CSV Life – D’Emissioun vum Januar 2022

CSV LIFE 9

Deen éischten CSV LIFE fir 2022 kënnt aus der Fusiounsgemeng Rouspert/Mompech, wou de Buergermeescher Romain Osweiler, an déi zwee Schäffen Stéphanie Weydert a Patrick Hierthes hir Gemeng presentéieren an iwwert den Challenge Gemengewalen 2023 schwätzen, wa Rouspert/Mompech vum Majorz- an de Proporzsysteem wiesselt.

D’Michèle Kayer, Kannerkoktesch a Gemengeréitin vun Diddeleng befaasst sech mam Sujet Kanner a Corona.

De Max Hengel gouf um Krautmaart als neien Ostdeputéierten vereedegt.

An d’Aktioun Superdreckskëscht ass e weidere Sujet. Oder vill méi de Kontrakt tëscht dem Ëmweltministère an dem Bedreiwer Oeko-Service Lëtzebuerg, deen 2018 em 10 Joer verlängert gouf. Souwuel den Avis vun der cellule scientifique vun der Chamber grad wéi och den Avis vum Maître Steichen kënnt zur Konklusioun, datt dee Kontrakt keng legal Basis huet.