Finanzéierungsgesetz fir d’Aktioun Superdreckskëscht!

Oppositioun freet Enquête-Kommissioun

„Den Ëmweltministère verbitt sech – an der Allgemengheet – Asiicht an Transparenz am Dossier Superdreckskëscht. An dat bei engem Marché vun iwwer 100 Milliounen Euro“, sou de Gilles Roth an der Chamber. „D’CSV fuerdert eng lückenlos Opklärung.“

An deem Sënn hunn déi 4 Oppositiounsparteie d‘Chamber geschlosse via Resolutioun opgefuerdert, eng Enquête-Kommissioun am Dossier Superdreckskëscht anzesetzen: „Blo-Rout-Gréng ka jo domat ënnersträichen, dass et hinne wierklech em Transparenz geet.“

Usproch a Wierklechkeet …

Dat war de Schluss vum Gilles Roth senger Ried zum Finanzéierungsgesetz fir d’Aktioun Superdreckskëscht. Ugefaangen hat hien se mat engem Auszuch aus dem Walprogramm vun „Déi Gréng“ vun 2018: „Mehr Transparenz macht Politik nachvollziehbar und ermutigt Bürgerinnen und Bürger sich einzubringen.“

De Gilles Roth huet der Regierung am Allgemengen an dem grénge Koalitiounspartner am Besonnesche virgeworf, genau de Contraire ze maachen: „Den Dossier Superdreckskëscht ass vollkommen intransparent. Mir sollen elo hei iwwer e Gesetz ofstëmmen, fir d’Superdreckskëscht ze regulariséieren. Mee a Wierklechkeet sollt et ni zu engem Gesetz kommen. An dat obwuel e Gesetz opgrond vum Gesamtbetrag duerch Artikel 99 vun der Verfassung virgeschriwwen ass. Am initiale Kontrakt vun 2017 goung et ëm ëmmerhin 97 Milliounen Euro.“

E Blanko-Scheck vun elo 112 Milliounen Euro

Fir d’CSV gëtt hei e Blanko-Scheck vun elo 112 Milliounen Euro ausgestallt: „Fir e Kontrakt, deen et enger Firma erlaabt, souwuel Berodung wéi och Schulung an Transport a Saachen Dreck ze maachen. An dat maachen mir als CSV net mat. All déi Aarbechte goufen net getrennt ausgeschriwwen, mee als ee globale Marché. Hei ginn d’Gesetzer bewosst gebéit!“, sou de Gilles Roth weider.

Am Gesetz vun 2005 zur Aktioun Superdreckskëscht heescht et: „Les candidats à retenir ne doivent pas être collecteur ou transporteur de déchets ou avoir des participations dans une société qui a comme objet la collecte et/ou le transport de déchets.“ Déi genannte Firma krut um Enn awer den Optrag, an dat iwwer e Sous-traitant am eegene Firmegeflecht. „Eng Asiicht an dëst Firmegeflecht gëtt et awer net. Dat ass bis dato vum Emweltministère net erwënscht. Sou gi mir mat Lëtzebuerger Steiersuen em!“, sou de Gilles Roth weider.

Aner Elementer vun der Ried waren den nëmme partiellen Audit am Dossier SDK, de manuelle Facturatiounssystem vun der Firma, Feeler a komesch Redressementer an der Comptabilitéit souwéi d’Kontroll vun de Facturen duerch den Direkter vun der Ëmweltverwaltung. An domatt net genuch: Den Numm Superdreckskëscht ass vun der Firma op hiren Numm enregistréiert, de Chef vun der ganzer Entreprise ass de Pätter vum Meedche vum Direkter vun der Emweltverwaltung an deem säi Fils gëtt als Chef vun der „Akademie SDK“ ouni Publikatioun vum Posten agestallt. „Et muss ee sech hei wierklech d’Fro stellen, ob all des Faiten net strofrechtlech relevant sinn.“

CSV fuerdert Neiausschreiwung vum Marché

Nieft Enquête-Kommissioun a lückenloser Opklärung vum Dossier Superdreckskëscht huet d‘CSV eng Neiausschreiwung vum Marché gefuerdert, eng Motioun fir de Rescht vun der Lafzäit vum Kontrakt deposéiert an drop insistéiert, dass dee Marché muss an eenzel Lousen ausgeschriwwen ginn (Berodung, Transport, Formatioun). „Mir hätte gären an der Tëschenzäit, dass een Audit iwwert d’Finanzflëss tëscht der Haaptentreprise an deem ganze Firmegeflecht gemaach gëtt.“

„Déck un der Zäit, bei Blo-Rout-Gréng kräfteg ze lëften“

Mat Bléck op dem Etienne Schneider seng Ausso „Mir mussen d’Fënstere grouss oprappen an de Mief vu Joerzéngten CSV-Virherrschaft lass ginn“ sot de Gilles Roth: „D’Leit erwaarden haut zu Recht eng wierklech nei an transparent Politik mat oppene Fënsteren. A net méi eng Dunkelkammer, mat zouene Jalousien, déi ee soss ëmmer anere virgeworf huet. Bei allen Affären wier et déck un der Zäit, dass bei Blo-Rout-Gréng emol kräfteg géif gelëft ginn.“

Um Schluss vun der Diskussioun huet de Gilles Roth sech mat dëse Wierder un d’Majoritéitsvertrieder geriicht: „En Vue vum zukünftege Verfassungstext, dee virgesäit, dass mat de Stëmme vun 20 Deputéierten eng Enquête-Kommissioun kann agesat ginn, appelléieren ech un d’Majoritéit, déi entspriechend Resolutioun matzedroen.“

Resultat : 31 zu 29 dogéint. Dont acte.