Fir eng allgemeng Impfflicht elo

 

Mir kënnen net weider fueren all puer Méint eis Gesellschaft erëm nei anzegrenzen, erëm anzespären. Eis Meenung ass kloer : Mir si fir eng allgemeng Impfflicht elo direkt an net eréischt an e puer Méint. Mir kënne mat de Propose vun den Experten just dann liewen, wann et kloer ass datt et eng éischt Etapp ass, a well mer an eisen Aen jo iergendwou mussen ufänken. An e puer Wochen mussen déi nächst Etappen hannendru kommen.

Déi detailléiert Motioun vum Deputéierten Claude Wiseler fann dir hei :

Motion Obligation vaccinale FINAL