CSV steet zum Sozialdialog an zu der Tripartite

Am Kader vun enger Regierungserklärung huet de Premier Xavier Bettel een Dënschdeg Detailer zum neisten Tripartite-Accord ginn, deen de selweschten Dag ënnerschriwwe gouf. D’CSV begréisst, dass d’Leit elo deelweis entlaascht ginn an dass d’Betriber gehollef kréien esou de Gilles Roth. D’Richtung stëmmt also, mä d’Zil ass nach net erreecht huet de Co-Fraktiounspresident betount. Mir brauchen an Zukunft méi eng serieux a strukturell Steierpolitik, déi der breeder Mëttelschicht méi Kaafkraft gëtt.
Vun am ganzen 8 Indextranchen aus de leschte Joeren, ginn der och just 2 an der Steiertabell berücksichtegt an dat, wat d’Leit elo kréien hunn se scho viirfinanzéiert, esou d’Kritik vum Gilles Roth, deen och betount huet, dass dës Entlaaschtung vun de Leit just duerch dem Drock vun de Gewerkschaften an der CSV zu Staan kënnt. Dat gesäit bëssen no Torschlusspanik virun de Walen aus.
Positiv wier donieft nieft de Mesuren am Logement, dass den Indexsystem och an Zukunft integral soll zum Droe kommen. An deem Kontext ass et och wichteg, dass d’Entreprisen ënnert d’Ärem gegraff kréien, wëll wat notzt een Index-System, wann d’Betriber en net kënne bezuelen oder souguer mussen zou maachen.
D’CSV steet also zu der Tripartite, déi Synonym fir soziale Fridden ass.