D’CSV stellt d’Kanner an de Mëttelpunkt vu senger Politik!

D’Wuelbefanne vun de Leit ass zanter Jore Prioritéit vun der CSV. A grad dowéinst ass et fir eis als CSV och wichteg ze wëssen, wéi et eise Kanner geet. Net just an der Pandemie, och doriwwer eraus. D’Wuelbefanne vun de Kanner ass e Barometer fir d’Wuelbefanne vum Land. Mee wësse mir eigentlech präzis, wéi et eise Kanner geet ? Hu mir eng national Vue op de Bien-être vun eise Kanner.

 

Mir wëllen d’Kanner an de Mëttelpunkt vun der Politik stellen ! Mat konkrete Proposen, fir dass all Kand d’Chance op eng gutt Entwécklung huet;

D’Deputéiert Françoise Hetto-Gaasch a Serge Wilmes hunn sech intensiv mat dësem Thema befaasst, an am Kader vun hirer Interpellatioun eng Rei vu Pisten opgezeechent :

-D’Schafe vun enger Datesammlung mat enger Analyse vum Wuelbefanne vun de Kanner a Jugendlechen zu Lëtzebuerg

-D’Ënnerstëtzung fir Elteren an zukünfteg Elteren ze erweideren

  • Erweiderung vun der Gamme vu Servicer wéi “BabyPlus” an alle Gemengen
  • Verschécke vun « Eltern-Kind Briefe » an all Gemengen
  • Schafe vun enger zentraler Online Säit wou all nëtzlech Informatiounen an Hëllefsofferen ze fanne sinn

-Weider Moossname fir de « Work Life Balance » ze verbesseren, dëst duerch méi flexibel Modeller vum Congé parental an der Deelzäitaarbecht

-Qualitéitssécherung vun der Kannerbetreiung an de Crèchen a Maisons relais wéi och bei Dageselteren

-Opwäertung vun der Aktivitéit vun den Dageselteren als Alternativ zur Crèche a Maisons relais

  • Finanziell Opwäertung vun der Aarbecht vun den Dageselteren

-D’Schoul an hirer Roll als Ënnerstëtzungsinstitut stäerken

  • D’Schafung vun engem eegene schoulpsychologesche Service fir d’Grondschoulen

-Méi Opklärung iwwert d’Risiken an Ëmgang mat de soziale Medien

-Méi Sensibiliséierung fir Theme wéi ; mentaler Gesondheet, Mobbing, Mëssbrauch a Suizidrisiko bei Kanner a Jugendlecher.

 

Klickt héi op di eenzel Dokumenter:

Proposition de loi Bien-etre

Motions 1-4 Bien-être Pressemitteilung

Bien-être Proposition de loi Bien-etre