89.000 Fraen a Meedercher ëmbruecht ginn. Dat ass deen héchsten Niveau zënter 20 Joer. An 55 Prozent vun de Fäll war den Täter de Partner oder koum aus der Famill.

Akut ass dee Problem och hei am Land. Mee net nëmmen op Gewalt géint Fraen a Meedercher muss opmierksam gemaach ginn, well och Gewalt géint Männer ass eng batter Realitéit zu Lëtzebuerg. Wichteg Theemen, déi net nëmmen an deenen zwou Woche vun der Orange Week am Mëttelpunkt vun der Politik a Gesellschaft stoe sollen. Dofir setzt sech d’CSV an, seet Ana Pinto, Member vum CSV‐Nationalkomitee an de Chrëschtlech‐Soziale Fraen.

Hei kënnt der déi ganz Fräi Tribun, déi op RTL an um Radio 100,7 gelaf ass, nach eng Kéier lauschteren.