Den Ukaf vum K22 – E schlechten Deal fir de Steierzueler

Mir kënnen dëse Kaf net guttheesche well mir keng Plusvalue dra gesinn, zumindest keng fir de Staat.

Mir hunn e grousse Problem domat datt dat heiten e schlechten Deal fir de Steierzueler ass, an dat an enger Krisenzäit wou laut Aussoe vun der Finanzministesch déi ëffentlech Keesen ëmmer méi eidel sinn, well et e Präis ass deen total iwwert dem Marchéspräis läit, wa mir dann dem Prinzip vum Kaf iwwerhaapt géifen zoustëmmen.

Mat dëser Immobilientransaktioun huet de Staat iwwert 273,5 Milliounen Euro  un e Weltkonzern bezuelt. Ee Weltkonzern, deen dës Suen net brauch an dat och nach fir ee Gebai, dat de Staat guer net net brauch.

 

Lauschtert déi ganz Fräi Tribün vum CSV-Deputéierten Laurent Mosar hei :