Parlamentaresch Rentrée um Krautmaart

An der éischter Seance an der Chamber gëtt et dann och ee Changement bei der CSV.

D’Elisabeth Margue, 32 Joer al, Präsidentin vun der CSV, ass zënter haut Member vun der CSV-Fraktioun an der Chamber.
Mir freeën eis op eng gutt Zesummenaarbecht.
Dem Viviane Reding, déi hire Récktrëtt aus der Politik am September ugekënnegt huet soen mir villmools Merci fir hiert laangt politescht Engagement!