D’Wuelbefanne vun de Leit ass zanter Jore Prioritéit vun der CSV. A grad dowéinst ass et fir eis als CSV och wichteg ze wëssen, wéi et eise Kanner geet. Net just an der Pandemie, och doriwwer eraus. D’Wuelbefanne vun de Kanner ass e Barometer fir d’Wuelbefanne vum Land. Mee wësse mir eigentlech präzis, wéi et eise Kanner geet ? Hu mir eng national Vue op de Bien-être vun eise Kanner.
Mir wëllen d’Kanner an de Mëttelpunkt vun der Politik stellen ! Mat konkrete Proposen, fir dass all Kand d’Chance op eng gutt Entwécklung huet;
D’Deputéiert Françoise Hetto-Gaasch a Serge Wilmes hunn sech intensiv mat dësem Thema befaasst, an am Kader vun hirer Interpellatioun eng Rei vu Pisten opgezeechent :
-D’Schafe vun enger Datesammlung mat enger Analyse vum Wuelbefanne vun de Kanner a Jugendlechen zu Lëtzebuerg
-D’Ënnerstëtzung fir Elteren an zukünfteg Elteren ze erweideren
- Erweiderung vun der Gamme vu Servicer wéi “BabyPlus” an alle Gemengen
- Verschécke vun « Eltern-Kind Briefe » an all Gemengen
- Schafe vun enger zentraler Online Säit wou all nëtzlech Informatiounen an Hëllefsofferen ze fanne sinn
-Weider Moossname fir de « Work Life Balance » ze verbesseren, dëst duerch méi flexibel Modeller vum Congé parental an der Deelzäitaarbecht
-Qualitéitssécherung vun der Kannerbetreiung an de Crèchen a Maisons relais wéi och bei Dageselteren
-Opwäertung vun der Aktivitéit vun den Dageselteren als Alternativ zur Crèche a Maisons relais
- Finanziell Opwäertung vun der Aarbecht vun den Dageselteren
-D’Schoul an hirer Roll als Ënnerstëtzungsinstitut stäerken
- D’Schafung vun engem eegene schoulpsychologesche Service fir d’Grondschoulen
-Méi Opklärung iwwert d’Risiken an Ëmgang mat de soziale Medien
-Méi Sensibiliséierung fir Theme wéi ; mentaler Gesondheet, Mobbing, Mëssbrauch a Suizidrisiko bei Kanner a Jugendlecher.
Klickt héi op di eenzel Dokumenter: