Méi mateneen am Beräich vum Logement

D’CSV huet an de leschte Joren aktiv mat Iddien a Gesetzproposen matgeschafft. Leider ginn dëse Proposen net wierklech kommentéiert a scho guer net analyséiert. D’Propose fir déi ganz Zivilgesellschaft am Beräich vum erschwéngleche Wunnengsbau beieneen ze bréngen an domat och de privaten Acteur, stéisst am Logementsministère an och an der Logementskommissioun op daf Oueren an op eng gréng Wunnengsbau-Ideologie.

All Mënsch deen um Territoire vum Grand-Duché liewt, soll sech eng Wunneng kënne leeschten.

Lauschtert déi ganz Fräi Tribün vum Deputéierten Marc Lies hei :

20220704 Tribune libre CSV Marc Lies